Klangbiller Brocanteur

Zu Bäerdref, ausserhalb vum Duerf, befënnt sech e Schapp mat villen ale, vernoléissegte Géigestänn, déi op en neit Liewe waarden. An dësem rouegen Eck kann de Brocanteur Nico Devaquet schéi sammelen a Kaméidi mat senge Maschinne maachen. Schläifen, zesummeflécken a botzen.

Nico Devaquet.jpg

An der Mediathéik:

Klangbiller / / Jamie Reinert
Lauschteren

Méi zum Thema

Klangbiller - Zu Ueschdref um Haff
Klangbiller

Kéi sträichen, mam Méidrescher duerch d'Feld, no den Déiere kucken. Dem Bauer säin Dag ass laang, mee op alle Fall ofwiesslungsräich. Den Jamie Reinert mat engem Klangbild vum René a Patrick Salentiny.

Jamie 1.jpg
Klangbiller

Zu Rued-Sir kléngen an der Lescht tëscht fënnef a sechs Auer owes lëfteg a verspillten Téin duerch d'Duerf. Vill Walzen a populär Lidder héiert een aus enger Dréiuergel. Mir hunn d'Kläng lokaliséiert.

Gast Klares
Klangbiller

Den Jamie Reinert mat engem Klangbild vun engem Mënsch mat engem zimmlech breede musikaleschen Horizont. Dës Kéier geet et op Betzder an de kuriéise Klang-Atelier vum Gast Klares.

Brennerei
Klangbiller

D'Friichte mautschen a blubberen an de Branntewäin drëpst lues aus dem Krunn. Zanter véier Generatioune gëtt an der Distillerie Adam am artisanale Stil gebrannt. Den Jamie Reinert war sech den Distillatiounsprozess ulauschteren.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen