Radioen

On air

Notturno  |  Cloth - Never Know

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Jéinescht

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

D'Jéinescht

De Sam Mersch, Sproochhistoriker beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch, erzielt eis an der Serie "Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch" eppes iwwer den Numm vun der Sprooch a seng Bedeitung.

auto_stories

4 min

Simon Larosche: Gudde Moie Sam. Wann ech mech richteg erënneren, wollts du eis haut eppes iwwert d'Jéinescht erzielen?

Jo, dat ass de Plang. Fänke mer och direkt un. Kanns du mer vläicht soen, wat Jéinesch iwwerhaapt heescht?

Wat mengs de? Den Numm vun der Sprooch? Ma dat ass jo just den Numm?

Jo, et ass den Numm, mee och Nimm hunn eng Bedeitung. Am Jéineschen heescht jéinesch souvill wéi schlau, hell, klug. Fréier ass mol ugeholl ginn, datt et éischter eppes mam Wuert Gauner ze dinn hätt. Dat ass awer éischter schwiereg.

Et ass méi einfach d'Wuert aus dem Romani ze erklären. Do gëtt et ee Verb dšan, dat wëssen heescht. Et muss een et da sou erklären: een, deen eppes weess, deen ass schlau.

Du sos lo Romani, wat ass dat dann?

Dat huet ee fréier mol Zigeinersprooch genannt. Et ass awer sou, datt et net nëmmen eng Sprooch ass, mee vill Variante vun enger Sprooch, déi ganz no mat den indesche Sprooche Famill ass. Déi Variant bei eis an der Géigend gëtt heiansdo Roma oder Sinti genannt. D'Wuert Sinti heescht genausou wéi Hindi oder Hindu (wéi an Hinduismus) och nëmmen indesch.

A wat huet dat mam Jéineschen ze dinn?

Ma d'Jéinescht ass gewuess aus enger Hellewull vu verschidde Sproochen. D'Romani ass nëmmen eng dovunner. Nieft dem Romani hunn d'Jiddescht an nach aner héich- oder plattdäitsch Dialekter ee groussen Afloss (op d'Jéinescht) gehat

Jiddesch, dat ass jo interessant, hues de do e Beispill?

Dibberen, zum Beispill, dat heescht schwätzen oder soen. Awer och Schécks a Schnorri. Déi kennen déi meescht Leit jo nach.

Et ass jo sou, datt d'Jiddescht eng germanesch Sprooch ass, déi awer e groussen Afloss vum Hebräeschen an och vum Slaweschen hat. Dat heescht och, datt een heiansdo dat eent oder dat anert Wuert awer versteet. Sou wéi shlepn fir schleefen an aneres.

Kuff d'Schmull, dat kennen ech och nach aus dem Jéineschen.

Ma wat heescht da Kuff d'Schmull?

Hal de Bak! Also net du ... mee dat heescht et, mengen ech.

Jo. D'Schmull ass de Mond. A kuffen heescht u sech eppes wéi schloen, geheien oder leeën. Mee a kuff d'Schmull heescht et: hal de Mond.

A wou kommen déi Wierder hier?

Béid hunn eng germanesch Etymologie. D'Schmull huet nämlech eppes ze di mat schmunzelen op Lëtzebuergesch, schmollen op Däitsch a smile op Englesch. Et bezeechent ëmmer, datt de Mond sech verformt.

Kuffe kann ee vergläiche mam Engleschen to cuff an dem Schweedesche kuffa.

Jo, mee to cuff heescht jo engem d'Handschellen uleeën.

Du kucks ze vill englesch Krimien. Déi Bedeitung, vun där s de schwätz, kënnt vum Ausdrock to put on handcuffs, mee ursprénglech hunn to cuff (an och kuffa) einfach nëmmen d'Wuert schloe bezeechent.

Also heescht dat dann, datt d'Jéinescht ëmmer aus jiddesche Wierder, germanesche Wierder a Saachen aus dem Romani zesummegesat ass?

Et gëtt bei wäitem méi wéi dat. Du muss bedenken, datt et Jéinesch a ville Variante gouf, an déi Versioun, déi hei geschwat ginn ass, nëmmen eng dovunner war. Mee, well se hei benotzt gouf, fënnt een och Wierder mat enger lëtzebuergescher Originn am Jéineschen.

A sou, wat dann zum Beispill?

Ma d'Wuert rafen am Sënn vun auszortéiren. Oder de Reedel. Dee bezeechent bei eis ee mechanesche Verschloss, mee wann een un déi längelzeg Form denkt, da mécht et och Sënn, wann et am Jéineschen e Reedel Dobberech heescht, also e Reedel Tubak.

Wat gëtt et dann nach sou?

Et gëtt sou munches. Et komme Saachen aus dem Franséischen, sou wéi de Péckes, also d'Glas Branntewäin, awer och aus dem Laténgeschen, sou wéi de Sporkes oder Spuerkes. Dat bezeechent e Schwäin. An da ginn et der och, wou een einfach net kloer soe kann, wou se hierkommen, sou wéi bei der Quinn fir en Hond zum Beispill.

Ginn et där da vill? Vläicht kanns de eis nach e puer opzielen.

Et ginn der genuch, an dat géing och lo ze vill ginn. Déi nächst Kéier, wann et rëm u mir ass, dann zielen ech iech eppes iwwer al Saachen am Renert.