Radioen

On air

De Moien  |  Billy Joel - Allentown

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Nuklearwaffe gehéieren zur Identitéit"

Nordkorea

"D'Nuklearwaffe gehéieren zur Identitéit"

Nordkorea huet am September mat sengem fënneften Atomtest och eng diplomatesch Bomm explodéiere gelooss. Méi streng Sanktioune ginn envisagéiert. Mee wieren déi iwwerhaapt efficace. A wat bedeit den Nuklearprogramm fir den nordkoreanesche Regime?

auto_stories

5 min

De Militär huet a Nordkorea e grousse Stellewäert. Foto: Bigstock

1945, mam Enn vum Zweete Weltkrich, huet sech Japan aus der koreanescher Hallefinsel zeréck gezunn. Doropshi gouf Korea an zwou Occupatiounszonen opgedeelt. D’Amerikaner hunn d’Kontroll iwwert de Süden iwwerholl, déi Rout Arméi war am Norde stationéiert. Déi Demokratesch Volleksrepublik vu Nordkorea gouf am Joer 1948 proklaméiert. Déi offiziell Ideologie vum kommunistesche Staat war war déi vum "Juche". Dorënner gëtt d'Méiglechkeet fir onofhängeg z'agéieren, verstanen.

Schonn deemools huet de Regime eng strikt Disziplin a komplett Treiheet vum Vollek gefuerdert. Iwwert d’Joren wier dës Muechtkonstruktioun erhale bliwwen, esou den Antoine Bondaz, Chercheur beim "Centre de Recherches Internationales" vu Science Po zu Parais. Nordkorea wier haut deen eenzegen autoritären an hereditäre Regime: D'Volleksrepublik gouf 1948 vum Kim II-sung proklaméiert an zënter Dezember 2011 ass säin Enkel un der Muecht. "Dem Kim Jong-un säi Regierungs-Stil gläicht deem vu sengem Grousspapp an ass méi no beim Vollék." Donieft hätt hien awer Elementer vun der Regierung vu sengem Papp, dem Kim Jong-il, iwwerholl: Virun allem d'Entwécklung vun engem Atom- a Ballistikprogramm.

Nuklearprogramm geet weider

An de 1990er Jore gouf d’Konzept vum "Songun" als offiziell Staatspolitik unerkannt. "Songun", dat ass d’Prioritéit vum Militär iwwert déi aner Staatsaffären an an der Allocatioun vun de Ressourcen. Den nordkoreaneschen Nuklearprogramm gouf doduerch staark gefuerdert. Am Oktober 2006 huet Nordkorea annoncéiert, den éischten erfollegräichen Nukleartest duerchgefouert ze hunn.

De 9. September 2016 war et schonn de Fënneften: Nëmmen e puer Méint nodeems d’UNO méi streng Sanktioune géint Nordkorea agefouert hat. Datt Nordkorea trotz de Sanktioune weider u sengem Nuklearprogramm schafft léich ënnert anerem dorun, datt d'Waffen zu der Identitéit vum Regime géife gehéieren, erkläert den Antoine Bondaz. "Déi nuklear Waffe gi vum Regime institutionaliséiert." Si géifen déi dynastesch Struktur vum Regime legitiméieren an d'Autoritéit vum Kim Jong-un stäerken.

"D'Wirtschaft ass geschwächt"

Fir de Kim Jong-un ass dës Muecht wichteg. Mat 27 Joer huet hien d’Spëtzt vum Regime iwwerholl. Trotz dem etabléierte Perséinlechkeetskult a Nordkorea, huet de Kim Jong-un seng Autoritéit misse beweisen. Nieft dem Nuklearprogramm huet hien dem Antoine Bondaz no ochd'Ekonomie gefërdert. Zënter datt hien um Pouvoir wier hätt de Staatschef probéiert, eng Partie wirtschaftlech Reformen - zum Beispill vun der Landwirtschaft - duerchzesetzen, erkläert de Chercheur.

Déi hätten awer net vill Succès gehat. "D'Wirtschaft a Nordkorea ass geschwächt. Op där enger Säit wéinst den internationale Sanktiounen, op där anerer Säit opgrond vu wirtschaftleche Feelentscheedungen zënter de 1950er Joren."

D'Gesellschaft am Wandel

Och wann d’Ekonomie wackeleg bleift, gouf et an de leschte Joren e gewëssene Wuesstem. Der Jenny Town vum U.S.-Korea Institute (USKI) no léichen déi desastréis 1990er Joren an der Vergaangenheet. Dat géif sech och an der Gesellschaft erëm spigelen. "Fir d’Leit si Saache wéi d’Moud, de Business an de Besëtz vun engem Handy méi wichteg ginn."

