Radioen

On air

Notturno  |  Lambchop - Up With People

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Frae gi wielen

Zäithistoriker

D'Frae gi wielen

Fraen am Walbüro. Den 28. September 1919 war Lëtzebuerg ganz opgereegt. Fraen a Männer musse sech fir d'Zukunft vum Grand-Duché entscheeden. Et ass déi éischte Kéier, datt am Land e Referendum organiséiert gëtt, déi éischte Kéier, datt d'Fraen an d'Männer iwwer 21 Joer wiele ginn an déi éischte Kéier, datt si eng politesch an ekonomesch Decisioun - Unioun mat der Belsch oder mat Frankräich - mussen huelen. Wéi huet déi parteiesch Press vun deemools d'Argumenter vun de Politiker an der Chamber a vu Feministinne virugeleet? Wat gouf iwwer déi politesch Gläichheet an den Zeitungen ausgeriicht?

auto_stories

5 min

Foto: Lily Becker / CID-FG

Parteien, Deputéiert vun der Constituante an déi vum Premier Emile Reuter geleete Koalitiounsregierung, all sinn averstane fir d'Zensuswahlrecht ofzeschafen, mee net all Partei wëllt d'Fraewalrecht aféieren.

Fir d'Sozialisten ass d'politesch Gläichheet eng Saach vu Prinzip. Déi klerikal pro-Dynastie Rietspartei huet sech viru kuerzem fir d'Fraewalrecht entscheet. Mee d'Liberalpartei - déi virum Éischte Weltkrich de Meedercherslycée verteidegt huet - ass dogéint!

Wéi spigelt d'Press et erëm? Hei e puer Extraiten.

D'sozialistescht Wocheblat, Die Schmiede, fänkt seng Walpropaganda am Juni 1918 un. Den Artikel "Frauenstimmrecht" vertrëtt d'Iddi, datt d'Fraen e Recht hu wielen ze goen, well si och schaffe ginn an d'Gesetz musse respektéieren. Eng Petitioun - déi d'Fraewalrecht vertrëtt - gouf vun engagéierte Fraen, wéi d'sozialistesch Journalistin Marguerite Mongenast-Servais aus der Stad, d'Gewerkschaftlerinne Marguerite Hey vun Déifferdeng a d'Jeanne Meier-Heucké vun Esch - ënnerschriwwen.

Am Hierscht 1918 sinn am Ganze sechs Petitioune mat 295 Ënnerschrëften der Chamber geschéckt ginn. Ganz wichteg ass d'Decisioun, déi d'Sozialistesch Partei op hirem Kongress am Juli 1917 geholl huet: si fuerderen d'Walrecht fir d'Männer an d'Fraen iwwer 21 Joer a wëllen och dofir direkt mat enger bedeitender Propaganda ufänken.

Konferenzen an Debatte sollen de Fraen d'Politik méi no bréngen. An nom Vott an der Chamber - den 8. Mee 1919 - hunn d'Fraen hir konkret Fuerderungen an enger spezifescher Fraerubrik kënnen ausdrécken. Den Opruff war kloer: "Frauen rührt euch! Frauen wacht auf! Die Zeiten ändern!"

"E geféierlecht Spill fir Fraen"

Vill divers Froen iwwer Aarbecht, Loun, Erzéiung, Zivilrechter, Schutz fir d'Frae gi behandelt an d'Iddie vun de klerikalen Organisatioune staark kritiséiert. Fir de Referendum solle si sech fir eng onofhängeg Republik an eng Unioun mat der Belsch entscheeden. Dräi Kandidatinne stelle sech op d'sozialistesch Lëscht fir d'Chamberswalen: d'Dammen Thomas a Grethen an der Stad an d'Madamm Lamesch zu Esch.

D'Escher Tageblatt - déi demokratesch Zeitung vun Esch a Géigend - ass ganz erstaunt, datt d'Fraen esou séier d'politesch Gläichheet kruten: "Mir hu keng Suffragetten, a mir kréien de Fraevotum. Dat ass komesch." D'männlech Auteure maache gär de Geck an denke guer net un eng Gesellschaftsreform; zum Beispill de Passant a senger Chronik: hie verdommt d'Fraen, déi "keng Anung vu Politik hunn".

"Et ass e geféierlecht Spill fir déi ignorant Fraen, well déi, déi an d'Kierch ginn, kënne wéinstens vum Paschtouer gehollef kréien; d'Sozialistinne sinn nach net prett. (...) D'Frae maachen eng super Aarbecht am Stot a bei der Erzéiung. (...) A wa si d'Walrecht kréien da verléiere mir Männer un Dominatioun. (...) Et kann een et och positiv gesinn, wann an der Chamber en neie Wand bléist mat manner Intrigen a méi Léift a Mammegefill."

