Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Reyna Tropical - Cartagena

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Keeseminnen an den Escher Industrie-Patrimoine

Kultur

D'Keeseminnen an den Escher Industrie-Patrimoine

Soll een d'Äerzbunkeranlag vun der aler Schmelz vun Terre rouge zu Esch erhalen an an den Urbaniséierungsplang vum fréieren Industriegebitt "op der Grenz" integréieren?
Oder ass se net erhalenswäert a soll se ofgerappt ginn? Déi Fro steet aktuell an der ëffentlecher Debatt. Den Zäithistoriker Jacques Maas beliicht d'industriekulturell Motiver, déi fir den Erhalt vun der Industrieanlag stinn.

auto_stories

7 min

"Fort mat dem ale Krëppeng", "Rappt dee baufällege Schrott of", "Ass einfach ellen" - Verschidden negativ Commentairen op d'Bestriewe vun der Associatioun fir Industriekultur, déi sech ë. a. fir d'Erhale vun de sougenannte Keeseminnen, ofgeleet vum franséische "caisses à mine", als Bestanddeel vum industrielle Patrimoine vum Lëtzebuerger Minett asetzt, weisen op eng Ofleenung vun esou engem Bestriewen - virop aus ästheetesch-optesche Grënn - hin.

Wann et ëm den industrielle Patrimoine geet, gräife reng ästheetesch Consideratiounen awer ze kuerz. Opschonn: Wann ee sech dee konscht-fotografesche Reportage ukuckt, deen déi international renomméiert Fotografe vun Industrieanlagen, Bernd an Hilla Becher, 1979 iwwer d'Escher Schmelz vun Terre rouge realiséiert hunn, da kann een déi ästheetesch Dimensioun, déi vun esou enger Industrieanlag ausgeet, net ofstreiden.

Allgemeng gekuckt weist de Begrëff Industriekultur op d'Kulturgeschicht vum Industriezäitalter hin, op d'Bedeitung vun Technik an Innovatioun, op d'Sozialgeschicht vun der Aarbecht an den Aarbechter, op d'Geschicht vun der Industrie-Architektur, op d'Evolutioun vun den industrielle Produktiounsprozesser.

D'Fro stellt sech, aus wéi enge Grënn verdéngt esou eng Industrieanlag wéi d'Keeseminne vun Terre rouge als Deel vum industrielle Patrimoine vun Esch, - a vum Minett -, erhalen a geschützt ze ginn.

Eng international Referenz an der Geschicht vun der Industrie-Architektur

Virop: Wéi eng architekturgeschichtlech Bedeitung huet déi Äerzbunkeranlag, déi 1907 zu Esch op der fréierer Brasseurs-Schmelz gebaut gouf?

Déi Industrieanlag op der Terres-Rouges-Schmelz - wéi dës vun 1919 un genannt gouf - huet souwuel vun der Bauweis, der Funktioun an och vun der Dimensioun eng Bedeitung, déi een onbedéngt an hiren internationale Kontext setze muss.

Et handelt sech heibäi nämlech ëm eng vun deenen éischte groussen Industrieanlagen, déi a Béton armé realiséiert goufen. An domat ginn déi Gebailechkeeten och zu engem Symbol vun der Zweeter Industrieller Revolutioun ëm d'Joerhonnertwenn vum 19. op dat 20. Joerhonnert. An deene respektive Joren um Schluss vum 19. Joerhonnert - am éischte Joerzéngt vum 20. Joerhonnert - fänkt d'Bautechnik a Béton armé u sech ze behaapte bei der Realisatioun vu grousse Gebailechkeeten, an dëst géintiwwer der traditioneller Bauweis mat gebakenen Zillen an Natursteen, esou wéi dat üblech war wärend der Phas vun der Éischter Industrieller Revolutioun am 19. Joerhonnert.

