Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bluttrünstegt Raubdéier?

Wollef

Bluttrünstegt Raubdéier?

D'Mënsche missten erëm léiere mam Wollef ze liewen, seet de Roger Schauls vum Mouvement écologique. Analysen hunn nogewisen, datt am Juli aacht Schof vun engem Wollef gerass gi sinn. Dem Biolog no ass de Wollef e wichtege Regulateur vun de Wëld- a Beembestänn am Bësch. Fir de Mënsch wier de Wollef net geféierlech.

auto_stories

3 min

Roger Schauls

D'Schof, déi Mëtt Juli tëscht Holzem a Garnech op enger Wiss gerass gi sinn, goufen Affer vun engem Wollef. Dat hunn DNA-Prouwe vum Spaut vum Déier op de Schof erginn. De Proprietaire vun de Schof kritt eng finanziell Entschiedegung. No 124 Joer ass de Wollef zréck an de Lëtzebuerger Bëscher ass.

"Dat war net déi beschten Entrée vum Wollef a Lëtzebuerg, fir esou e Massaker ze maachen", seet de Biolog a Mataarbechter vum Mouvement écologique. De Roger Schauls hätt léiwer gehat, en Naturfotograf wier dem Wollef als éischt begéint. De Wollef hätt sech esou presentéiert, wéi en an de Käpp vun de Leit wier - als bluttrünstegt Raubdéier, dat Routkäppercher, Schof a Geessen iwwerfält a sech am Blutt wänzelt. Et géif an der Natur vum Wollef, wéi och vun anere Raubdéiere leien, fir esoulaang Déieren dout ze maachen, bis si net méi wibbelen. Dat wier säin Instinkt. U sech wier de Wollef awer e scheit Déier.

"Mënsch net Beuteschema vum Wollef"

D'Presenz vum Wollef zu Lëtzebuerg géif verschidde Konflikter mat sech bréngen. Mä d'Gesellschaft misst nees léieren, mam Wollef ze liewen. D'Bild vum Wollef an de Käpp misst änneren. Et wier en Atout, fir an enger Natur ze wanderen, déi eng wierklech Natur ass, wou et och grouss wëll Déiere géif ginn.

Dem Biolog no géif de Wollef keng Gefor fir de Mënsch duerstellen. Och net fir Kanner. "A priori evitéiert de Wollef de Kontakt mam Mënsch. Et ass an de leschte 50 Joer an Europa kee Fall bekannt, wou e Wollef muttwëlleg Mënschen ugegraff hätt." Dee Risiko kéint ee mat grousser Wahrscheinlechkeet ausschléissen. Bei tollwütege Wëllef wier dat anescht - esou wéi och bei aneren tollwütegen Déieren. "Ech kann Iech soen, et gi mat Sécherheet méi Kanner ugegraff vun Hënn, wéi vu Wëllef". De Biolog mengt net, datt de Wollef Kanner géif ugräifen.

Fir Hënn, déi fräi duerch de Bësch lafen, géif e Risiko bestoen, well de Wollef den Hond als Rival am Revéier gesäit.

Bedreeung fir Notzdéieren

De Wollef wäert eng ganz Rëtsch vu Konflikter an der Gesellschaft mat sech bréngen. Besonnesch déi kleng Notzdéierhalter a Leit, déi als Hobby puer Schof halen, géife riskéieren a Konflikt mat engem Wollef ze kommen. "Jidder Schof a Geessenziichter kann Entschiedegunge kréien, fir Zénkdréit ze finanzéieren, fir sech géint de Wollef ze schützen". Am Fall wou e Schof vun engem Wollef gerass gëtt, huet de Proprietaire eng finanziell Entschiedegung zegutt.

"Mir mussen eben erëm léieren, fir mat grousse Beutegräifer eens ze ginn an en Ëmgang mam Wollef ze léieren". Am Land géifen d'Joer zeg Schof vu fräilafenden Hënn gerass ginn.

Regulateur vun der Biodiversitéit

"Zu Lëtzebuerg gëtt eng enorm héich Dicht vu Réi an Hirschen. Wat katastrophal Konsequenzen op d'Regeneratioun vum Bësch huet", seet de Roger Schauls. Hien hieft dem Wollef säi regulatoreschen Impakt op d'Biodiversitéit ervir.

Esou géifen d'Réi sech gezielt déi Planzen eraussichen, déi hinnen am Beschte schmaachen. Meeschtens wären dat déi seelen a jonk Bamaarten. Doduerch géif d'Vilfalt vun der Aartenzesummesetzung vum spéidere Bësch eliminéiert ginn. Och bei den héije Wëllschwäinbestänn, déi an de Maisfelder leien, kéint de Wollef eventuell "e bëssen opraumen".

Et misst een domadder rechnen, datt sech mat der Zäit an Nordwesteuropa Rudelle wäerte bilden. Am aktuelle Fall zu Lëtzebuerg hätt een et mat engem isoléierte Wollef ze dinn. Männlech Déiere kënne bis zu 1.500 Kilometer ewech vun hirem Ursprongsgebitt wanderen.