Radioen

On air

De Moien  |  Iron & Wine - Anyone's Game

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Enn vun der Monarchie zu Mutfert

Land a Leit

D'Enn vun der Monarchie zu Mutfert

Zu Mutfert hat déi preisesch Arméi 1792 hiert Haaptquartéier opgeschloen. Dat wärend dem éischte Koalitiounskrich géint dat revolutionäert Frankräich. Hei ass dann och de 16. August d'Neiegkeet vun der Erstiermung vum Palais des Tuileries zu Paräis agetraff. Domadder war d'Enn vun der Monarchie a Frankräich besigelt.

auto_stories

5 min

Ir den éisträichesche Keeser Leopold II an de Kinnek Friedrich Wilhelm II vu Preussen 1791 an enger gemeinsamer Deklaratioun dem franséische Kinnek Louis XVI hir Ënnerstëtzung verséchert hunn, hate si dem revolutionären Dreiwen a Frankräich laang nogekuckt. Zwar war d'Kinnigin Marie-Antoinette vu Frankräich, dem Leopold seng Schwëster, den éisträichesche Keeser war awer e Bevirworter vun der konstitutioneller Monarchie. Och huet d'Gläichgewiicht um Kontinent bis ewell net ënnert den Onroue gelidden. Éier huet ee sech Gedanken ëm Russland gemaach.

Datt de Keeser den neie Moment ënnerschätzt hat ass him eréischt opgaangen wéi seng Schwëster d'Kinnigin Marie-Antoinette mam franséische Kinnek no engem Fluchtversuch a Richtung Metz zu Varennes verhaft gi waren. Elo huet hien déi aner Regierungen opgefuerdert si ze schützen. Just Preussen huet awer doropper geäntwert. Esou koum et, datt de Leopold schliisslech op Drock vu franséischen Emigranten awer noginn huet an zesumme mam preisesche Kinnek d'Pillnitzer Deklaratioun erausginn huet, an där déi vollstänneg Rehabilitatioun vun der Monarchie a Frankräich zum Zil gesat gouf. Dat ënner Undreeung vun enger militärescher Interventioun, an esoufern dann eng gesamteuropäesch Koalitioun fir esou eng Entreprise zu staane kéim.

Mat dëser formeller Deklaratioun hat ee sech erwaart déi revolutionär Kräften a Frankräich anzeschüchteren an zu engem Kurswiessel ze beweegen. Domadder hat een allerdéngs déi revolutionär Dynamik am Land ënnerschat

Den éischte Koalitiounskrich

Frankräich huet d'Entwaffnung vun Éisträich an d'Opléisung vun engem éisträichesch-preiseschen Defensivbnündnis verlaangt. E Krich gouf sech deemools a Frankräich op alle Säite gewënscht. Op revolutionärer Säit fir dat Erreechten ze sécheren, op kinneklecher Säit fir dat eegent Lager ze stäerken. De Louis XVI war zu deem Moment zwar nach ëmmer Staatsoberhaupt an hat enger Verfassung zougestëmmt, där no Frankräich vun enger absolutistescher zu enger konstitutioneller Monarchie ëmgewandelt gouf, faktesch souz hien awer am gëllene Käfeg an huet elo op mannst offiziell der Famill vu senger Fra de Krich erkläert, gläichzäiteg awer hannerrécks dem Franz II deem dem mëttlerweil verstuerwene Leopold op den Troun gefollegt war, verséchere gelooss datt hie sech esou erhofft Muecht erëmzegewannen.

Dësen Datum markéiert den Ufank vum éischte Koalitiounskrich. D'Hoffnung war de Krich op déi éisträichesch Niederlanden ze konzentréieren. Am sougenannte Koblenz Manifest vum 25. Juni huet den Herzog vu Braunschweig verséchert keng Eruewerungen ze wëllen. De preisesche Feldmarschall an Uewerbefeelshaber vun der Koalitiounsarméi huet awer gläichzäiteg am Fall vu Gewalt géint déi franséisch Kinneksfamill oder de Palais vun den Tuilerie mat bluddeger Vergeltung bis hin zur Zerstéierung vu Paräis gedréit.

Zu Paräis ass dat awer wéi de Beweis dofir opgeholl ginn, datt de Kinnek mat den Alliéierte kollaboréiert. An enger Erklärung huet de Kinnek de Géigendeel behaapt.

