Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Camping Op Kengert

Lëtzebuerg entdecken

Camping Op Kengert

Op Kengert ass den éischte Camping hei am Land, dee mat enger offizieller Lëtzebuerger Klassifikatioun vum Tourismus-Ministère ausgezeechent gouf. Et war den Economieministère, an enker Zesummenaarbecht mat der Camping Associatioun Camprilux, deen dës Klassifikatioun an de leschten zwee Joer opgestallt huet, fir dem Client mat fiabelen Informatiounen eng nach méi grouss Transparenz vun der Camping-Offer hei zu Lëtzebuerg unzebidden.

auto_stories

1 min

D'Campinge selwer ginn dobäi iwwer eng Auto-Evaluatioun mat festgeluechtem Krittäre-Katalog bewäert an erhalen um Enn, no enger Inspektioun op der Plaz, eng offiziell Klassifikatioun vun engem bis fënnef Stären. De Camping Op Kengert, deem säin Terrain zu Miedernach an d'Fiels verdeelt ass, ass houfreg op seng frësch Auszeechnung. Am Kader vun eiser Summer-Serie "Lëtzebuerg entdecken" huet de Claude Faber de Familljebetrib besicht.