An de leschte Joren hätte sech d'Wäerter a Nordkorea vill verännert. Virun zéng Joer hätt all Nordkoreaner wëlle Carrière beim Staat maachen. "Wann een d’Leit haut no hirem Dramjob freet, mierkt een, datt si éischter Business wëlle maachen”, esou d'Jenny Town.

Mee och wann déi Nordkoreanesch Gesellschaft haut méi Fräizäit a Kafkraaft hätt, géif d’Situatioun vun de Mënscherechter prekär bleiwen. Et wier nach ëmmer eng immens kontrolléiert Gesellschaft. D'Indoktrinatioun wier net méi esou staark, wéi an der Vergaangenheet. "Mee si ass nach do", betount d'Jenny Town.

Eng Ofschreckung

Wéi Nordkorea sech an den nächste Joren entwéckelt, hänkt och dovunner of, wéi sech d’Bezéiungen tëscht Pyongyang an dem Recht vun der Welt entwéckelen. Dat ass enk mam Nuklearprogramm verbonnen. Fir Nordkorea wier de Nuklearprogramm en Oofschreckmëttel géint auslännesch Amëschungen, esou de Patrick Köllner vum GIGA-Institut zu Hamburg. "Nuklearwaffe sollen ofschrecken, dat ass och a Nordkorea hir Haaptfunktioun." Nordkorea hätt aus de Virfäll a Libyen an am Irak geléiert. Et hätt een erkannt, datt d'Waffen dat beschte Mëttel wieren, fir militäresch Interventioune vu baussen ofzewieren."

Fir Nordkorea ass Südkorea eng gréisser Menace. Béid Länner trennt zënter 1953 eng zoue Grenz, déi sougenannten demilitariséiert Zon. Südkorea wier an enger schwiereger Situatioun, erkläert den Antoine Bondaz vu Science Po Paräis. An de spéiden 1990er Joren an Uganks 2000 wier d'Bezéiung mat Nordkorea gutt gewiescht. Haut wier d'Konfrontatioun dogéint vill méi grouss. All d'Kooperatiounsprojete wiere gestoppt ginn.

"Wann et d'Zil ass fir Nordkorea ze denukleariséieren, da ka Südkorea eleng näischt maachen", mengt den Antoine Bondaz. Datt Nordkorea een Nuklearprogramm hätt wier kee südkoreaneschen, mee een internationale Problem.

China als Partner

Um internationalen Niveau bléift China de wichtegsten Alliéierte vum Pyongyang-Regime. Peking wéilt dem Antoine Bondaz no aus strategesche Grënn dofir suergen, datt den nordkoreanesche Regime iwwerlieft. De Staat géif d'Konsequenze fäerten, wann de Regime géif zesummebriechen. "Wat geschitt da mat der koreanescher Hallefinsel? Wéi ginn d'Nuklearwaffen da geséchert? Wat fir eng international a virun allem US-amerikanesch oder südkoreanesch Interventioun géif dat mat sech féieren?" Dat wiere Froen déi China sech géif stellen.

Ee weidere Problem dee sech dem Antoine Bondaz no géif stelle wier d'Fro vun der Reunifikatioun vun der koreanescher Hallefinsel. China wier prinzipiell net do dogéint, esou laang si am chineseschen Interessi wier.

"Sanktiounen eleng maache kee Sënn"

D'Nordkorea-Politik vun den USA leet de Schwéierpunkt dogéint op d’Sanktiounen. Déi kéinten d'Denuklearisatioun vu Nordkorea awer net erzwéngen, ënnersträicht d'Jenny Town vum U.S.-Korea Institute. Si seet, et misst zu engem Dialog an zu Negociatioune kommen. Sanktiounen eleng wiere nach ni eng gutt Strategie gewiescht. Si wieren nëmmen da sënnvoll, wa si de Géigner dozou géife motivéiere fir ze verhandelen. "Wann et kee Negotiatiounsdësch gëtt, maache Sanktiounen eleng kee Sënn."

D'USA géifen ze vill Prekonditioune stellen, fir datt et kéint zum Dialog kommen, esou d'Jenny Town. Esou een Dialog wier awer wichteg: Well och wann Experten d'Gefor enger nordkoreanescher Nuklearattack géife relativéieren, wier ëmmer d'Gefor do, datt et zu engem Accident kéim.