Radioen

On air

De Moien  |  Presserevue

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Infrastruktur muss weider verbessert ginn

Fraefussball

D'Infrastruktur muss weider verbessert ginn

Leschte Samschdeg hat d'Lëtzebuerger Fraen-Nationalequipe am Fussball an engem Testmatch mat 0:5 géint de Kosovo verluer. Et hätt een zwar gutt mat gespillt, seet den Nicolas Schockmel vun der FLF, d'Spillerinnen aus dem Kosovo wieren awer kierperlech besser gewiescht an och méi séier mam Ball.

auto_stories

2 min

Generell wier de Kosovo eng Natioun, déi an de leschte Joren eng séier an exzeptionell Entwécklung gemaach hätt, de Moment géifen och siwe Spillerinne vun hinnen am Ausland spillen.

Fir de Lëtzebuerger Fraefussball no vir ze bréngen, misst ee bei de Veräiner usetzen, seet de Nicolas Schockmel. Do misst nach méi intensiv geschafft an den Encadrement verbessert ginn. Zu Lëtzebuerg hätten nach vill Trainere keen Trainerschäin. An do zitt den Nicolas Schockmel nach eemol de Verglach mam Kosovo:

"Am Kosovo sinn et vill Equippen, déi Trainerinnen hunn, déi de "B"- oder esou guer den "A"-Trainerschäin hunn. Ech menge bei eis an der éischter Dammen-Liga hu mer zwee Trainer, déi den A-Schäin hunn, an een deen de B-Schäin huet."

Dat wier kee Virworf, well et bräicht een déi Leit, an et misst een hir Aarbecht respektéieren, mee do wier awer nach Verbesserungs-Potenzial.

Fraefussball promouvéieren

D'Visibilitéit vum Fraefussball hei zu Lëtzebuerg wier awer gutt, esou den Nicolas Schockmel vun der FLF, do géif ee vill maachen.

"Den Dammefussball hei zu Lëtzebuerg ass eng grouss Famill. Bei der Coupe-Finall komme mer op 1.000 Spectateuren, dat si ganz vill Leit. Beim Match géint de Kosovo ware 400 Leit zu Biissen. Wa mir e Match hunn, da kommen d'Leit och kucken."

Wann een de Fraefussball an de Männerfussball vergläicht, ginn et do eng Rei Ënnerscheeder, och hei zu Lëtzebuerg. Een dovunner ass, datt wann d'Häre Lännermatch hunn, paust de ganze Championnat. Bei de Fraen waren de Samschdeg awer nach Matcher an der zweeter an der drëtter Divisioun. An dat hätt och e Grond, seet de Nicolas Schockmel.

"Mir hu Problemer mat all eise Matcher iwwer d'Ronnen ze kommen. Mir probéieren et ze evitéiere vill Matcher an der Woch ze spillen, well ganz vill Meedercher am Ausland an de Schoulen an Universitéite sinn an dofir probéiere mir dann esou vill wéi méiglech op de Weekend ze leeën."

Donieft kéint een och net an de Vakanze spillen, well et hätt een eng ganz jonk Equipe, déi an deene Wochen dacks mat hirer Famill an der Vakanz wieren, esou nach den Nicolas Schockmel.