Mäin Europa Coronavirus an der Groussregioun
D'Corona-Pandemie huet Europa paralyséiert. Och an der Groussregioun, an den Nopeschlänner vu Lëtzebuerg, mussen d'Leit hir Mouvementer an Aktivitéiten op e Minimum reduzéieren.

Fir eis Serie Mäin Europa kuckt de radio 100,7 iwwer d'Lëtzebuerger Grenzen an déi no Grenzgebidder a Frankräich, Däitschland an der däitschproocheger Regioun an der Belsch. Wéi huet den Alldag sech do verännert? Wéi reagéieren d'Leit op déi exzeptionell Ëmstänn? A wat kann een elo schonn aus dëser Kris léieren?
De Pierre Reyland huet mat véier Journaliste geschwat.
Lauschtert säi Reportage an Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.