Radioen

On air

Espresso Beats  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Keeseminnen - En eenzegaartegt Industriemonument

Zäithistoriker

D'Keeseminnen - En eenzegaartegt Industriemonument

D'Äerzbunkeranlag um Site vun der Terre-Rouge-Schmelz zu Esch ass net nëmmen zanter méi wéi 100 Joer eng Landmark vum Hiehler/Grenzer Quartier. Dës "Keeseminnen" erzielen e wichtegt Stéck vun der technologescher a sozialer Geschicht vum Bassin minier.

auto_stories

5 min

Esch a. d. Alz., 12. Juni 1900:

"Schmelzunglück. - Heute Mittag gegen 2 Uhr, wurde unsere Ortschaft durch einen furchtbaren Knall in Aufregung gesetzt; alles stürzte auf die Gassen, an Thüren und Fenster; was war geschehen? Morgens hatte man auf der oberen Schmelz 'Aachener Hütte' den großen prachtvollen, nach neuestem amerikanischen System erbauten Ofen angesteckt - jetzt war ein bedeutender Teil der Gasableitungsröhre, welche die Gase aus dem Ofen in die weiten Gasbehälter abführen, in die Luft geflogen und hatten überall Ruin und Verderben getragen. Ein Italiener blieb zur Stelle tot; einige andere wurden mehr oder weniger erheblich verletzt."

Dësen Auszuch aus engem Artikel aus der Lokalrubrik vum Luxemburger Wort vum 13. Juni 1900 weist engersäits déi permanent Gefor där d'Aarbechter op der Schmelz ausgesat waren. Op der anerer Säit ënnersträicht e beim geneeë Liesen déi konstant Beméiunge vun den Ingenieure vun der Aachener Hütte un der Spëtzt vum technesche Fortschrëtt ze stoe fir d'Produktiounskäschten ze senken. Déi Escher Brasseurschmelz war 1892 an den Oochener Hüttenaktienverein Rothe Erde integréiert ginn an huet vun 1919 un Terre Rouge geheescht, wéi de Jacques Maas d'lescht Woch erkläert huet. 1899 decidéiert den däitschen Direkter Rudolf Seidel déi rezentst technologesch Innovatiounen anzeféieren an en neien Héichuewen opzeriichten, nom amerikaneschen Typ Cleveland, e Koloss fir déi Zäit mat Schréi-Opzug. 1915 schreift de Bernhard Osann souguer a sengem "Lehrbuch der Eisenhüttenkunde" dat heiten:

"In Deutschland wurde der erste Schrägaufzug mit Kippgefäß in Esch an der Alzette, auf dem Hochofenwerk der Rothe Erde von Rudolf Seidel, etwa um 1899, eingebaut".

Ronderëm dësen héichmodernen Héichuewen Nr. V hunn d'Niewenanlagen dunn och misse renovéiert ginn. Eng nei Eisenäerzbunkeranlag aus Beton armé huet missen déi al caisses à mine ersetzen. Déi traditionell caisses à mine, déi d'Lëtzebuerger Keeseminnen an d'Italiener cassemine genannt hunn, waren dacks einfach Holzbude mat engem Wellblechdaach.

Streik an de Keeseminnen

Si goufen awer net nëmmen aus technologesche Grënn ersat. Et goung och ëm d'Aarbecht, d'Aarbechter an hir Kämpf. An de Keeseminnen am Roulage vun den Héichiewen hunn haaptsächlech Italiener geschafft, fir d'Eisenäerz op- an ofzelueden. Dës Aarbecht war ganz haart a schlecht bezuelt derbäi. Dowéinst koum et méi wéi eemol zum Streik an dësem Betrib, mat engem Héichpunkt am Joer 1905.

An am Streikfall war d'Luede vum Héichuewen an domat de ganze Schmelzbetrib a Gefor. Och dofir decidéiert de Rudolf Seidel 1906 eng ultramodern Rezeptiouns-, Lager- a Verdeelungsanlag vum Eisenäerz ze bauen, déi aus enger Äerzbréck an 30 Äerzbunker aus Beton armé besteet.

Bauhär vun deem Risekomplex war déi Schwäizer Firma Züblin, déi sech 1898 zu Stroossbuerg installéiert hat. D'Aarbechter vum Roulage, där hir Zuel drastesch reduzéiert ka ginn, stelle keng Gefor méi fir d'Produktioun duer. En plus erlaabt den neie System enorm Stocke vun Eisenäerz laanscht d'Äerzbréckopzeriichten opzeriichten.

Keng Liwwerenkpäss

D'Héichiewe kënne souguer am Streikfall beliwwert ginn, mat Hëllef vun enger grousser mat Damp ugedriwwener Schëpp, déi d'Waggonen fëllt, éier se iwwer d'Äerzbréck an d'Keeseminne koumen. Also kee Mangel u Minett a keng Zwangsofschaltung vun den Héichiewen méi.

