Radioen

On air

De Moien  |  John Grant - It's a Bit...Disconcerting

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Fäegkeete vu Prepositiounen am Lëtzebuergeschen

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

D'Fäegkeete vu Prepositiounen am Lëtzebuergeschen

Se regéieren, se wiesselen, se verschmëlzen - d'Fäegkeete vu Prepositiounen am Lëtzebuergeschen. D'Linguistin Caroline Döhmer vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch, erkläert.

auto_stories

4 min

D'Linguistin Caroline Döhmer

Simon Larosche: Du hues mir lo scho virdru kuerz vun hire Fäegkeeten erzielt: se regéieren, se verschmëlzen a se wiesselen.

Ganz genee, kleng Powerwierder.

Mee éier mir elo ufänken: Wat si scho méi genee Prepositiounen?

Dat sinn dës kleng Wierder: op, mat, zu, ënner, duerch. Dat sinn elo mol déi einfach Prepositiounen. Da ginn et nach e bësse méi laanger: mat Hëllef vun, a Bezuch op oder vis-à-vis vun.

Se heeschen iwwregens "Prepositioun", well se sech ëmmer virun eppes stellen (pre + positioun). Hannendru steet meeschtens e Substantiv oder e Pronomen: op der Schëller, mat mir, zu Lëtzebuerg, ënner Waasser, duerch dech.

Kënnen déi net och hanner engem Wuert stoen? Wéi bei "menger Meenung no"?

Dach, dat gëtt et och, déi nennt een dann "Postpositiounen": déi bekanntste Postpositioun ass och effektiv den "no": dem Reglement no, dem Alphabet no.

An dann hu mer och nach "Zirkumpositiounen" an elo dierfs du, Simon, mir soen, wat déi maachen? Also d'Pre-Positioune sti vir, d'Post-Positioune stinn hannen.

Sti se ronderëm?

Ganz genee, se sti ronderëm, deemno steet eppes vir an eppes hannen. E schéint Beispill dofir ass den "vun ... un": vun e Méindeg aus un oder vun dräi Auer un. Hei krut ech och e Message vun enger Nolauschterin, ob ech net emol kucke kéint, firwat esou vill Leit ëmmer méi den "ab" benotzen amplaz vum "vun ... un".

Et ass effektiv esou, datt den "ab", dee mer aus dem Däitsche geléint hunn, ëmmer méi ze héieren ass. Ouni datt ech elo genee Zuelen hätt, ginn ech dovun aus, datt éischter jonk Leit den "ab" benotzen.

Dozou muss ech awer och soen, datt den "ab" als Prepositioun vill méi sproochökonomesch ass wéi eng Zirkumpositioun (an op enger Affiche oder an engem Text och méi kuerz, wat haut och dacks relevant ass). Et wäert sech dann am Laf vun de Joerzéngten erausstellen, wéi eng Form sech am Gebrauch duerchsetzt.

Ok, an déi Prepositiounen, has de gesot, déi regéieren eppes?

Jo, lo komme mer bei d'Kuriositéiten: Prepositioune verlaange jo e bestëmmte Kasus, an an der Linguistik seet een do: d'Prepositioun "mat" regéiert den Dativ. Ech fannen dat och ganz schéin!

Dat heescht, d'Prepositioun fuerdert vun hirem Substantiv, dat se regéiert, datt dëst am Dativ steet: mat mengem Brudder, mat enger Zooss. Aner Prepositioune regéieren den Akkusativ: ouni mech, ouni mäi Buch.

An déi kënnen och wiesselen, wat ass domat gemengt?

Et gi Prepositiounen, déi de Kasus jee no Gebrauch wiesselen: Wa se lokal gebraucht ginn, regéieren se den Dativ: Hien ass an der Schoul. Wa se direktional gebraucht ginn, regéieren se den Akkusativ: Hie geet an d'Schoul.

Hei kann ech nach e bëssen eppes Sproochhistoresches erzielen:

Indogermanesch (also beim Indogermaneschen oder Indoeuropäesche schwätze mer lo vun enger Zäit, déi sou bei 4.000 bis 1.000 v. Chr. läit): aacht Kasus: Nominativ, Vokativ, Genitiv, Dativ, Akkusativ, Ablativ, Lokativ, Instrumental Lëtzebuergesch (quasi 6.000 Joer méi spéit, dat ass Sproochwandel!): Reduktioun op véier resp. dräi Kasus: den Nom. huet de Vokativ geschléckt, den Ablativ ass deels Genitiv, deels Dativ, de Genitiv gëtt deelweis vum Dativ geschléckt (am Lëtzebuergeschen ass den Nominativ och scho mam Akkusativ formgläich) an den Dativ huet och Lokativ an Instrumental iwwerholl.

Hei wëll ech elo nees mat de Prepositiounen uknäppen: Lokativ ("Kasus der Ruhelage in Raum und Zeit" Sonderegger 2011) an den Instrumental ("Kasus der Begleitung und des Mittels") sinn elo och formgläich mam Dativ. Dofir hu mer vill Prepositiounen, déi eppes Instrumentelles oder eppes Lokales bezeechne mam Dativ: mat engem Hummer (Instr.), mat engem bloen A (Instr.), op der Kusch (Lok.), an der Schoul (Lok.) - alles Dativ.

A jee nodeem, wéi ee Verhältnis vun enger Prepositioun bezeechent gëtt, steet dës am Dativ oder am Akkusativ, wat sécher vill Leit komplizéiert fannen, déi Lëtzebuergesch léieren a keen Däitsch kënnen.

An da war nach eppes mat enger Verschmëlzung?

Prepositioune kënne mat engem Artikel verschmëlzen: aus "mat dem Hummer" gëtt "mam Hummer", aus "zu der Fra" gëtt "zur Fra". Dat geet awer just, wa mer déi schwaach Form vum Artikel hunn an dësen am Dativ Singulier steet. Et kann ee meeschtens gutt erkennen, wéi eng Prepositioun hei mam Artikel verschmëlzt. Hei hunn ech awer ee Liblingsfall an dat ass den "um" fir "op+dem", also "um Schaf". Do muss een emol drop kommen!

Jo, effektiv, deen ass net evident.