D'Äerzbunkeranlag vun Terre rouge gëtt dann och vun engem vun de Pionéier vun der Konstruktioun a Béton armé an Europa realiséiert - nämlech vum Schwäizer Ingenieursbüro Eduard Züblin, deen zanter 1898 e Firmesëtz zu Stroossbuerg huet. Duerch hire Pionéiercharakter an duerch hir revolutionär Funktiounsweis an der Zouféierung vun der Matière Première an den Héichiewen, gëtt déi nei Escher Anlag dann och an der Fachpress vun Architektur an Industrie vun där Zäit vill beuecht an ausféierlech presentéiert: Dat ass de Fall a spezialiséierte Fachzäitschrëfte wéi Stahl und Eisen, Schweizerische Bauzeitung, Beton und Eisen, oder och an Architektur-Léierbicher wéi d'Handbuch für Eisenbetonbau, vun 1913.
Zu den international beuechte Meeschterleeschtungen a Béton armé vun der Firma Züblin gehéieren d'Getreide-Siloen am Hafe vu Stroossbuerg, de Bau vu grousse Garen an Hotels-Anlagen, wéi den Grand Hôtel Excelsior zu Triest, an eben d'Keeseminne vun Terre rouge zu Esch als Industrieanlag. An net ze vergiessen: d'Firma Züblin huet och 1912 déi weltbekannte Bréck a Béton armé vum Langwieser Viadukt op der Rhätische Bahn bei Arosa an der Schwäiz gebaut. Dës Bréck ass haut denkmalgeschützt - "Kulturgut von nationaler Bedeutung" an der Schwäiz.

Produktioun a kontinuéierlechem Floss

D'Keeseminne vun Terre rouge hunn net nëmmen eng architekturgeschichtlech Bedeitung, se hunn och eng ganz besonnesch industriegeschichtlech Relevanz.

Déi fir déi deemoleg Zäit ganz innovativ Mechaniséierung vun der Zoufuer vun de Rohstoffer am Héichuewebetrib, weist op en éischte wichtege Schrëtt hin op d'Rationaliséierung vum Produktiounsoflaf an der europäescher Siderurgie.

D'Rationaliséierung vun de Produktiounsofleef ass e Kennwuert vun der Zweeter Industrieller Revolutioun, ufanks vum 20. Joerhonnert. D'Produktiounszil besteet doran, d'Rohstoff-Zoufuer fir d'Héichiewen a kontinuéierlechem Floss ze erméiglechen, dat heescht gréisser Stockage-Capacitéiten unzeleeën, fir am Noutfall, bei engem Accident an de Minnen oder beim Ausbroch vun engem Aarbechterstreik, den Héichuewebetrib net mussen ze ënnerbriechen.

Dëst Produktiounszil gouf zu Esch op Terre rouge fir d'alleréischt realiséiert duerch en ausgeklügelte voll-mechaniséierten Offëllsystem aus den Äerztäschen an d'Kippween ënner den Äerzbunkeren.
Dëse mechaniséierten Offëllsystem gouf vun Züblin speziell fir d'Escher Schmelz konstruéiert, do getest an definitiv a Betrib geholl.

Och aus dësem Grond ass déi Escher Anlag eng Pionéieranlag.
Vun 1909 u kann d'Minett op der Escher Schmelz mechanesch an d'Kippween ofgefëllt ginn, d'Kipper an de Schréi-Opzuch fir op den Héichuewen agehaange ginn - an dann uewen op der Giichtbün an den Héichuewe gekippt ginn.
Do wou ee bis dohin Ekippe vun Dosende vun Aarbechter gebraucht huet fir d'Chargë Schicht pro Schicht ze schëppen, geet elo een eenzelen Aarbechter duer fir den Offëllsystem ze betätegen an e Buggi banne 15 Sekonnen ze fëllen.

