Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  White Town - Your Woman

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Bewosstsinn vun der eegener Stierflechkeet

Ausbroch

D'Bewosstsinn vun der eegener Stierflechkeet

Den 20. Februar 1909 huet déi konservativ franséisch Dageszeitung Le Figaro, op hirer Titelsäit, en Text mat enormer Sprengkraaft verëffentlecht. E Programm: "Le Manifeste du Futurisme". Säin Auteur war en italieneschen Dichter, de Filippo Marinetti. Deen huet d'Opkomme vun enger neier Ästheetik besongen an dës revolutionéiert Ästhetik huet eng revolutionär Ethik gefuerdert.

auto_stories

6 min

Den 20. Februar 1909 huet déi konservativ franséisch Dageszeitung Le Figaro, op hirer Titelsäit, en Text mat enormer Sprengkraaft verëffentlecht. E Programm: "Le Manifeste du Futurisme". Säin Auteur war en italieneschen Dichter, de Filippo Marinetti. Deen huet d'Opkomme vun enger neier Ästheetik besongen:

"Nous déclarons que la splendeur du monde s'est enrichie d'une beauté nouvelle: la beauté de la vitesse. Une automobile de course avec son coffre orné de gros tuyaux, tels des serpents à l'haleine explosive ... une automobile rugissante, qui a l'air de courir sur de la mitraille, est plus belle que la Victoire de Samothrace."

Dës revolutionéiert Ästhetik huet eng revolutionär Ethik gefuerdert:

"Nous voulons glorifier la guerre, - seule hygiène du monde, - le militarisme, le patriotisme, le geste destructeur des anarchistes, les belles Idées qui tuent et le mépris de la femme. Nous voulons démolir les musées, les bibliothèques, combattre le moralisme, le féminisme et toutes les lâchetés opportunistes et utilitaires."

Den Ënnergang vun der westlecher Zivilisatioun

Dat Manifest huet d'Gerenns kristalliséiert, dat zu deem Zäitpunkt déi kënschtleresch an intellektuell Avantgarde beherrscht huet. D'Flucht no vir, a Vitess a Gewalt, déi pubertär Unzéiung vum Doud waren nach reng verbal. Fënnef Joer duerno war aus dem Marinetti sengem Dram awer eng Realitéit ginn.

Eng Anekdot um Balkan huet d'Rieder vum europäesche System vun Allianzen a Konterallianzen un d'Rulle bruecht an zum Éischte Weltkrich geféiert. Wat 1914 wéi eng Schicksalsschluecht ugefaangen hat, ass 1918 an engem zwecklosen universelle Gemetzel op en Enn gaangen.

De Bilan war fir deemoleg Moossstief onerhéiert, onvirstellbar: 20 Milliounen Doudeger ënner de Muechten, déi sech bekricht haten. A Frankräich eleng waren een Drëttel vun den erwuessene Männer entweder ëmbruecht oder verstümmelt ginn. De Krich huet och vulnerabel Staaten dohigerafft. Muechten, déi scho virun 1914 wéi krank Männer op der Weltbün betruecht goufen: Éisträich-Ungarn, dat osmanescht Räich. Verblatzten Imperien, elo zerbrach.

Dat war u sech ze erwaarden, huet awer zum allgemenge Gefill vu Schock, Trauer a Verfall bäigedroen. De Bestseller an deene Joren huet "Der Untergang des Abendlandes" geheescht, Ënnertitel: "Umrisse einer Morphologie der Weltgeschichte". Déi zwee Bänner vum Wierk koumen 1918 an 1922 eraus.

Hiren Auteur, den Oswald Spengler, huet d'Kulture wéi lieweg Wiesen analyséiert, an hirer Geschicht eng Morphologie erkannt, dat heescht e Liewenszyklus. Deen éischte war dee vun der Jugend, der Onschold, der Kreativitéit; deen zweeten dee vun der Prosperitéit, vu Bourgeoisie a Festegung. Deen drëtten Zyklus war dee vun der Dominatioun. Dësen Héichpunkt vun all Kultur war gläichzäiteg och den Ufank vun hirem Ënnergang. Déi westlech Kultur war am néngte Joerhonnert opgebléit, huet de Spengler geschriwwen. Hiren Héichpunkt hat si am 17. Joerhonnert erreecht.

"Der Untergang des Abendlandes" huet konzeptualiséiert wat vill Leit nom Éischte Weltkrich empfonnt hunn. Hir Welt war vergänglech, zum Doud verurteelt. Schlëmmer nach, hir Agonie hat scho längst ugefaangen.

Rout Bazill a brong Pescht

E weidere Beweis fir d'Vergreisung vum Okzident war seng Ufällegkeet fir Krankheeten. Vu 1918 bis 1920 huet déi Spuenesch Gripp zwou an eng hallef Milliounen Europäer ëmbruecht. D'Krankheeten hunn net nëmmen déi vum Krich geschwächten individuell Organisme menacéiert, mee och déi kollektiv. Revolutionär a konterrevolutionär Epidemien hu sech verbreet.

Déi éischt huet fir d'éischt Russland getraff, wärend dem Krich nach. 1917 haten déi Däitsch d'Heemrees vun engem marxisteschen Theoretiker finanzéiert, dem Wladimir Iljitsch Lenin, Chef vun der bolschewistescher Partei. Si wollten hire russesche Feind infizéieren, ënnerlech schwächen. Et hat funktionéiert. Bannent e puer Méint war den Zar gestierzt an eng sowjetesch Republik ausgeruff ginn.