Den Auteur mengt och net, datt d'Frae ganz ënner der Coupe vum Mann misste sinn, mee de Mann muss d'lescht Wuert hunn! Fir d'Wale solle si net déi dräi Kandidatinnen ënnerstëtzen, mee d'Politiker Emile Mark an Aloyse Kayser, a ganz bestëmmt net d'Rietspartei!"

D'klerikaalt Organ vum Bistum a vun der Rietspartei, d'Luxemburger Wort, interesséiert sech fir d'Fraewalrecht, well et zu hirer Strategie passt fir d'Erhale vun der Onofhängegkeet vum Land a vun der Dynastie. D'Liberalpartei gëtt hefteg kritiséiert, well si dogéint ass a weess, datt si wéinst dem Fraewalrecht géing geschwächt ginn.

D'Wort fënnt - au contraire - datt et gerecht ass d'Frae bei de Staatsgeschäfter matschwätze loossen - an déi, déi dogéint si menge si kréichen e Mannerwäertegkeetskomplex, well och elo schwaach Frae wiele ginn!

Am Luxemburger Wort sinn net vill Fraenartikelen, well d'Wochebeilag Luxemburger Frau dat iwwerhëlt. Zanter Mee 1919 - nom Vott vum Artikel 52 vun der Verfassung, déi dat allgemengt Walrecht aféiert - fänkt d'Wahlpropaganda richteg un: wéi-wat-wou Froe gi beäntwert.

D'Autorinne mengen, datt e politeschen Asaz eng grouss Verantwortung ass, et muss een eng besser Ausbildung kréien an nach méi wäit goen a sech fir zivil a professionell Rechter vun de Fraen asetzen, awer net seng Roll an der Famill - bei Mann a Kanner - vergiessen. Walmotto: d'Frae solle sech fir d'Grande-Duchesse a géint déi weltlech Republik entscheeden - an de 26. Oktober - fir d'Madamm Schleimer-Kill vun Esch.

Wat schreiwen déi liberal Zeitungen?

D'Luxemburger Zeitung informéiert an de Chambersberichter iwwer déi liberal Positiounen, déi de Robert Brasseur a seng Kolleege vertrieden, an zwar d'allgemengt Walrecht mat Verhältniswal an ouni Panachage, dat gëtt eng Walkatastroph, a wann d'Fraen och wiele ginn, dann erdrénkt d'Liberalpartei!

An de Batty Weber a senger bekannte Chronik "Abreißkalender" mengt, datt déi éischt Fraewal fir de Referendum näischt Wäert ass. Et ass eng Komedie, déi näischt ännert. Frankräich huet keen Hutt un eng ekonomesch Unioun mat eis. En plus, d'Männer sollen d'Fraen net beaflossen, well si souwisou léiwer d'Kräiz, wéi de bloe Fändel wielen!

De Professer August Oster aus dem Meedercherslycée schreift an der franséisch liberaler Dageszeitung Indépendance Luxembourgeoise, datt d'Fra net genuch politescht Wëssen huet fir déi Arena ze betrieden, wou Politik gemaach gëtt, an d'Positioun vum Sexe faible gëtt net besser dervun.

Virum Referendum kréien d'Fraen dann awer Consignen - si sollen d'Onofhängegkeet vum Land an d'Unioun mat Frankräich wielen. Direkt no de Wale schreift d'Zeitung, datt d'Fraen der Rietspartei déi bedeitend Victoire geschenkt hunn, et war e Mangel vu Geschéck vun hirer Säit.

Spéider resuméiert d'Zeitung d'Walresultat esou: D'Lëtzebuerger Katholiken hunn d'Walen op der ganzer Linn gewonnen. Si hunn d'absolut Majoritéit an der Chamber - 27 Sëtz vun 48 -, déi Liberal verléieren zwee Sëtz, mee déi grouss Verléierer sinn d'Sozialisten, si verléiere véier Sëtz a bleiwe mat aacht an der Chamber- si beschëllegen d'kathoulesch Fraen dofir.

Mee d'Zeitung freet sech: wéi vill Fraen hunn net wéi de Familljepapp gewielt? (...) D'Land bleift fest un d'chrëschtlech Traditioun gefesselt. Dat wichtegst awer - zu eisem Sujet - huet den Artikel net betount: eng Fra gouf gewielt, d'Sozialistin Marguerite Thomas-Clement! A si gëtt zeréckgewielt bis 1931!