Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Grënnung vun der Fënnefter Republik

ZäithistorikerIn

D'Grënnung vun der Fënnefter Republik

Virun genau 60 Joer ass den Charles De Gaulle erëm un d'Muecht komm an huet déi fënneft Republik begrënnt. Wisou ginn déi Evenementer eigentlech net gefeiert? Eng Chronik vum Vincent Artuso.

auto_stories

6 min

Den Historiker Vincent Artuso.

De Mee 68 gëtt all Joers gefeiert, besonnesch dann natierlech wann erëm e Joerzéngt vergaangen ass. De Mee 58 gëtt éischter vergiess. Dobäi huet en an der franséischer Geschicht genau esou en déiwen Impakt hannerlooss. D'Evenementer, déi sech vum 13. Mee 1958 un ofgespillt hunn, hunn dem Charles De Gaulle erlaabt erëm un d'Muecht ze kommen an him d'Méiglechkeet ginn eng Verfassung ze redigéieren, déi haut nach ëmmer a Kraaft ass.

E Schéinheetsfeeler

Esou e Gebuertsdag misst also eigentlech gefeiert ginn. Jo, mee en huet en uerge Schéinheetsfeeler. D'Barrikade vun Alger haten näischt mat deene vu Paräis ze dinn an d'Revolt koum net vun utopistesche Studenten, mee vun enger Arméi déi géint d'zivil Muecht rebelléiert huet. Déi fënneft franséisch Republik ass duerch e Militärputsch entstanen, deen am Kontext vun der Dekolonialisatioun a vun engem potenzielle Biergerkrich stattfonnt huet. D'Non-dite vun deemools wierken nach haut no.

D'Kris huet an enger Zäit ugefaange wou Frankräich sech ewéi eng multikontinental Natioun ugesinn huet - oder besser gesot: Eng bedreet, multikontinental Natioun, déi versicht huet den Empire oprecht z'erhalen. Direkt nom Zweete Weltkrich sinn Opstänn a Nordafrika, am Kamerun oder zu Madagaskar bluddeg niddergeschloe ginn. 1954 huet Frankräich awer säi Kolonialbesëtz an Indochina missen opginn. Déi franséisch Arméi, déi eng humiliant Nidderlag zu Dien Bien Phu am Vietnam, erlieft hat, huet sech deemools versprach ni méi ze kapituléieren. Ee Joer dono huet de Krich an Algerien ugefaangen.

Algerien hat eng besonnesch Plaz am franséische Kolonialräich, schonn éischtens well et offiziell keen Deel dovunner war, mee eng Fortsetzung vun der Metropol op afrikaneschem Buedem. Algerie war zanter 1848 an Departementer agedeelt, seng Awunner ware Fransousen. Verschidde Fransouse waren awer, fir den Orwell ze paraphraséieren, méi gläich ewéi anerer.

Keng franséisch Bierger mat volle Rechter

Déi néng Millioune moslemesch Awunner ware keng vollberechtegt franséisch Bierger, mee "Indigènes musulmans" oder "Français musulmans d'Algérie". Deen Ënnerscheed war op d'Tatsaach begrënnt, datt d'Moslemen net ënnert der Gewalt vum franséische Code civile, mee vum islamesche Recht, also vun der Sharia, stoungen. Fir franséisch Bierger ze ginn hu Moslemen dee rechtleche Status missen opginn. Déi meescht hunn dat refuséiert. Anerersäits waren d'Europäer, déi an Algerie gelieft hunn, déi sougenannt "Pieds-noirs" - ongeféier eng Millioun Leit -, och net bereet hir Rechter a Privilegie mat den Einheimeschen ze deelen.

De franséische Staat hat selwer och ni säi Wëlle bewisen d'Majoritéit vun der Bevëlkerung vun den algereschen Departementer komplett z'assimiléieren. Dobäi gouf et e Prezedenzfall. D'algeresch Judden haten, um Enn vum 19. Joerhonnert, déi franséisch Nationalitéit imposéiert kritt. Algerie war also eng Plaz wou d'Kontradiktioune vun der franséischer Republik net nëmme visibel waren, mee den Alldag bestëmmt hunn. Mam Krich sinn d'Kontradiktiounen dann och zum Alldag an der Metropol ginn.

Ausser d'Kommunisten waren all d'Parteien d'Accord fir déi franséisch Autoritéit an Algerien z'erhalen. E jonken, sozialisteschen Inneminister, de François Mitterrand, huet deemools deklaréiert: "L'Algérie, c'est la France ! La négociation avec les rebelles, c'est la guerre." Et war och e sozialistesche Regierungschef, de Guy Mollet, deen 1957 der Arméi déi zivil a militäresch Vollmuechten an Algerie ginn huet.

