Spëtzesportler a Corona-Zäiten "D'Coque ass eng grouss Erliichterung"
D'Corona-Kris trefft och Sportler haart: fir déi nächst Méint sinn all international Kompetitiounen ofgesot. Aktuell sinn d'Trainingsméiglechkeete net fir all Sportaarten evident. De COSL ënnerstëtzt seng Sportler.
Vum 4. Mee u kënne Spëtzesportler erëm an der Coque trainéieren. "Dat war dës Woch eng super Noriicht" - seet den techneschen Direkter vum COSL - den Heinz Thews. Et wier eng enorm Erliichterung fir Sportaarten, un deenen een net dicht kann trainéieren. Wuel kéinten d'Schwëmmer zum Beispill Kraafttraining doheem maachen. Mee si kéinten eben do net schwammen. Eng Situatioun, déi elo scho sechs Wochen dauert. "Do huelen d'Leeschtunge ganz séier of", seet den Heinz Thews.
D'Coque soll nom 4. Mee "the safest place" ginn, déi méiglech ass. Et hätt een dofir e ganze Mesurëkatalog, exkläert den Heinz Thews. Esou solle fënnef Meter Ofstand gehale ginn, d'Geräter géifen desinfizéiert ginn, asw. Et wier einfach wichteg, datt d'Sportler erëm kéinte richteg aktiv ginn, seet de Vertrieder vum COSL.
Grouss Kreativitéit
Den Olympesche Comité wier awer begeeschtert, wat fir eng Kreativitéit d'Sportler bis elo gewisen hätte fir sech Trainingsmesuren och doheem ze schafen. Athleten, déi sech scho fir déi Olympesch Spiller vun 2020 qualifizéiert haten, wäerten dat och fir 2021 bleiwen, erkläert den Heinz Thews. Dat wier ee vun hire Motivatiounsgrënn fir weider intensiv ze schaffen.
Basisofsécherung
De COSL huet dofir gesuergt, datt den Athleten hir Olympiaverträg bis 2021 weiderlafen. Vill Athlete wieren och Sportzaldoten. Et wier een optimistesch, datt déi, deenen hir Déngschtzäit virun de Spiller 2021 ausleeft, dat bis dohinner weider kënne bleiwen. Dat alles géif de Sportler erlaben, eng Basisofsécherung ze hunn, esou den Heinz Thews.