En éischten Erfolleg fir Éisträich

An der Tëschenzäit haten d'Éisträicher eng 400.000 Zaldoten zesummegezunn déi an Holland, um Rhäin an am Piemont bereet stoungen. D'Preisen haten hirersäits eng 250.000 Zaldote bereet stoen. Dobäi koumen nach eng 15.000 franséisch Emigrantekorps an hessesch Zaldoten.

En éischten Erfolleg konnten d'Éisträicher an der Belsch verbuchen, wou déi franséisch Offensiv zeréckgeschloe konnt ginn. D'Haaptarméi vun den Alliéierten ënner dem Befeel vum Herzog vu Brauschweig ass den 13. August mat 82.000 Mann an zwee Deeler zu Stadbriedemes a Réimech iwwer d'Musel komm éier se sech zu Mutfert am Haaptquartéier afonnt hunn, esou datt et do vum Pläitrenger Haff bis iwwer den aktuelle Fussballterrain a wäit an d'Sirdall schwaarz vu Leit huet misse gewiescht sinn, déi wéi e blot Mier vu preiseschen Uniformen ausgesinn hunn.

Net fir näischt gouf dann nach laang dono alles déisäits vun der Syr, wou bis an d'60er Joren era kaum Haiser stoungen "am preisesche" genannt.

De preisesche Kinnek hat säi Quartéier dann als éischt am Paschtoueschhaus virun der Kierch, éier en am Roudebësch beim Pläitrenger Haff säi Camp opgeschloen huet. Den Herzog vu Braunschweig, deen de 14. August agetraff ass, huet selwer am Haff logéiert.

Gutt dokumentéiert vu Feldprediger

Well et am Lager relativ schnell zu enger Liewensmëttelknappheet komm ass, ass esouguer Maart ofgehale ginn an zwar, wéi de Joseph Lorent weess, op der Réimecher Strooss lénks vum ale Mutferter Wee deen op Irséng an de Kiischendall féiert.

Dat Ganzt ass da relativ gutt dokumentéiert, virun allem vun enger Partie Feldprediger also protestanteschen a kathoulesche Paschtéier déi d'Arméi begleet hunn. E besonnesch gudden Androck hu si op déi verschotert Duerfgemeinschaft sécher net gemaach.

E gewësse Werhan beschreift seng Erfarungen esou: "Wir traten nun in das wälderreiche Luxemburgische ein, in ein unwirtbares Land, wo mir die Gegend nur halb und die Menschen gar nicht gefielen." Um Witteschbierg tëscht Méidengen a Moutfort wou hien eng Nuecht campéiert huet, wier "ein sprühender Sturm (...) über seine Scheitel" gefuer, "warf Zelter nieder und peitschte die Funken des Kochfeuers durch das Laub der Bäume."

Am Paschtoueschhaus vum Paschtouer Wellenstein, wou sech all Feldprediger versammelt hunn gouf et Broutzopp. Net wäit ewech hätt d'Läich vun engem Kavallerist geleeën, dee vun enger Kugel getraff gi war, déi sech beim Botzen aus der Pistoul vun enger Reider geléist hat. Wéi de Werhan de Wellenstein an der Gartenlaube fënnt, hätt dee sech awer fir d'éischt mol iwwer den Tubaksdamp opgereegt deen de Werhan a seng Stuff bruecht hätt.

D'Monarchie war um Enn

De 16. August ass dann am Lager Nouvelle vun der Erstiermung vun den Tuilerien amgaangen, a franséische Geschichtsbicher Journée du 10. Août genannt oder och nach zweet Revolutioun, bei där d'schwäizeresch Garde an den Tuilerie massakréiert gouf an d'Kinneksfamill kuerz dorop an de Prisong kënnt. Domadder war d'Monarchie um Enn.

Zu Mutfert huet d'Nouvelle wéi eng Bomm ageschloen. "Jetzt ist kein Mittel; wir müssen geradewegs nach Paris marschieren", schreift e gewësse Laukhard "Die verfluchten Hunde, die Patrioten, müssen geschlachtet und gerädert werden." Och de Sekretär vum preisesche Kinnek schreift vu Mutfert, de 17. August: "Die Soldaten sind wütend, dass wir so lange zögern; sie schwören, sie würden kein Quartier geben und alles totschlagen, was sich ihnen entgegenstellt."

Den 18. August 1792 gouf d'Lager geraumt an d'Arméi ass iwwer Hesper op Beetebuerg, schliisslech vun do iwwer Näerzeng, Schëffleng a Steebrécken a Réiden ënner staarkem Reen a Frankräich amarschéiert. Bis op Valmy an d'Champagne wou si an der berüümter Kanonad zum Réckzuch gezwonge ginn.