Enkpäss bei der Héichuewebeliwwerung konnten ëmsou manner toleréiert ginn, wéi ënner der Direktioun vum Seidel mat der Uhling-Géissmaschinn eng weider Innovatioun aus Amerika ageféiert gouf, déi ganz gefréisseg war a kontinuéierlech gefiddert huet misse ginn.

Déi nei Züblin-Kesseminne sollten sech och bewären, wéi et 1907 zur Fusioun tëschent der Oochener Gesellschaft, dem Schalker Gruben- und Hüttenverein an der Gelsenkirchener Bergwerks AG koum an d'Gelsenkirchener e puer Joer méi spéit déi gigantesch Belvaler Schmelz bauen, zanter 1912 ënner dem Numm Adolf-Emil-Hütte a Betrib, mat net nëmmen Héichiewen, mee och Thomas-Stolwierk a Walzwierker.

Transit vum Äerz

An deem Zesummenhang ass et wichteg ze betounen, datt d'Belvaler Schmelz u keng Minière direkt ugebonne war. Keng Schmuelspuerbunn vu Belval zu enger eegener Minn, keng Seelbunn, näischt! Dat ganzt Eisenäerz koum iwwer déi Normalspuerbunn, entweder iwwer de Prënz Henri oder iwwer déi privat Eisebunnslinn, déi d'Oochener Schmelz an der Hiehl mat der neier Belvaler Schmelz verbonnen huet.

Talbotwaggonen, déi op dëse Linne zirkuléieren, goufen ënner de Spezial Belval-Triichteren bei de Züblin-Keeseminnen an der Hiehl gelueden. D'Keeseminnen erlaben eng Zort Kombinat avant l'heure: dat ganzt Eisenäerz, dat vun alle Minett-Exploitatiounen vun der Oochener, respektiv Gelsenkirchener vun de Bassenge vun Esch-Rëmeleng an Däitsch-Oth koum (Heintzebierg, Eisekaul-Holzebierg-Prënz Henri, Komplex Rothe Erde Saint-Michel zu Däitsch-Oth) transitéiert iwwer d'Äerzbréck a gëtt dann an d'Züblin-Äerzbunker geschott, fir duerno weider a Richtung Héichiewe vun der Oochener Schmelz an der neier Adolf-Emil-Hütte zu Belval dispatchéiert ze ginn.

En Zäitzeien

Züblin baut kuerz drop och Anlagen op anere Sitten (zu Belval, op Arbed Esch-Schëffleng, Arbed Diddeleng asw.). Iwwerall ersetzt de Beton armé d'Industriegebaier aus Zillen, d'Symboler vun der éischter Entwécklungsphas vun der grousser Eisenindustrie.

D'Keeseminnen, dës Beton armé-Konstruktioun, fir de Laien e banaalt Gebai, ass net nëmmen zanter méi wéi 100 Joer eng Landmark vum ganzen Hiehler/Grenzer Quartier zu Esch, mee en ass an engems en Zeie vun historesche Phenomeener, duerch déi mer an déi transnational, technologesch, ekonomesch a sozial Geschicht vum lëtzebuergesch-louthrengesche Bassin minier andauche kënnen.

De Patrimoine schützen

Loosst eis net de Feeler maachen an zouloossen, datt e Monument vum industrielle Patrimoine wéi d'Keeseminnen zerstéiert gëtt. Si representéieren net nëmmen en eenzegaartege Site zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun. Hiert urbanistescht Potential ass och considerabel.

Hei just e puer Iddie fir nei Affektatioune fir d'Keeseminnen. Wärend déi iewescht Stäck fir Wunnengen oder Geschäfter ëmfunktionéiert kéinte ginn, kéinten d'Kelleren, wou fréier d'Waggone mat Minett a Koks zirkuléiert sinn, als Gare fir Zuch oder Tram genotzt ginn. Den Tram kéim zum Beispill vum Schëfflenger Site a géif iwwer d'Roud Lëns weider op Belval fueren.

Den Hiehler Quartier kéint desenclavéiert ginn duerch en Tunnel fir Zuch oder Tram an d'Barrière esou ewechgeholl ginn. D'Äerzbréck, 1988 ofgerappt, kéint an anerer Form nees opgebaut ginn an den zukünftegen Awunner vun der Rouder Lëns erméiglechen, direkt op de Plateau Barbourg, de fréiere Carreau de mines, ze kommen, deen als Park mat Wunnengen kéint amenagéiert ginn. D'Keeseminnen, en eenzegaartege Patrimoine an eng Chance fir Esch Terre Rouge.