Radioen

On air

Notturno  |  The Good, The Bad & The Queen - Merrie Land

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Joreszäiten

Reen a Bou

D'Joreszäiten

Op der Äerd ënnerscheede mir tëschent véier Joreszäiten: Fréijoer, Summer, Hierscht a Wanter. Wéi kommen dës Zäiten eigentlech zustanen? A firwat differenzéiere sech déi meteorologesch Joreszäite vun deenen, déi um Kalenner stinn?

auto_stories

6 min

De Philippe Ernzer erklärt Hannergrënn zum Wieder. Foto: Archiv.

Fir d'éischt géif ech gäre mat Iech klären, wéi déi eenzel Joreszäiten eigentlech zustane kommen. Als Basis huele mir de Fait, datt d'Achs vun der Äerd net am rietse Wénkel zu der Sonn steet. Et ass also ëmmer eng Hallschent vun der Äerdkugel, déi der Sonn méi zougedréit ass, wéi déi aner. Ass d'Nordhallefkugel der Sonn zougeneigt, dann ass do Summer. Zur selwechter Zäit ass op der Südhallefkugel awer Wanter.

Unzemierken ass, datt den Neigungswénkel vun der Äerd ëmmer dee selwechten ass. Datt sech am Laf vun der Zäit déi eng Hallefkugel der Sonn méi zouneigt wéi déi aner, huet mat der Ëmkreesung ronderëm d'Sonn ze dinn. Wier de Neigungswénkel beispillsweis dat ganzt Joer iwwer am rietse Wénkel zu der Sonn, da géifen et keng Joreszäite ginn.

"Tagundnachtgleiche"

Zweemol d'Joer gëtt et awer eng Ausnam: Am Mäerz an am September gëtt et jeeweils een Zäitpunkt, bei dem d'Äerdachs tatsächlech am rietse Wénkel zu der Sonn steet. Dat ass och dee Moment, wou d'Sonn hiren Héchststand genee iwwer dem Äquator fënnt. Dës Konstellatioun gëtt och nach Tagundnachtgleiche genannt.

D'Tagundnachtgleiche, déi all Joer am Mäerz virkënnt, kënnegt dat kalendarescht Fréijoer fir d'Nordhallefkugel un. Zur selwechter Zäit gëtt et op der Südhallefkugel kalendareschen Hierscht. Bei der Tagundnachgleiche am September geschitt de Géigendeel: op der Nordhallefkugel gëtt kalendareschen Hierscht, op der Südhallefkugel kalendarescht Fréijoer.

Beim Begrëff Tagundnachtgleiche géif ee mengen, datt et genee sou laang Dag ass wéi Nuecht, also 12 Stonnen hell an 12 Stonnen däischter. Dëst ass awer net ganz korrekt: De Sonnenopgank gëtt doduerch definéiert, datt den ieweschte Rand vun der Sonn iwwer dem Horizont ze gesinn ass.

D'Sonn ass der Definitioun no also och eréischt ënnergaangen, wa sech den ieweschte Rand vun der Sonn hanner dem Horizont verstoppt. Iwwerdeems d'Sonn vum ënneschte Rand bis hin zum ieweschte Rand ënnergeet, verginn awer nach puer Minutten. Dëst ass de Grond, firwat et minimal méi wéi 12 Stonne laang Dag ass.

Déi kalendaresch Joreszäiten

Komme mir zeréck op d'Entstehung vun de kalendaresche Joreszäiten. Am Juni erreecht d'Äerd dee Punkt op der Ëmlafbunn, vun deem un den Nordpol der Sonn am meeschten zougeneigt ass. Dëst ass och den Zäitpunkt, wou d'Sonn logescherweis hiren héchste Stand um Himmel erreecht. D'Ried ass vun der Sommersonnenwende.

D'Sommersonnenwende markéiert dee längsten Dag vum Joer an och de Start vum kalendaresche Summer op der Nordhallefkugel. Dee selwechten Dag fänkt am Süden de kalendaresche Wanter un.

Am Dezember kënnt et zur Wintersonnenwende. Bei der Wintersonnenwende geschitt dat selwecht wéi bei der Sommersonnenwende, just ëmgekéiert. D'Sonn erreecht op der Nordhallefkugel den niddregsten Héchststand um Himmel. Et ass de kierzten Dag vum Joer, deen den Ufank vum kalendaresche Wanter markéiert. Op der Südhallefkugel ass vun dësem Zäitpunkt u kalendaresche Summer.