Verpasstes nohuelen

D'franséisch Autoritéite sinn, zum engen, haart virgaangen, hunn awer och versicht dat nozehuelen, wat se zanter méi ewéi engem Joerhonnert net gemaach haten. Grouss ekonomesch, sozial an edukativ Programmer goufe lancéiert fir Algerien un d'Metropol unzepassen. D'Integratioun vun der moslemescher Bevëlkerung gouf zum Zil erkläert.

Déi véiert Republik war also net inaktiv. Mee d'Regierungen haten eng kuerz Liewenserwaardung an d'Pieds-noire souwéi d'Arméi hunn de Parteie mësstraut. Ufanks Mee 1958 hu se d'Ernennung vum Pierre Pflimlin zum Regierungschef ewéi eng Provokatioun gesinn. Deen chrëschtlech-soziale Politiker aus dem Elsass hu se verdächtegt mam FLN, der algerescher Onofhängegkeetsbeweegung, verhandelen ze wëllen. Nodeems dann och d'Noriicht koum, datt den FNL dräi franséisch Krichsgefaangener exekutéiert hat, koum et zu Alger zum Opstand.

Den 13. Mee gouf de Gouvernement général, Sëtz vun der franséischer Administratioun an Algerien, vun de Pieds-noire gestiermt, an e Comité de salut public ausgeruff. D'Presidence vum Comité krut de Général Jacques Massu, en engagéierte Gaullist. De Pierre Pflimlin huet d'Rebellen zwar dozou opgeruff déi republikanesch Uerdnung ze respektéieren, huet awer soss näischt géint se ënnerholl. D' Rebellen hunn hirersäits schonn déi nächst Etapp geplangt fir de Paräisser Pouvoir ze stierzen an den De Gaulle un d'Muecht ze bréngen.

De 24. Mee si Parachutisten aus Algerien zu Ajaccio gelant an hunn d'Kontroll iwwer Korsika geholl. Dat war déi éischt Etapp vun der "Opération Résurrection". Déi zweet Etapp sollt eng Invasioun vu Paräis duerch franséischen Arméieenheeten aus Algerie sinn. D'Rebellen hunn der Regierung bis den 29. Mee Zäit gi fir ze demissionéieren.

Reinkarnatioun vun der franséischer Resistenz

Den De Gaulle, deen et während dem Zweete Weltkrich fäerdegbruecht hat d'franséisch Resistenz z'inkarnéieren, hat sech 1946 vun der Muecht zeréckgezunn. Déi véiert Republik hat en zanterhier permanent als schwaach a korrupt denoncéiert. Elo hat en d'Méiglechkeet seng Visioun z'imposéieren.

Den 19. Mee huet en eng Pressekonferenz organiséiert. D'Rebelle vun Alger huet en net veruerteelt, hien huet souguer hiren Opruff acceptéiert. En huet awer och versicht d'Ëffentlechkeet ze berouegen, huet drun erënnert, datt hien d'Republik restauréiert hat a folgend, dënnt mee wierksamt, Argument ginn: "Pourquoi voulez-vous qu'à 67 ans je commence une carrière de dictateur".

Eng Woch méi spéit, an der Nuecht vum 27. Mee, koum et zu engem Gespréich tëschent dem De Gaulle an dem Pierre Pflimlin. Den De Gaulle huet erëm refuséiert d'Rebelle vu Alger ze veruerteelen an huet widderholl, datt hien den Eenzege wier, deen erëm Uerdnung kéint bréngen.

Den Ufank vun enger Negociatioun

De Pflimlin war iwwerzeegt, datt dat Treffe just den Ufank vun enger Negociatioun war. Mee e puer Stonne méi spéit huet den De Gaulle e Pressecommuniqué verëffentlecht an deem en annoncéiert huet, datt hien am Gaange war eng nei Regierung opzebauen. Den 28. Mee huet de René Coty, President vun der franséischer Republik den De Gaulle offiziell zum Regierungschef ernannt. Déi Ernennung gouf den 1. Juni duerch e Vott vun der Assemblée nationale bestätegt. Kuerz dono krut den De Gaulle, dank de Stëmme vun de Sozialisten, d'Vollmuecht déi et him erlaabt huet eng nei Verfassung ze redigéieren.

Wat deemools passéiert ass, huet vill gemeinsam mam Ufank vum spuenesche Biergerkrich: Eng kolonial Arméi aus Nordafrika, déi e republikanesche Regime zerstéiert. Zum Schluss ass alles relativ friddlech verlaf well de Regime kapituléiert huet an den Evenementer de Schäi vun der Legalitéit ginn huet. "C'est parce que le parlement s'est couché qu'il n'y a pas eu de coup d'État !", huet den franséische Staatsmann Pierre Mendès-France spéider resuméiert.