Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Brexit - E Symptom vun eiser Zäit?

Prisma

Brexit - E Symptom vun eiser Zäit?

Virun zwou Woche war et d'Fro, op de Boris Johnson e gudden Adept vum Machiavelli wär. D'lescht Woch ass et dorëm gaangen, wat de Machiavelli eis zu der ganzer Brexit-Problematik kéint soen. Den Thomas Koenig sech d'Fro gestallt, wéi eng Bezéiungsproblemer tëschent Politik an Zivilgesellschaft duerch esou Situatiounen opgeworf ginn

auto_stories

7 min

De Philosoph Thomas Koenig setzt sech mam Boris Johnson auserneen. Foto: Archiv

Wann ee Machiavelli liest, kritt een d'Gefill, datt am Theater vum politesche Muechtkampf déi wichteg Saachen hanner de Kulisse passéieren, an net op der Bühn selwer. De Boris Johnson steet awer an der Mëtt vun der Bühn a liwwert eng net ganz stellaresch Performance: hie wierkt deementspriechend medioker. Mee dat läit och vläicht un eiser Zäit.

Haut gëtt et keng Kulisse méi, vu datt all Informatioun quasi zu all Moment verfügbar ass. Mee op der anerer Säit ass dat dann och vläicht déi richteg Method, fir haut un d'Muecht ze kommen, oder se ze halen. Seng eege Kuliss opbauen, seng eege Story ze zielen, egal, wat déi aner Leit dozou soen. Dat gesi mir da wuel an den nächsten Deeg oder Wochen, wéi de Boris Johnson dat mécht, a wourëm et him dann elo wierklech geet.

Mee wa mer scho bei Froe sinn, déi schwéier ze beäntwere sinn, hei sinn der nach e puer.

Kënnen d'Bierger der Politik vertrauen?

Kënnen d'Bierger der Politik vertrauen? A passt op, d'Fro ass hei net, ob d'Bierger de Politiker vertraue kënnen. Et geet hei ëm de System.

De moderne Staat baséiert jo op der Iddi vum Gesellschaftsvertrag, d. h. datt den Herrscher am Interessi vum Untertan agéiert, an datt den Untertan sech och esou behëlt, datt den Interêt commun gestäerkt gëtt. Oder, fir et méi modern auszedrécken, eng Regierung soll sech dorëm këmmeren, datt d'Konditioune geschafe ginn, datt d'Bierger hiert Liewen a Sécherheet an a Fridde kënne féieren.

Eng Fro vum System?

Mee wat bedeit dat an enger Demokratie, wou politesch Parteien eng géint déi aner untriede mussen? Ass et do iwwerhaapt vernünfteg ze mengen, datt d'Politik sech nach ëm d'Interesse vun all Mënsch këmmere kann? Well heiansdo ass et jo méi clever, sech als Partei e klore Profil ze ginn an da stellt sech d'Fro, ob een e Programm opbaue soll, dee sech un all Mënsch riicht, oder un déi Leit, vun deenen ee sech erhofft, d'Stëmm ze kréien.

Gutt, do kéint een dann elo mam Argument kommen, datt mir déi Problemer net hätten, wa mir keng Demokratie hätten. Wa mir een Herrscher hätten, deen zum Beispill als opgekläerten Despot handele géif, da géife sech déi Froen net stellen. Den Herrscher kéint herrschen a misst sech net froen, ob en déi nächst Legislaturperiod net an der Oppositioun géif landen. Dat ka jo och vläicht stëmmen, mee ech mengen, d'Geschicht weist zimlech kloer, datt esou e System och seng Grenzen huet. An enger Demokratie musse vill Leit versoen, éier alles schif geet, an enger Diktatur par contre ass déi Zuel méi kleng.

Respektiv, wa mir den aneren Extrem vum Spektrum kucken, an zwar déi direkt Demokratie, dat kléngt um Pabeier och schéin. Mee et dierf een awer dorun zweiwelen, datt all Bierger sech esou gutt informéiert, datt hie bei all Wahl weess, wat um Spill steet a wat déi besser Léisung ass. An ech sinn emol do einfach e bësse skeptesch, datt all Mënsch sech permanent mat allem, wat an der Welt passéiert, beschäftege wëllt oder kann. Oder datt all Mënsch bei Wahlen net just u säin eegenen, direkte Virdeel denkt, mee och vläicht nach u laangfristeg an abstrakt Ziler.

E System ass leider ëmmer nëmmen esou gutt, wéi déi Leit, aus deenen hie besteet.

De Faktor Mënsch

Amplaz dann nom perfekte System ze sichen, solle mir net kucken, dem eenzele Bierger d'Mëttelen ze ginn, esou ze handelen, datt am Fong de System zweetrangeg ass?

Do wier d'Léisung jo am Fong einfach: Bildung, Bildung, Bildung. Mee dat ass dann awer erëm eng systemesch Fro. Wéi eng Bildung?

Well Bildungsinstitutiounen hu jo och e schwéiere Kampf, fir mam Internet oder mat soss Instanzen, déi de Leit hir verfügbar Gehirzäit ausnotze wëllen, matzehalen. Oder mat Fake News. Oder mat Konspiratiounstheorien. De Kampf ass definitiv net aussiichtslos, mee verlaangt awer e laangen Otem.