All kalendaresch Joreszäit fänkt matten am Mount un. D'Fréijoer tëschent dem 20. an dem 22. Mäerz, de Summer den 21. Juni, den Hierscht tëschent dem 22. an dem 23. September an de Wanter tëschent dem 21. an dem 22. Dezember.

Déi meteorologesch Joreszäiten

Aneschters wéi bei de kalendaresche Joreszäite fänken déi meteorologesch Joreszäiten ëmmer genee am Ufank vun de Méint un. Dat heescht also, datt vum 1. Mäerz u Fréijoer, vum 1. Juni Summer, vum 1. September Hierscht a vum 1. Dezember u Wanter ass.

De Grond dofir ass ganz simpel: Sou gëtt d'Auswäertung vun de Wiederdate vereinfacht, well ee mat ganze Méint rechne kann. Et handelt sech also ëm eng vereinfacht Andeelung vun de Joreszäiten.

D'Joreszäiten an der Natur: D'Fréijoer ...

Mir wëssen elo also, wat den Ënnerscheed tëschent de kalendareschen an de meteorologesche Joreszäiten ass a wéi se entstinn. Mee wéi maache se sech an der Natur bemierkbar?

D'Fréijoer ass déi Joreszäit, an där d'Natur erwächt. Iwwer Bierg an Dall gëtt et nom laange Wanter mol erëm faarweg an et bleift och schonn däitlech méi laang hell. Op de Mënsch wierkt sech dat ganz positiv aus: Et fillt ee sech méi motivéiert, et fält engem méi einfach, moies aus dem Bett ze kommen an et ass een dacks gutt gelaunt.

Lues awer sécher verschwënnt d'Wanterkleedung am Schaaf an et freet ee sech, erëm méi kuerz a liicht Saachen unzedoen. D'Saison vum T-Shirt leeft also sou lues un.

... de Summer ...

Am Summer gëtt et waarm, d'Natur ass schéi mat méi hellen a méi däischtere Faarftéin betount an et kann ee gutt vun der Sonn profitéieren. Ass et awer ze dréchen, sou wéi mir et beispillsweis 2018 haten, da kann aus der säfteger Natur awer och eng dréche Landschaft ginn.

Et gëtt op Reen gehofft, fir datt virun allem an der Landwirtschaft de finanzielle Schued ausbleift. Et muss een awer soen, datt 2018 schonn ee méi markant Beispill war. All Joer kënnt et zu dréchene Phasen, just war déi aus der jéngster Vergaangenheet eng méi zolidd.

... den Hierscht ...

An da kënnt déi Zäit, wou eis de schéine Summer leider Äddi soe muss. Den Hierscht steet virun der Dier, dee sech och däitlech un de Planzen an un de Beem bemierkbar mécht. D'Blieder fierwe sech vun engem knallege Rout bis hin zu brong, éier se dann op de Buedem falen.

Dëst ass iwwregens och d'Zäit vun de Käschten. Se fale vun de Beem, d'Kanner rafen se op a virun allem an de Schoule gëtt dann domadder gebastelt. Et gëtt erëm méi dacks ongemittlech dobaussen - méi kill, méi naass a méi lëfteg - d'Nofro no méi décker Kleedung gëtt also erëm méi grouss.

... an de Wanter

D'Natur huet sech am Hierscht op de Wanter virbereet, deen onmëttelbar bevirsteet. Un de Beem si keng Blieder méi, d'Natur huet bal all hir Faarf verluer. D'Leit sinn net méi sou motivéiert an hu méi dacks schlecht Laun wéi am Summer. Jee no Wiederlag läit och schonn e bësse Schnéi, wat zemools ronderëm d'Chrëschtdagszäit gutt kënnt.

D'Wintersonnenwende hu mir an deem Moment awer schonn hanner eis, sou datt ee sech schonn op déi méi laang Deeg freeë kann.

Zum Schluss dann nach e klenge Fakt, deen deen een oder anere vun Iech vläicht verwonnere kéint. D'Ëmlafbunn vun der Äerd ronderëm d'Sonn ass jo net ronn wéi e Krees, mee elliptesch, also oval. Sou verännert sech am Verlaf vum Joer also d'Distanz tëschent der Äerd an der Sonn.

Dacks gëtt gesot, datt dës Distanz eppes zu der Joreszäit bäidroe géif, an datt et domadder Wanter wier, wann d'Äerd am wäitste vun der Sonn fort ass. Dat ass awer just eng Behaaptung. D'Wourecht ass awer, datt d'Distanz tëschent der Äerd an der Sonn am Laf vum Joer ganz egal ass. Am Juni ass d'Sonn iwwregens méi wäit vun der Äerd fort, wéi am Dezember.