Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Bedeelegung vun den Auslänner bei de Gemengen- an Europawahlen

Fräie Mikro

D'Bedeelegung vun den Auslänner bei de Gemengen- an Europawahlen

Wat huet d'auslännesch Matbierger motivéiert, sech 2017 fir d'Gemengewahlen op d'Wielerlëschten anzedroen? A firwat sollte si dat och fir d'Europawahle maachen? De Michel Pauly kommentéiert am Fräie Mikro d'Resultater vun enger Etüd iwwer d'Bedeelegung vun den auslännesche Matbierger bei de Gemengewahle vun 2017.

auto_stories

4 min

De Michel Pauly ass Historiker a President vun der asbl CEFIS. Foto: Archiv.

D'Wahlrecht vun eisen auslännesche Matbierger koum an de leschten Deeg nees an d'Gespréich, well deen neien CSV-President net ausgeschloss huet, datt ënner bestëmmte Konditiounen d'CSV hir Meenung ännert. Dat éiert hien a seng Partei, well et soll een ni ausschléissen, datt een zu enger neier Iwwerzeegung kënnt.

Eng geféierlech Tatsaach

Wuel haten de 7. Juni 2015 78 Prozent vun de Wieler, dat heescht 29 Prozent vun den Awunner géint e Wahlrecht fir all Awunner bei de Chamberwahle gestëmmt, an all Parteien hu versprach, si géifen dat Resultat respektéieren. Mee wann ee géif e Referendum fir oder géint d'Doudesstrof maachen, géif och vläicht eng Majoritéit dofir stëmmen. Dofir wier se awer moralesch net méi salonsfäeg.

Et bleift eng Tatsaach, datt zu Lëtzebuerg nëmmen nach eng Minoritéit politescht Matsproocherecht um nationale Plang huet, an dat ass geféierlech. Um Gemengeplang a bei den Europawahlen ass dat anescht. Bei den Europawahlen dierfen d'EU-Bierger a bei de Gemengewahlen all auslännesch Matbierger, déi sech ageschriwwen hunn, mat wiele goen.

Wéi war et bei de leschte Wahlen?

De CEFIS, de Centre d'études et de formation interculturelle et sociale, huet viru kuerzem seng Analys vun den Aschreiwunge fir d'Gemengewahle vun 2017 publizéiert. Dobäi sinn eng Rëtsch interessant Zuelen erauskomm: 34.638 Auslänner waren de 14. Juli 2017, nom leschten Delai fir d'Wahle vum 8. Oktober, ageschriwwen. Dat waren ëmmerhin 23 Prozent vun den Auslänner, déi d'Konditiounen erfëllt hunn, dat heescht déi 18 Joer al waren a zanter minimum fënnef Joer zu Lëtzebuerg wunnen.

Dat waren anersäits 12 Prozent vun de Wieler. Vun den 3.575 Kandidate waren 270 Auslänner oder 7,6 Prozent. 15 Auslänner si gewielt ginn, dat sinn op engem Total vun 1.119 Gemengeconseilleren 1,3 Prozent. Et ass iwwregens méi einfach als Auslänner an enger Majorzgemeng gewielt ze ginn, wéi op enger Parteilëscht an enger Proporzgemeng.

Wéi eng Sensibiliséierungsaktiounen hate Succès?

Op Wonsch vum Integratiounsministère, deen d'Etüd an Optrag ginn hat, huet de CEFIS sech haaptsächlech dofir interesséiert, wéi d'Sensibiliséierungsaktioune fir d'auslännesch Matbierger ze incitéiere sech an d'Wielerlëschten anzedroen, fonctionnéiert hunn, wat fir Mesurë méi Erfolleg hate wéi anerer.

Et ass opgefall, datt EU-Bierger sech zu méi ageschriwwen hunn a sech als Kandidat presentéieren, wéi Auslänner aus net-EU-Staaten, datt och Leit mat Bildung an aus favoriséierte Kreesser an der Moyenne sech éischter ageschriwwen hunn. Eeler Leit waren och zu méi wéi déi Jonk. A wat ee méi laang hei wunnt, wann een éischter bereet ass, mat wielen ze goen.

Et wier interessant emol ze vergläichen, wat fir Gruppen am meeschte vun der vereinfachter Naturalisatiounsprozedur Gebrauch maachen an direkt Lëtzebuerger ginn oder déi duebel Nationalitéit ufroen. Vläicht sinn do méi Jonker derbäi, wat géif erklären, datt si sech manner heefeg op d'Wielerlëschten androe loossen.

Auslännesch Matbierger motivéieren, sech anzeschreiwen

Am effikasste ware perséinlech Gespréicher fir auslännesch Matbierger ze motivéieren. Dat war besonnesch de Fall, wann déi vum CEFIS ausgebilte Multiplicateuren eng Hand mat am Spill haten. Par contre hu sech weder virun de Gemenge- nach virun den Europawahle politesch Parteie beméit, déi auslännesch Matbierger ze motivéieren, sech dach op d'Wielerlëschten anzedroen.

Groussen Erfolleg hat zum Beispill an der Gemeng Déifferdeng d'Initiativ fir bei Volleksfester och e Gemengebeamten op der Plaz ze hunn, dee sur Place gehollef huet de Formulaire auszefëllen. Op den zwou Journée nationale d'inscription, zweemol e Samschdeg, si besonnesch an de Stied vill Leit sech aschreiwe gaangen; mee déi meescht koumen um leschte Stëppel, de 14. Juli 2017.

Et wier dach esouvill méi einfach, wa Lëtzebuerg, wéi d'Belsch, all neien Awunner géif bei der Umeldung e Formulaire an de Grapp drécken oder heemschécke fir sech an d'Wielerlëschten anzedroen, wéi d'ASTI zanter Jore proposéiert. Op d'mannst fir d'EU-Bierger gëllt an der Belsch och keng fënnef-Joer-Residenzklausel.

Aschreiwung fir d'Europawahlen

Den 28. Februar 2019 ass de leschten Dag, wou EU-Bierger, déi zu Lëtzebuerg wunnen, sech kënnen aschreiwe fir bei de Wahle fir d'Europaparlament de 26. Mee matzemaachen. Ech hunn nach näischt matkritt, datt dofir Reklamm gemaach géif; vläicht riicht se sech jo nëmmen un d'Net-Lëtzebuerger.

Nächste Samschdeg, den 9. Februar ass eng Journée nationale d'inscription. Déi Kéier zielt all Stëmm, fir datt déi populistesch, europakritesch oder rietsradikal Parteien net déi zweetstäerkst Fraktioun am Europaparlament ginn.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.