Déi nei Escher Äerzbunkeranlag ass net nëmmen e Beispill fir déi technikgeschichtlech Entwécklung vun der Lëtzebuerger Siderurgie. Se huet och eng regionalgeschichtlech Bedeitung - bis zur Produktiounsschléissung an den 1970er Joren.
Et gouf do nämlech a groussem Ëmfang och loutrengesch Minett aus de Minne Montrouge a Saint-Michel bei Audun-le-Tiche a vu Réide stockéiert. A vun 1912 u gouf déi nei Belvaler Schmelz vun Terre rouge aus zur Hallschent beliwwert.

Technesch Innovatioun an hir sozial Konsequenzen

Zu de Motiver, déi d'Generaldirektioun vum Aachener Hütten-Actien-Verein - där déi Escher Schmelz zanter 1892 ënnerstung - dozou geféiert hunn déi héichmodern Äerzbunkeranlag zu Esch bauen ze loossen, zielt och de sozialen Aspekt vun der Personalpolitik vun der Firma. Et koum nämlech an de Joren ëm 1900 relativ heefeg zu méi oder wéineger spontane Streike vun den Héichuewenaarbechter am Roulage.

D'Rouleuren am Héichuewebetrib, an der Majoritéit italienesch Awanderer, hu missen d'Oflueden an d'Chargéiere vun Äerz a Koks an d'Kippween vun Hand mat der Schëpp erleedegen - eng schwéier a penibel Aarbecht, déi och nach schlecht bezuelt gouf. Dofir koum et ëmmer erëm zum Streik - deemno zur Ënnerbriechung vum Produktiounsoflaf am Héichuewebetrib.

Mat der Mise en Service vun där duerch an duerch mechaniséierter neier Anlag vun Züblin ginn déi grouss Aarbechter-Ekippen am Roulage net méi gebraucht. An et léisst sech feststellen, datt an de Jore vun 1909 op 1913 dräivéierel vun den Aarbechtsplazen an deem Service op der Schmelz vun Terre rouge ofgebaut goufen oder ewech rationaliséiert goufen, wéi mer haut géife soen.

Wat d'Thematik vun der Evolutioun vun der industrieller Produktivitéit ubelaangt, ass déi neiaarteg Äerzbunkeranlag vun Esch en treffend Beispill - fir d'Relatioun tëschent techneschem Fortschrëtt an hire soziale Konsequenzen am Aarbechtsprozess ze illustréieren.

E bedeitend Element vum Escher Industrie-Patrimoine

D'Gebailechkeete vun de Keeseminnen op Terre rouge markéieren d'Industrielandschaft, am Südoste vun Esch - op der Grenz - zanter méi wéi engem Joerhonnert. Se weisen op d'Bedeitung vun der Schwéierindustrie fir déi wirtschaftlech a sozial Entwécklung vun der Industriestad Esch hin.

Se sinn haut Deel vun engem industriekulturellen Ensembel, dee vun de Minnen am Ellergronn, mat deenen aneren industriegeschichtlech wäertvolle Gebailechkeete vun der aler Terre rouge Schmelz, bis zu de Verwaltungsgebaier an dem fréiere Casino vun der Gelsenkirchener Bergwerks-AG, deem haitegen Escher Museksconservatoire reecht.

Wat déi industriekulturell Ierfschaft an d'Protektioun vun der historescher Bausubstanz ubelaangt, gëllt et awer net nëmmen - a priori - Gebaier mat administrativer oder sozialer Funktioun, déi méiglecherweis eng méi gefälleg Architektur opzeweisen, ze konservéieren, a bedeitsame Produktiounsanlagen ze berücksichtegen.

D'Äerzbunkeranlag vun Esch Terre rouge ass ouni Zweiwel en Industriemonument - och no de Krittäre vum aktuelle Projet de loi iwwer d'Protektioun vum Patrimoine culturel.

Et wier méi wéi bedauerlech, wann d'Keeseminne vun der aler Terre rouge Schmelz zu Esch géifen definitiv zerstéiert ginn. Et geet heibäi ëm e Referenz-Bauwierk vum Patrimoine industriell vun der Stad Esch a vum Minett!