Radioen

On air

Kultur um 5  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Brexit - Not a good start, Boris?

Prisma

Brexit - Not a good start, Boris?

An dräi Wochen ass et esou wäit, dann ass d'Deadline vum Brexit - falls sech bis dohin net erëm alles ännert, selbstverständlech. No villem Hin an Hier gesäit et esou aus, wéi wann et nach méi Hin an Hier misst ginn. Besonnesch dem Boris Johnson seng Amtshandlunge kënnen ee liicht stutzeg maachen. Den Thomas Koenig huet sech e puer Gedanken doriwwer gemaach, ob ee sech um Machiavelli orientéiere kéint, fir e bësse méi kloer ze gesinn.

auto_stories

8 min

De Philosoph Thomas Koenig mécht sech Gedanken iwwer de Boris Johnson. Foto: Archiv

Deal, no Deal, oder vläicht awer guer kee Brexit?

D'Situatioun ass chaotesch, an dat mécht se onberechenbar. Chaotesch Situatioune sinn ideal, fir deen, dee sech traut, säi Gléck ze probéieren. An et schéngt esou, wéi wann dat genee dat wär, wat de Boris Johnson gemaach huet. Virun e puer Méint war hien nach eng Witzfigur an den Ae vu ville Leit, an hien ass dat wuel och nach ëmmer, mee hien ass awer och Prime Minister. Et gesäit also esou aus, wéi wann hie schéi brav d'Prinzipie vum Machiavelli applizéiert an d'Fortuna op seng Säit gezunn hätt.

Witzfigur oder gewieften Taktiker - d'Meenunge ginn auserneen.

Ligen, Fakten, Gefiller

Ech hat elo am Summer eng Rei interessant Gespréicher mat e puer Leit vun der anerer Säit vum Channel. Déi eng koumen aus Irland, déi hunn zum Brexit just geschmunzelt, de Kapp gerëselt a gemengt, mir hei um Kontinent sollten net mengen, op der Insel wäre si all däämlech.

Déi aner koumen aus England a schaffe fir d'EU, an zwar um Kontinent. Déi hunn gemengt, datt dee ganzen Theater vum Boris Johnson am Fong just en Oflenkungsmanöver wär, fir datt d'Regierung zesummebrieche sollt. Duerch d'Neiwahle géif dann den Austrëtt no hanne verluecht ginn, an déi nei Regierung wär da carrement pro-remain a géif de Brexit ofblosen. Respektiv, falls se awer pro-leave wär, da géif se de Brexit awer ofblose kënnen, an d'Schold dann op d'Oppositioun drécken. Et wär am Fong just en Versuch vum Johnson, fir sech selwer eng länger Zäit de Poste vum Prime Minister ze sécheren, ouni Rücksicht op Verloschter.

An dat drëtt Gespréich, dat war mat, soe mir, engleschen Otto-Normal-Bierger. Ok, zouginn, ech kennen déi Leit scho méi laang, wann och net wierklech gutt. Mir hate scho virun e puer Joer iwwer de Brexit geschwat, a si waren deemools absolut dofir, och wann hir Argumenter net wierklech eppes mat der EU ze dinn haten.

Hir Positioun elo - also 2019 - war, datt de Brexit onbedéngt passéiere misst, am beschte virgëschter. Groussbritannie wär international zu enger Laach-Nummer ginn, well d'Theresa May vill ze fei mat der EU gewiescht wär. Laut hinnen ass de Boris Johnson dee richtege Mann, well hien elo Tacheles géif schwätzen, an d'EU elo mol géif matkréien, datt d'Briten de Brexit wierklech mengen, an da géife mir an der EU jo gesinn, wat mir dovun hätten. Den United Kingdom wär jo ee vun deenen eenzege Länner, déi méi Geld an d'EU pompelen, wéi se dovun erëm kréien, an dat misst ophalen, si wäre jo net do, fir sech ëm aner Länner ze këmmeren, mee ëm hir eege Bierger. UK hätt jo och ëmmer scho säi Schicksal eleng an d'Hand geholl, an dowéinst kéint een et jo maache wéi fréier, d. h. britesch Autoen, britesch Liewensmëttel, britesch wat och ëmmer fir de britesche Maart produzéieren, a falls eppes importéiert misst ginn, da géif een och e Wee fannen, dat hinzekréien. Schliisslech wär et jo och am Interêt vun der EU, weider mam Vereenegte Kinnekräich ze verhandelen, mee da kéint een et ebe just op eng Aart maachen, wou d'Briten d'Reegele festleeën, an net Bréissel.

De Problem mat der Grenz an Irland wär hinne jo och egal, déi Grenz hätt d'EU dohi gesat, an net d'Vereenegt Kinnekräich.

Lunatismus?

Ech sinn an deem do Gespréich net wierklech zu Wuert komm. Déi Leit hunn nämlech iwwerzeegt geklongen, vun deem wat si soten, a si ware ganz emotional, an do war et dann net opportun, fir dogéint ze halen. Et war hinne wichteg, datt hiert Land an der Welt erëm eescht geholl sollt ginn, an de Brexit wär laut hinnen absolut richteg, schonn eleng well "deemools" iergend ee gemengt hat, d'Tierkei misst an d'EU erakommen.

Bon, ech war ee Moment paff, virun esou exoteschen Aussoen. Si wollten och näischt vum Project Yellowhammer wëssen, dat wär alles just Panikmaache, an do wär guer näischt dohannert. Dem United Kingdom géif näischt passéieren, a basta.

