Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Brasilianesch Postkaarten

De Schrëftsteller Guy Helminger um Tour

Brasilianesch Postkaarten

De Schrëftsteller Guy Helminger ass nach ëmmer a Brasilien ënnerwee. Datt hie schreift wousste mir schonn, mee dat hien och gären an der Kiche steet, nach net. Mee gedronk a giess gëtt iwwerall, och zu São Pedro de Alcântara, wou déi Leit liewen, deenen hir Virfaren am 19. Joerhonnert vu Lëtzebuerg an Däitschland ausgewandert sinn.

auto_stories

6 min

Lapa heescht dat Véierel zu Rio de Janeiro, wou net nëmmen déi berühmt Trap vum chilenesche Sculpteur Jorge Selarón ass, Träppleke voller Plättercher mat Motiver aus aller Welt, mee och de Restaurant vum Projet Gastromotiva. Et ass eng Géigend, déi Charme huet, awer och zimlech erofkomm ass.

E spezielle Restaurant ...

Vill Leit hu keen Daach iwwer dem Kapp a genee fir déi kacht Gastromotiva all Owend. Vu bausse gesäit de Restaurant e bëssche wéi e Bunker aus, ouni Fënsteren; vu bannen ass e vun engem zeréckhalende Chic, modern, jo hip, mat héijem Plafong, wou eng sëlleche Luuchten erofhänken, wéi wann en Designer um Wierk gewiescht wier.

En absolut normale Restaurant, mam klengen Ënnerscheed, datt d'Gäscht net bezuelen an net all ze dacks esou iessen. Ech hëllefen deen Owend an der Kichen, schneiden Ënnen, fëllen eng Entrée aus schwaarze Bounen an d'Jatten, verdeele Stécker Poulet iwwer de Räis a geschnëppelt Prommen nieft eng Mousse, dat Ganzt fir 90 Leit.

... an e speziellen Owend

Deen Owend ass e speziellen, well déi, déi dës Kéier fräiwëlleg hëllefen an zerwéieren, berühmt brasilianesch Sportler sinn, wéi de Basketballspiller Anderson Varejão, deen an der NBA an an der brasilianescher Nationalmannschaft gespillt huet oder d'Turnerin Jade Barbosa, déi 2007 d'Bronzemedail bei Olympia gewonnen huet.

Et gëtt net nëmme gutt giess, mee d'Leit freeë sech wéi verréckt, sangen a laachen. Déi, déi fest hei schaffen, si geléiert Käch. D'Iesse kënnt all Dag aus de Supermarchéen, Saachen, déi grad ofgelaf sinn, déi géifen ewechgehäit ginn, obwuel se tipptopp sinn. Eng super Initiativ, déi ech kann empfeelen, wann Dir eng Kéier zu Rio sidd, d'Copacabana Iech brong genuch gebrutzelt hutt an der wëllt hëllefen.

Gestrache Subsiden

Deen aneren Dag sinn ech schonn zu Florianópolis, treffe mech mam Renato Turnes an dem Milena Moraes, déi den Theaterensembel Lavaca leeden. Am Moment hu si keng Ahnung, wéi et weidergoe soll. Zanter den neie President de Kulturministère an den Educatiounsministère zesummegeluecht huet, sinn d'Subside gestrach.

Eng schlecht Zäit fir Kënschtler a ganz Brasilien. Dobäi ass hei zu Florianópolis d'Theaterzeen souwisou scho kleng. An noer d'Zukunft gëtt et vläicht guer keng méi.

(Nei)brasilien

Mat der Zukunft huet och meng nächst Rees ze dinn, wann ee sech zeréck an d'Joer 1829 denkt. Well deemools sinn hei d'Migranten aus Däitschland, Lëtzebuerg, Éisträich an der Schwäiz ukomm, hunn an der absoluter Wildnis versicht, eppes ze planzen an ze iwwerliewen.

Zéng Joer ass et elo hier, datt ech de Roman "Neibrasilien" geschriwwen hunn, an elo stinn ech tatsächlech do, wou meng Figuren et ni hi gepackt hunn. São Pedro de Alcântara heescht déi däitsch Kolonie, däitsch, well deemools keen Ënnerscheed gemaach gouf tëschent den eenzele Regiounen, mee just op d'Sprooch gekuckt gouf an dofir sinn déi vu St. Vith geneesou wéi déi vu Klierf oder vu Basel als Däitsch duerchgaangen.

