Radioen

On air

De Moien  |  Naima Bock - Giant Palm

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Elektromobilitéit a Kanada

Mobilitét

D'Elektromobilitéit a Kanada

Wann d'Äerderwiermung ënner zwee Grad Celsius soll bleiwen, mussen elektresch Gefierer bis 2040 ee Maartundeel vu 40 Prozent hunn, behaapt d'International Energieagence IEA. Mee beim Thema Elektromobilitéit geet et a ville Länner éischter lues virun. A Kanada, genee wéi zu Lëtzebuerg, rulle manner wéi ee Prozent vun den Autoen op de Stroossen elektresch. Dobäi hätt de Staat vill Potential, mengen Experten.

auto_stories

4 min

Virun dräi Méint huet de Charlie Sami de Wiessel gewot. Hien huet säi Bensiner fir een Auto ëmgetosch, deen zu 100 Prozent mat Stroum fiert. A schonn elo gesäit hien d'Virdeeler vun dëser neier Manéier, fir sech ze deplacéieren. "Mat mengem elektreschen Auto spueren ech mir de Bensin an den Ënnerhalt kascht mech näischt", betount de Kanadier.

Deen deiere Kafpräis war fir de Charlie Sami keen Argument géint den Elektroauto. Vun der Regierung krut hien ee Subsid vu ronn 6000 Euro op säin Auto. An hie krut ronn 430 Euro Rabatt op d'Luedstatioun, déi hie bei sech Doheem opgeriicht huet. De Charlie Sami mengt, datt den Elektroauto trotz senger limitéierter Autonomie, fir vill Leit eng sënnvoll Alternativ kéint sinn.

Sputt no Uewen

Am Québec hu bis ewell ronn 14.000 Leit, wéi de Charlie, een Elektroauto kaaft. D'Aacht-Milliounen-Awunner-Provënz wëllt, datt dee Chiffer bis 2020 op 100.000 Unitéite klëmmt. Vun der aktueller Tendenz hier wier dat duerchaus méiglech, betount de Simon-Pierre Rioux, President vun der Associatioun vun den Elektrogefierer am Québec (AVÉQ). Et wier een op engem gudde Wee, fir dëst Zil z'erreechen. "Wa mir esou weidermaachen, klappt dat."

Mee a Kanada huet nach laang net all Provënz esou ambitiéis Ziler, wéi de Québec. Manner wéi ee Prozent vun den Autoen op de kanadesche Stroosse sinn elektresch, ganz ähnlech, wéi zu Lëtzebuerg. Déi international Energieagence (IEA) recommandéiert, datt d'Elektroautoe bis 2040 ee Maartundeel vu 40 Prozent duerstelle sollen. Par Rapport zu dësen Ziler schneit Kanada schlecht of. Dat weist eng Etude vum Recherche-Team iwwert den nohaltegen Transport op der Simon Fraser Universitéit an der Provënz British Columbia.

D'Direktesch vum Recherchecenter, d'Suzanne Golberg erkläert, datt den Interêt fir Elektroautoen zwar grouss wier, mee datt d'Provënzen a Kanada net genuch maache géifen, fir de Marché z'ënnerstëtzen. Dobäi stéingen eng Rei Moossnamen zur Verfügung a politesch Vertrieder kéinten decidéieren, wat fir eng Mesuren an hirem Deel vum Land fonctionnéieren, esou d'Suzanne Goldberg. "Alles wat mir musse maachen, ass déi Moossnamen, déi eis zur Verfügung sinn, benotzen."

Genuch Efforte vun der Regierung?

Nach ginn et vill Grënn, déi d'Leit dovun ofhalen, Elektroautoen ze kafen. Do wier zum Beispill den héijen Uschafungspräis an eng limitéiert Auswiel u Modelen, genee wéi de Manktem un Tankplazen uechtert d'Land. A Kanada kennt dobäi, datt bei de groussen Distanzen, d'Autonomie eng wichteg Roll spillt. Mee den Haaptproblem ass d'Sensibiliséierung, mengt den Simon-Pierre Rioux vun der Associatioun vun den Elektrogefierer am Québec. "D'Sensibiliséierungscampagnë sinn immens wichteg."

Déi kanadesch Regierung huet bis ewell déi nämmlecht Approche geholl, wéi d'Regierung zu Lëtzebuerg. Si wëllt an d'Infrastruktur investéieren an ëmgerechent ronn 43 Milliounen Euro mobiliséieren, fir Elektrotankplaze laascht den Haapt-Transportaxen am Land z'installéieren. Verschidde Provënzen proposéieren donieft Subsidë vun ëmgerechent bis zu 10.000 Euro op den Autoen.

All dës Efforte ginn awer net duer, heescht et am Rapport vun der Suzanne Goldberg hirem Recherche-Team iwwert den nohaltegen Transport. Si recommandéieren, fir dräi konkret Moossnamen ze cibléieren: Eng Hausse vun de Subsiden, méi Steieren op de Gefierer, déi vill verknaschten. An d'Aféiere vu minimale landeswäite Quotë fir de Verkaf vun elektreschen Autoen, wéi et si schonn am Québec gëtt.

Des Mesurë missten alleguer gläichzäiteg gefërdert ginn, wa Kanada seng Emissiounsziler wéilt erreechen, mengt d'Suzanne Goldberg. Si begréisst iwwerdeems d'Tax op CO2 Emissiounen, déi déi federal Regierung erhuewen huet, an déi bis 2022 op 50 Dollar d'Tonn soll klammen. Mee, "dee Momentum, deen do ass, muss verstäerkt ginn." D'Suzanne Goldberg fuerdert d'Aféiere vu Moossnamen, déi de Kaf vun Elektroautoen encouragéieren an déi d'Innovatioun am Secteur virundreiwen. "Alles dat zesummen ass ee staarke politesche Geste."

Vill Potential

Déi onëmstridde Leadere vun der Elektromobilitéit sinn den Ament Norwegen an Holland, wou de Maartundeel vun den Elektroautoen 23, respektiv 10 Prozent duerstellt. Dobäi kéint de Kanada och ee Virreider a Saachen elektresch Mobilitéit sinn, mengt de Simon-Pierre Rioux. Besonnesch well d'Land mat déi niddregst Stroumtariffer op der Welt huet. De President vun der Associatioun vun den Elektrogefierer am Québec ass iwwerzeegt, datt d'Consommateure vill dovu kéinte profitéieren, wa si d'Elektresch a Kanada géifen notzen.

Während vill Leit sech d'Fro stellen, ob een Elektroauto déi richteg Entscheedung ass, ass et fir de Charlie Sami kloer. "Wat d'Autoe besser ginn, wann ech léiwer een Elektro-Auto notzen." Fir hie gëllt: Eng Kéier elektresch, ëmmer elektresch.