Op kuerz Siicht, eng exzellent Noriicht fir d'Mëttelmuechten. Mee am Oktober-November 1918, goufen och bei hinne Milliounen Zaldoten an Aarbechter vum revolutionäre Féiwer ugestach. D'Habsburger-Räich huet de Schock net iwwerlieft; an Däitschland ass d'Monarchie gefall. De Krich war verluer an déi rout Epidemie ausser Kontroll. Verspreet Iwwerreschter vun de geschloenen Arméien hu Fräicorpse gebilt fir d'Gefor ze bekämpfen, zu Berlin wéi a Bayern, an Ungarn an um Baltikum.

Bei de Gewënner, sinn och éischt Symptomer opgetaucht. Zemools beim onséchersten ënner hinnen, Italien. Déi akuutste Forme vum Iwwel waren do Land- a Fabrickbesetzungen, déi den Norde geläämt hunn. Als Reaktioun hunn déi verschiddenst Gruppen hir Kräfte gebündelt: al Konservativer an demobiliséiert Dropgänger, frustréiert Nationalisten a mam Fridden onzefridde Sozialisten, wéi de Marinetti oder e gewësse Benito Mussolini. Aus deem neiaartegen Amalgam ass de Faschismus gebuer.

D'Faschiste selwer hu sech wéi en Heelmëttel gesinn; den Antidot géint rout Bazillen an Alterskrankheeten. Hire Chef, den Duce, huet gäre Pose geholl fir d'Idealer vun der Beweegung ze inkarnéieren - Männlechkeet, Gesondheet, Onbaarmhäerzegkeet. Am Oktober 1922 sinn d'Faschisten op Roum marschéiert, wou si d'Muecht u sech gerass hunn.

Dat war mam Averständnes vum Kinnek a vun den Elitte geschitt. Déi hunn am Faschismus eng, zwar iwwerdriwwen, mee néideg Äntwert vum nationalen Immunsystem gesinn. An de westlechen Demokratien hunn eenzeler déi Analys gedeelt. Anerer hunn am Faschismus éischter eng weider déidlech Krankheet erkannt. Eng brong Pescht, déi sech iwwer dat konvaleszent Europa verbreet huet.

Am deutschen Wesen mag die Welt genesen

Däitschland hat de Krich iwwerlieft, mee amputéiert, erniddregt a ruinéiert. Dat frëscht vereente Räich hat fest u seng Iwwerleeënheet gegleeft; an der bewaffneter Kompetitioun d'Opportunitéit gesi seng heelend Hegemonie iwwer Europa auszebreeden. "Und es mag am deutschen Wesen einmal noch die Welt genesen", hat et geheescht.

Et war anescht komm a vill Däitscher hunn d'Nidderlag net akzeptéiert. D'Räich war net vum dekadente Weste geschloen, mee vu Feinde vu banne verrode ginn. Vu parasitären Elementer, déi d'Infektioun vum Vollekskierper erméiglecht haten: Demokraten, Marxisten a, virun allem, vun de Judden.

An der ultranationalistescher, antidemokratescher a rassistescher Kulturbritt, déi sech an der fréier Phas vun der Weimarer Republik gebilt hat, ass eng Organisatioun lues a lues opgeschwommen: déi Nationalsozialistische Deutsche Arbeiterpartei. Hire Chef, den Adolf Hitler hat 1923 zu München e Putsch gewot. E Fiasco. Hie war verhaft a verurteelt ginn.

An de Joren duerno hat d'Weimarer Rebublik eng relativ Stabilitéit fonnt. D'Weltwirtschaft war amgaang sech ze erhuelen. Mee am Oktober 1929 huet dee gréisste Börsekrach an der Geschicht d'Hoffnungen op Besserung vernicht. Dee Réckfall an d'Apokalyps huet dem Hitler 1933 erlaabt un d'Muecht ze kommen.

Wéi an Italien hunn d'Elitte fir d'éischt geduecht, datt déi brong Pescht dee méi klengen Iwwel wier. Datt si d'Kontroll iwwer d'Experiment géife behalen. Si hate sech selwer getäuscht. Methodesch a rücksichtslos hunn d'Nazie sech duerchgesat, hir Géigner eliminéiert an déi däitsch Gesellschaft hirer Organisatioun an Ideologie ënnerworf.

Sieg Heil!

Et war dem Hitler seng Prioritéit ze schafen, wat wärend dem Weltkrich gefeelt hat: eng koherent a gesond Volksgemeinschaft. Dat war net just e politeschen, mee och e biologesche Programm. D'Judde sollten ausgegrenzt an eliminéiert, rassesch mannerwäerteger steriliséiert a behënnert Volksgenossen euthanaséiert ginn.

Den NS-Regime konnt op eng Arméi vu Medezinner zielen. Am Rheinland waren 1936 zum Beispill scho méi wéi een Drëttel vun den Dokteren an der Nazi-Partei. 1944 waren d'Hallschent vun hinne Parteigenossen. Zum Vergläich waren zu deem Zäitpunkt nëmmen ee Véierel vun den Enseignanten a vun de Juristen Nazien.

D'Medezinner sollten d'Ingenieure vum nationalsozialistesche Berengegen a Vollkommene vum däitsche Vollekskierper sinn. Sollten e fit maache fir d'Revanche. Him erlabe seng amputéiert Glidder zeréckzëerueweren, säi Lebensraum ze erweideren. Säin ugebuerenen Usproch op Dominatioun duerchzesetzen.

Triumphéieren oder ënnergoen. Eleng déi vum Führer preparéiert Victoire konnt dat däitsch Vollek retten. Dorunner gouf all Dag duerch déi obligatoresch Groussformelen erënnert: "Heil Hitler" a "Sieg Heil!"