Radioen

On air

De Weekend  |  Hiss Golden Messenger - Shinbone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Politik an de Wuesstum: Kloertext oder Hypokrisie?

Fräie Mikro

D'Politik an de Wuesstum: Kloertext oder Hypokrisie?

De Wuesstum ass dëst Joer en zentraalt Wahlkampfthema. Politiker déi virum Eng-Millioun-Awunnerstaat warnen a soen, si géife Weeër siche fir en ze verhënneren, si Ligener. Dat seet den Denis Scuto am Fräie Mikro. Ronderëm d'RTL-Emissioun Kloertext vu leschter Woch mécht den Historiker sech Gedanken iwwer e puer zentral Konzepter ronderëm d'Diskussioun iwwer Wuesstum zu Lëtzebuerg.

auto_stories

4 min

Denis Scuto

Ech hu mer d'lescht Woch d'Emissioun Kloertext op RTL ugekuckt. D'Emissioun stoung ënnert dem provokative Motto: "Wéi vill Lëtzebuergesch brauch onst Land?" an huet, polemesch, d'rietspopulistesch Fro vun der kultureller Identitéit, déi a Gefor wier, opgeworf. Vertrieder vu sechs verschiddene politesche Sensibilitéiten hu kontrovers doriwwer diskutéiert, wat engersäits zur Klärung vu wichtegen Defien, virun deenen d'Land steet, bäigedroen huet: Entwécklung vun der Lëtzebuerger Sprooch an der Méisproochegkeet, Wirtschaftswuesstum, Infrastrukturen a Landesplanung.

Anerersäits si bedenklech Konzepter am Raum stoe bliwwen an anerer iwwerhaapt net thematiséiert ginn.

Lëtzebuerg ass eng Migratiounsgesellschaft

Erlaabt mir dofir fir d'éischt un en zentraalt Konzept z'erënneren, dat an der Emissioun leider net thematiséiert gouf: Wat fir e Land ass Lëtzebuerg, iwwregens net nëmmen zënter e puer Joerzéngte mee zënter méi wéi honnert Joer?

Lëtzebuerg ass eng Migratiounsgesellschaft. Mënsche kommen op Lëtzebuerg schaffen a wunnen, well hir Kompetenzen an der Industrie, am Handel, am Handwierk, an der Landwirtschaft, am Déngschtleeschtungssecteur gebraucht goufen a ginn. Souwéi Lëtzebuerger an d'Ausland gaange sinn a ginn, well hir Kompetenzen do gebraucht ginn. Si all erhoffe sech eng Verbesserung vun hire Liewens- an Aarbechtsbedingungen a virun allem vun den Zukunftschancë vun hire Kanner. Eng Rei vun hinne loosse sech dauerhaft néier, anerer zéie weider oder ginn an hiert Heemechtsland zeréck.

An der éischter Generatioun bleiwen déi Mënschen - meeschtens bannent hiren nationale Gruppen - gréisstendeels ënner sech, an hirem Wunnvéierel, an hire Veräiner a Caféen. An engem fir si onbekannten Ëmfeld brauche si d'Gebuergenheet vun der eegener Gemeinschaft. Hir Kanner an Enkelkanner füge sech net nëmmen an anere Secteure vun der Ekonomie a vum Aarbechtsmaart an, mee och a weider wichteg Institutiounen vun der Gesellschaft: Bildungssystem, Veräiner a sozial Kontakter, Sproochebeherrschung.

Identitéit ass näischt Fixes

An deem Kader ass d'Lëtzebuerger Identitéit, am Géigesaz zu deem wat den Ënnertitel vun der Kloertext-Emissioun suggeréiert huet, näischt Fixes, mee e Prozess, dee gepräägt ass a sech verännert duerch Apporten an Entwécklunge vu bannen a vu baussen. Kulturell Identitéit ass am permanente Wandel. Ee Gléck, well soss géifen och haut nach kathoulesch Paschtéier zu Lëtzebuerg decidéieren, wien däerf Schoul halen a wat an de Schoulbicher steet. Soss misst och nach haut eng Fra hire Mann ëm Erlaabnis froe fir Suen opzehiewen. An eise Kascht wier vill méi monoton.

Déi Lëtzebuerger Méisproochegkeet als Element vun der kultureller Identitéit verännert sech och permanent. Zum Beispill mat engem Réckgang vum Franséische bei deene Jonken, déi Lëtzebuergesch als Mammesprooch hunn. Zugonschte vum Däitschen, mee och dem Engleschen, enger Sprooch, déi nach a kengem Sproochegesetz ernimmt gëtt. Mat engem Lëtzebuergeschen, deem seng Plaz an der Méisproochegkeet, Politiker, no jorelaangem populisteschen Discours, endlech bereet sinn duerch eng gezielte Sproochepolitik ze festegen.

"Inakzeptabel Hypokrisie"

Nëmme kuerz - firwat wuel? - ass am Kloertext-Debat och drun erënnert ginn, datt de Wuelstand, den Niveau vu Léin, Renten a Prestations sociales, sech och am Verglach mam Ausland positiv fir de Gros vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung verännert huet duerch eng Politik, déi op auslännesch Aarbechtskräfte (Résidents a Frontaliers) setzt.

Domat wier ech bei engem anere Konzept, dat ech aus der Siicht vum Historiker als Spezialist vum Wandel wéilt beliichten, dem Wuesstum oder dem Eng-Millioun-Awunnerstaat. Well hei hu mer et vu Säite vun der Politik net nëmme mat Angscht maachen, mee mat enger Hypokrisie ze dinn, déi ech inakzeptabel fannen. Wéi de Premier Jean-Claude Juncker 2002 mam 700.000-Awunnerstaat fir 2050 Angscht gemaach huet, huet all lucide Beobachter vun de Lëtzebuerger Realitéite gewosst, datt d'Land laang virdrun déi Awunnerzuel erreeche géif. Mir sinn elo schonn, virun 2020, bei 600.000. Geneesou gutt wësse mir och ouni d'Statec-Previsiounen datt mir den Eng-Millioun-Awunnerstaat zu Lëtzebuerg virun 2060 erreechen. Déi Angschtmaacherei huet just fäerdeg bruecht, datt dee Wuesstum net matgeplangt a matgestalt gouf. Mat Resultater, zum Beispill am Verkéier an an der Landesplanung, déi mir haut bedaueren.

D'Fro vum Wuesstum ass effektiv fir d'Wahlen dëst Joer en zentraalt Thema. Mee a Form vun der Fro wéi mir an den nächste Joerzéngten de Wuesstum vun haut 600.000 Awunner a bal 200.000 Frontalieren op eng Millioun Awunner an 200.000+ Frontaliere plangen a gestalten. Well all déi Politiker, egal vu wéi engem politesche Bord, déi Iech elo warne virum Eng-Millioun-Awunnerstaat a soen, si géifen nei Weeër siche fir en ze verhënneren, si Ligener. Well si wëssen alleguer, datt e kënnt.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.