Eng Verbonnenheet mat Däitschland

Éier déi éischt Haiser opdauchen, fueren de Gustavo Goedert an ech duerch eng Entrée, wou lénks e Relief mat enger blonder Madamm am Schiertech hänkt, déi grad am Gaangen ass en Deeg unzeréieren a riets en Här, deen een als e Klischee-Bayer kënnt bezeechnen, mat rouder Nues an engem uerdentlechen Humpen. Laanscht d'Strooss eng konzentréiert subtropesch Vegetatioun, Niwwel hänkt an de Beem d'Hiwwelen erop, heiansdo schéisst eng Palm dertëschent an den Himmel.

Dem Gustavo seng Virfaren hunn dës Kolonie matgegrënnt. Hien huet lëtzebuergesch Wuerzelen a bedreift Ahnefuerschung. Schonn am Auto mierken ech, dat hie méi iwwer de Minett an d'Éislek weess wéi ech. Fachwerkhaiser leie verstreet an der Géigend. D'hëlze Pottoe fir d'Elektresch sinn op Broschthéicht mat de Faarwe vum däitsche Fändel bemoolt, verlängert mat enger grénger Sträif fir Brasilien.

Erënnerungen un déi éischt Migranten

Iwwer der klenger Stad trount eng Kierch mat enger imposanter Kuppel, riicht eriwwer fléisst de schmuele Floss Marium, wat Moustique an der Sprooch vun den Indianer heescht. Virun der Gemeng waarde schonn de Buergermeeschter Erni Stähelin a seng Fra Isabelle op mech, de Kulturattaché Daniel Knabben Silveira, deem säin Auto, e VW-Käfer, wéi e Konschtwierk virun der Dier steet, mat engem Plastiksfliger an engem Mini-Surfbriet um Daach, engem Nummereschëld vu Koblenz un der Dier an engem Stéck Suedel iwwer em Rad, an den Aderbal Philippi, e weideren Ahnefuerscher, dee scho vill Bicher iwwer déi deemoleg Migratioun geschriwwen huet.

An der Mëtt vun der Stad gëtt a Form vun Tafelen a Saile mat den Nimm vun den éischte Migrante vun 1829 erënnert. D'Leit deemools ware komplett isoléiert, kréien ech erkläert, hu keng Hëllef kritt, bei Null ugefaangen. Si hu mat der Zäit zwar Handel mat de Brasilianer gedriwwen, mee soss kee Kontakt gehat. Si hu just hir Sprooch geschwat, haten däitsch Schoulen, déi si selwer opgebaut haten, bis si am Zweete Weltkrich zerstéiert goufen an d'Leit verbuede kritt hunn, Däitsch ze schwätzen.

Zwou Säite vun der Geschicht

Vläicht ass grad dofir nach haut esou eng staark Verbonnenheet mat Däitschland do, eng Verbonnenheet, déi op een, dee vu bausse kënnt, komesch wierkt. Zu Florianópolis gëtt et och Stëmmen, déi soen, déi Däitsch géife sech ofgrenzen an d'Brasilianer ofleenen. Dovunner hält de Gustavo awer näischt an ech lauschtere mir déi zwou Säiten un a stelle Froen. Däitsch si virun allem Saachen a Gebräicher aus Bayern, obschonns kee vun do koum: d'stengen Humpen, d'Oktoberfest, den Dirndl.

Awer mam Buschauffer hunn ech Muselfränkesch geschwat. En huet wéi e raschtege Lëtzebuerger geklongen. Nomëttes war ech op Besuch bei der Madamm Pitz. Si huet aus dem klengen Haischen, wou d'Eltere gewunnt hunn e private Musée vun där Zäit gemaach. Haut ass si räich a virun der Residenz läit e private Séi. Si duecht bis viru Kuerzem, hir Virfare wieren aus Däitschland komm, huet virun engem Mount gesot kritt, déi wieren aus Lëtzebuerg. Elo flattert virun der Dier nieft dem brasilianeschen an dem däitschen och de Lëtzebuerger Fändel. De selwer gebrannte Brandy, dee si zerwéiert ass aus brasilianeschem Zockerrouer gemaach, op der Fläsch steet Schnaps an ech soe Prost a Merci.