Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Eisebunn, eng Passioun an en Ausgläich

Sot emol

D'Eisebunn, eng Passioun an en Ausgläich

Vill vun eis haten bestëmmt als Kand e Zuch doheem fir ze spillen a spéider war een ëmmer nees faszinéiert wann een emol eng Dampmaschinn oder soss en Zuch a Realitéit gesinn huet. Aus der Freed fir Zich kann awer och eng Passioun ginn, an dat ass de Fall bei eisem Invité vun haut, deen zanter iwwer 40 Joer a senger Fräizäit un Zich schafft. A mëttlerweil ass doraus eng Associatioun ginn déi sech fir de Patrimoine vun der Eisebunn asetzt, an och schonn esou Maschinn restauréiert huet.

auto_stories

2 min

Fir de Christian Schmitz ass dës Aktivtéit awer och en Ausgläich a sengem Liewen. Mat 14 Joer war de Christian Schmitz fir d'éischte Kéier am Depot vun den CFL an vun der éischter Sekonn un nodeems en d'Maschinne gesinn huet, war e verkaf. Eng Passioun déi hie bis haut net méi lass gelooss huet an zanter hir gehéiert bal all Samschdeg Nomëtteg der Restauratioun vun den Zich.

Mëttlerweil ass de Christian Schmitz dann och President vun der ASBL "1604 Classics" déi sech eben ëm d'Restauratioun vun alem Eisebunnsmaterial vun den CFL als Zil gesat huet.

"Firwat sinn ech net Mecanicien ginn?"

Dat ass eng Fro déi de Christian Schmitz sech schonn dacks gestallt huet. Mee wou et bis lass goung mat den Zich, hat hie sech berufflech schonn an eng Direktioun orientéiert. Hien ass Infirmier ginn, wat ëm awer net leet deet. Well en, esou de Christian Schmitz, denkt datt hien haut net dee wier deen en ass, wann en de Beruff net gemaach hätt. Mee seng Passioun fir den Zuch war och eng Stäip, well en a sengem Alldag dacks mat ganz emotionale Situatiounen ze dinn hat. Hie schafft an der Palliativfleeg.

"D'Eisebunn huet mer ëmmer gehollef mol of ze schalten, et ass net ëmmer einfach an dem Beruff ze schaffen. Wann ech da Samschdeg oder an der Woch emol op d'Eisebunn gaange sinn, da waren déi schwéier Momenter vergiess. Fir mech perséinlech war dat déi ideal Kombinatioun. An d'Eisebunn huet mer ganz vill gehollef heiansdo mat Saachen ofzeschalten, ganz kloer."

E Musée wier d'Kiischt um Kuch

An der ASBL "1604 Classics" kënne se déi ganz Geschicht vun der Eisebunn vun 1949 un retracéieren an dat sécher mat de restauréierten a funktiounsfäege Maschinnen, mä awer och mat e sëllegen Dokumenter, déi scho bal eng historesch Valeur hunn, nieft Dausende vu Fotoen. An d'Zil oder de Wonsch ass dat alles an engem Museé zesummen ze huelen an engem grousse Public zougänglech ze maachen.


Wann der elo Loscht op déi restauréiert Maschinnen an se och an Aktioun ze gesinn da kënnt der dat de nächste Weekend elo bei der Porte Ouverte vun den CFL-Atelieren zu Bouneweg. Dann den 3. an den 10. Oktober all Kéiers am Fond de Gras.