Ech sot dunn emol einfach plakativ, datt ee gespaant kéint sinn, op de Brexit iwwerhaapt passéiere géif. An do krut ech als Äntwert, datt ee sech sécher wär, datt de Brexit géif passéieren, genee esou sécher, wéi datt de Mënsch ni um Mound gewiescht wär.

Gutt, de Rescht vum Gespréich spueren ech Iech, déi Persounen hu just zum Schluss gemengt, si hätte scho vu komesche Conspiratiounen zum Thema Moundlandung héieren, mee si wäre Skeptiker, well een dacks Blödsinn verzielt géif kréien. Ech hunn éierlech gesot och net direkt den Zesummenhang tëschent Brexit a Moundlandung gesinn. Mee dee gëtt et wahrscheinlech guer net. Et ass mir just dono schwéier gefall, d'Argumenter vun deene Leit do dann nach iergendwéi eescht ze huelen.

Mee trotz allem, trotz Yellowhammer, trotz Logik, trotz wat och ëmmer, halen déi Leit doru fest, datt de Boris Johnson de Mann vun der Stonn wär, an datt de Brexit dat richtegt fir si wär.

An dat ass jo grad dat Spannendst heirunner. Déi eng mengen, den Boris Johnson wär en Ligener an en Opportunist, déi aner mengen, hie wär hire Retter. A wat elo wierklech dohannert stécht, jo, dat kann een aktuell schwéier soen. Hien ass zwar Prime Minister, mee säi Parcours als PM war bis elo net ganz iwwerzeegend.

Chaos an Opportunitéiten

Keng Gesellschaft huet Chaos gär. Chaos ass vun Natur aus chaotesch, d. h. am Chaos entsteet zwar Neies, wat u sech gutt ass. Mee et brauch een och Uerdnung, fir datt dat Neit wuesse kann. An eng Gesellschaft ass vu Wierk aus e Projet, dee Wuesstum a Sécherheet sollt ginn. Chaotesch Zäite sinn dofir Zäiten, an deene vill Leit nervös sinn, well et onkloer ass, wéi et weidergeet.

Bref, ze vill Chaos, an da passéieren esou Saachen, datt d'Leit sech op emol op déi gutt al - wann och fiktiv - Zäiten zeréckbesënnen, make America great again, an esou weider. Respektiv gëllt dat och zum Beispill fir munch Leit, déi bei den IS kämpfe ginn, datt dat Gefill vu Gemeinschaft a Wäerter a vun engem gemeinsame Projet wichteg ass, a si dat net an eiser Gesellschaft fannen. Oder wéi virdrun eben erwäänt, meng zwee Englänner, déi gemengt hunn, den United Kingdom misst a kéint erëm grouss ginn.

Den Cäsar sot, datt d'Leit gären dat gleewen, wat si gleewe wëllen. An wa si sech onwuel fillen, an een hinnen zielt, datt si vun engem genee dat kréien, wat si sichen, da wëlle si dat och gäre gleewen, an dann huelen si dat dankbar un.

A wann dann esou ee wéi de Boris Johnson kënnt, vun deem et bekannt ass, datt hien eng soe mir liberal Interpretatioun vu Fakten a Wourecht huet, dann ass dat eng gutt Illustratioun vum Cäsar sengem Gedanken.

Chaos a Muecht

De Brexit koum jo och net einfach esou. D'Bezéiung tëschent EU an UK war jo och ni ganz einfach. Dat erkläert dann och, wisou de Cameron e Referendum iwwer de Brexit versprach hat, amplaz mat soss enger "cleverer" Iddi ze kommen. Mat de Konsequenzen, déi mir kennen. Amplaz eng konstruktiv Léisung ze fannen - zum Beispill e bësse Pedagogik ze bedreiwen a mat de Leit ze schwätzen an op si anzegoen, huet hie gepokert, a kee Mënsch ass mam Resultat zefridden - vläicht, well et jo och nach kee substantiellt Resultat gëtt, ausser eben dem Chaos. An de Cameron huet seng Wahl zwar gewonnen, mee de Referendum verluer, wat weist, datt de Start, egal wéi schlecht en ass, net onbedéngt dat Wichtegst ass.

Gutt, et soll een de Machiavelli net méi schlecht maachen, wéi hie wierklech war. Et goung him ëm Stabilitéit a Fridde fir Italien, an net dorëm, datt all Herrscher total amoralesch handele sollt. Et geet also net duer fir un d'Muecht ze kommen, et muss een d'Muecht och halen a se fir positiv Zwecker asetze kënnen. Villes dovun trefft nach net wierklech op de Boris Johnson zou.

Mee et gesäit ee jo och net an dem Boris Johnson säi Kapp eran. Seng Handlungen an de leschte Méint waren zimlech konfus, - wat jo och scho mat "not a good start, Boris" kommentéiert gouf, sou datt ee sech froe muss, op hien tatsächlech e Plang huet, oder einfach just nëmme vum Moment profitéiert, fir d'Muecht ze ergräifen.

Wéi een elo dat Ganzt bewäert, op een de Boris Johnson als Opportunist gesäit, oder als Taktiker, oder als Clown, dat hänkt ganz vun der eegener Perspektiv of.

Mee wat awer schonn emol sécher ass, ass dat et all Dag Meenungen an Artikelen an News zum Thema Boris Johnson reent, an een do ganz einfach den Iwwerbléck verléiert. An datt de Start, esou schlecht e vläicht war, just de Start ass ...

Dofir, fir elo net mat der Traditioun ze briechen, Äntwerten op déi Froen ze hunn, déi ech stellen, loossen ech d'Fro vun der Bewäertung einfach emol am Raum stoen. An déi nächst Woch kucke mir eis dann emol un, wat de Machiavelli zu esou enger komplexer Situatioun ze soen hätt.