Mee dat ass eng Diskussioun fir eng aner Kéier. D'Situatioun ass jo vläicht eescht, mee elo hei ze dramatiséieren, ass och net opportun. Bildung wierkt, mee si brauch e laangen Otem, a mir sinn als Mënsche jo och méi receptiv fir kuerzfristeg Phenomener.

Eng Fro vu Perspektiv?

Mee gi mir einfach emol dovun aus, datt d'Bierger sech optimal behuelen an esou wielen, wéi et am Interêt vun der Allgemengheet ass.

Esouguer da reegelt dat bäi Wäitem net all Problem. Well d'Fro, wat dann elo déi besser Léisung vum Brexit-Problem ass, déi fënnt net esou einfach eng Äntwert, déi all Mënsch iwwerzeegt. A fir elo ze soen, datt dat alles op Fake News, Panikmaacherei a wat net nach alles ze schieben ass, dat wier och e bëssen einfach. Déi Faktore spillen och mat, mee alles vun hinnen ofhängeg ze maachen, dat wier net richteg.

Mee déi Saache gouf et jo eigentlech schonn ëmmer. Ech kann ee sech net wierklech un eng Zäit erënneren, an där d'Leit net iwwer Politik gestridden hätten, wou si sech net ugebrëllt hätten, bref, eng Zäit, wou et vill besser gaange wier wéi elo.

Et ka gutt sinn, datt déi Saache fir eis haut vill méi dramatesch sinn, well mir doduerch, datt mir ëmmer erëm mat deene Problemer konfrontéiert ginn, vill méi hektesch ginn. A well eis déi richteg Method feelt, fir onproblematesch mat esou Meenungsverschiddenheeten ëmzegoen.

An awer och vläicht, well mir zum Beispill en anert Weltbild hunn, wéi virun e puer Joerzéngten. Am Kale Krich gouf et en externe Feind, et gouf also eppes, wat d'Leit verbonnen huet. Dat ka fir Optimismus oder Motivatioun suergen. An den 90er konnt een och nach optimistesch sinn, well et Europa jo nach gefillt gutt gaangen ass, trotz Krich an Ex-Jugoslawien. D'Demokratië waren um Virmarsch, an alles war vläicht net an der Rei, mee mir waren um gudde Wee.

An den 2000er sinn dunn aner Problemer opkomm, déi deen Optimismus op ee Coup gesprengt hunn. De Feind war op emol net méi e groussen, monolithesche Block vu baussen, mee de Feind war potentiell iwwerall. An et koum eng Finanzkris, déi ville Leit och nach an den Schanke sëtzt.

An d'Politik huet et anscheinend net fäerdeg bruecht, Léisungen ze bréngen. Korruptioun, Terrorismus, Aarmut, Ëmweltzerstéierung, dat sinn alles keng nei Phenomener, mee si schéngen haut esou dramatesch fir vill Leit ze sinn, datt et fir si wuel ausgesäit, wéi wann eis Demokratien terminal iwwerfuerdert wieren, a mir keng aner Léisung hätten, wéi zu deem ze mutéieren, wat mir eigentlech bekämpfe wëllen.

Fazit

Sécher, alles wat elo opgezielt gouf, berout éischter op Gefiller wéi op Fakten. De Punkt ass, datt villes am Moment méi dramatesch wierkt, wéi et et vläicht ass, well et ausgesäit, wéi wann et nëmmen nach Drama géif ginn.

Wéi den Nietzsche sot: "Und wenn du lange in einen Abgrund blickst, blickt der Abgrund auch in dich hinein". Vläicht ass et jo genee dat, wat de Leit feelt: Eng Iddi, un déi si sech kënne festhalen, an déi hinnen d'Gefill gëtt, mir géifen net op den Abgrund histeieren. Oder déi hinnen eng Excuse gëtt, fir net an den Abgrund mussen ze kucken. An da si mir erëm bei der Fro vun de Spin doctors a vum Narrativ, mat deem ee sech oder säi politesche Projet verkafe kann.

Gutt, elo wësse mir nach ëmmer net, wat dann elo déi besser Léisung zu der Brexit-Fro ass. Oder ob de Boris Johnson dann elo e gudden Adept vum Machiavelli ass oder net. Mee dat ass jo vläicht déi fundamental Lektioun, déi een aus deem Ganzen zéie kann: egal wéi d'Fakte sinn, dat wat am Endeffekt zielt, sinn net d'Fakten, mee wéi mir se bewäerten. A wéi mir eppes bewäerten, hänkt dovun of, wéi eis Perspektiv op d'Welt ass. A vun där hänkt och of, wéi mir eis d'Welt erklären. An an enger konsumeristescher Gesellschaft ass et méi einfach, Saachen ze verkafen, déi d'Konsumente berouegen, wéi un hir Verantwortung als Bierger ze appelléieren. An deem Sënn ass de Bojo vläicht eng Enttäuschung, wann ee sech erwaart hat, hie géif dann elo gutt Politik maachen.

Mee op der anerer Säit, wann et just ëm Muecht geet, oder ëm seng Pai, dann ... dann ass hie vläicht guer net esou schlecht.