Weltwäit ginn d'Insektenaarten zeréck an domat och all déi Déieren, déi sech vun hinnen ernieren. D'Iddi vun der biologescher Statioun war et, fir am urbane Raum Flächen opzebauen, wou sech nees verschidden Insekten- a Blummenaarten usidelen, seet de Marc Thiel vum SIAS.
D'Gemenge beroden
Et ass een am zweete Joer vun dësem Projet, bei deem elo 18 Gemenge matmaachen. Schlësseldatum war awer den 1. Januar 2016. Vun do un dierfen d'Gemengen hei am Land net méi mat Pestizide schaffen. D'Fro huet sech gestalt, wéi een d'Gestioun un dës Bedéngungen upasst.
De Gemengesyndikat SIAS huet si dobäi ënnerstëtzt a beroden, fir hir urban Flächen duerch Blummewisen opzewäerten an nëmmen nach ee- bis zweemol am Joer ze méien. Esou kënnen d'Blummen nees an d'Bléi kommen an hir Funktioun als Pollen- an Nektarspender fir Beien a Päiperleken erfëllen. Donieft spuert d'Gemeng Käschten, wa manner dacks a méi spéit geméit gëtt, esou de Marc Thiel.
Fauchage tardif ass net onuerdentlech
Hie bedauert, datt zu Lëtzebuerg Flächen, déi net geméit ginn, dacks als onuerdentlech ugesi ginn. Mëttlerweil hätten d'BiergerInne vun de Gemengen, déi matmaachen, awer de Sënn vum Projet verstan.
Et wieren zwar alles nëmme kleng Flächen ëm déi et géif goen, mee wann een all déi Flächen zesumme géif rechnen, géife si schonn e groussen Undeel ausmaachen an e Bäitrag zum Naturschutz leeschten.
Et wier donieft och wichteg, Blummemëschungen ze benotzen, déi un de Standuert ugepasst an heemesch sinn. Soss géife si den Insekten net vill notzen.