Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Schauspillerin a Kënschtlerin Fabienne Hollwege

AM GESPRÉICH

D'Schauspillerin a Kënschtlerin Fabienne Hollwege

D'Fabienne Elaine Hollwege ass eng Lëtzebuerger Actrice, déi och Kënschtlerin ass a laang Zäit méi an Däitschland doheem war wéi hei. Wann Dir dem Christophe Wagner säi Film "Eng nei Zäit" nach gutt an Erënnerung hutt, dann och der Fabienne Hollwege hiert Gesiicht: d'Roll vun der Marie war mat hir besat.

auto_stories

10 min

Copyright: S.D.

Si war awer och rezent am Luc Feit sengem Film "De Buttek" ze gesinn, am "Superjhemp retörns" déi iwwerzeegend "Joffer Lamesch", an a villen anere Fernsee-, Kino- an Theaterproduktiounen ze gesinn. Schauspillerei eleng geet der jonker wibbeleger Fra mat den impressionanten Aen awer net duer.

Wann een op hir Internetsäit luusse geet, gëtt ee vun engem besonneschen A ugekuckt: et ass hellgro-blo, mat engem Deel brong - alles anescht wéi einfach oder gewéinlech. Et ass der Fabienne Hollwege hiert lenkt A. An dat versprécht net ze vill, well wat een duerno vun der Lëtzebuerger Actrice nach alles gesäit a gewuer gëtt ass op d'mannst esou extra.

Konscht am Alldag

Konscht am Alldag - eng Rubrik op hirer Internetpresenz - ass absolut wichteg fir d'Fabienne Hollwege, an nach méi zanter d'Pandemie eis zwéngt méi doheem ze sinn.

D'Fabienne Hollwege ass Member vum Trio KaTSong, deen am Moment och broochläit. Nieft Spillen, Sangen, op der Bün sinn huet d'Fabienne Hollwege nach ëmmer gär gezeechent a geschriwwen a wärend der Pandemie eng aner Dimensioun dovu kennegeléiert.

Den éischten Deel lauschterenplay_arrow

"Et gouf schonn ëmmer Phasen, wou ech méi mol gezeechent hunn, mol méi Musek gemaach hunn, mol méi schreiwe wollt - also d'Schreiwen ass am Fong ganz ganz vill an och ëmmer do gewiescht.

De groussen Ënnerscheed zum normale Liewen ass, datt ech dat dacks an der Nuecht gemaach hunn, dacks iergendwéi nach versicht hunn erauszekréien, well et raus huet missen. An am Lockdown, an där ganzer Phas, et wierklech och déi roueg Momenter gouf, wou ech an de Bësch gefuer sinn, wou ech mech mat engem Blat Pabeier dohi gesat hunn, gezeechent oder geschriwwen hunn. Wat aus der Rou kommen duerft. An dat fillt sech souvill méi gesond un.

Also déi zwou Saache si wichteg: Ech engen och ënner dem Drock ze schreiwen ass eng aner Saach, awer aus der Rou an dem Vertrauen eraus datt d'Saache kommen - jo - ass eng ganz schéin Erfarung."

An der Konscht vun der Fabienne Hollwege gesäit a mierkt een, datt Kierperlechkeet, Léift, Sex do en héije Stellewäert hunn.

"Fir d'éischt emol fannen ech Fraen onwarscheinlech schéin" - seet d''Fabienne Hollwege an liest e Gedicht, dat si iwwerschriwwen huet "Und Du". Et gouf publizéiert an de Cahiers luxembourgeois 3/2020. Et ass och e Projet amgaang, deen Texter, Zeechnungen a weider Konscht vun der Fabienne Hollwege zesummebréngt.

Workshoppe fir Jonker

D'Fabienne Hollwege ass Actrice a Kënschtlerin, dobäi wollt si ëmmer Déieremedezin studéieren. Datt et dunn awer a Richtung Schauspillstudium an duerno och berufflech op Bünen an Dréiplaze goung, ass hir an engem entspaante Moment bewosst ginn.

Komplementar zur Schauspillerei huet d'Fabienne Hollwege sech och fir den Toun vun de Mënschen interesséiert, an "Angewandte Stimmanthropolgie" studéiert - an hir eege Stëmm och trainéiert. Mëttlerweil séngt d'Fabienne Hollwege och, ob solo wie fir " im Getriebe", oder mat hire Kolleeginne Melanie Haupt a Judith Jakob am Cabaret Trio KaTSong.

Iwwer gestrachen Optrëtter, alternativ Quelle fir Suen ze verdéngen an hiren Engagement z. B. beim Zentrum fir politesch Bildung, schwätzt d'Fabienne Hollwege am zweeten Deel, an op d'Fro, ob hir Roll vun der Anne Frank am Escher Theater si och a Richtung Aarbecht mat jonke Mënschen geleet huet:

Den zweeten Deel lauschterenplay_arrow

"D'Anne Frank, dat hunn ech um Escher Theater scho virun mëttlerweil 14 Joer gespillt. Also dat ass wierklech scho laang hier, datt de Charel Müller mech gefrot huet, ob ech déi Roll géif iwwerhuelen, an zanterdeem hu mer dat all Joers gemaach.

Ech hunn awer de Wonsch mat Jonken ze schaffen, deen hunn ech zanter der Schauspillschoul. Well ech do an den éischten zwee Joer vu mengem Studium gemierkt hunn: dat, wat ech hei alles léieren - d'Improvisatioun, d'Stëmm, de Kierper kennenzeléieren -, dat ass eppes, wat an der Schoul misst als Unterrechtsfach do sinn.

Datt de Schüler an d'Kand, de Jugendleche wierklech d'Méiglechkeet huet sech kennenzeléieren, fir sech auszedrécken, an a Kontakt mat deenen aneren ze kommen. An: vun do un hunn ech Workshoppe ginn."

Dat war och eng gutt Iddi, well och elo, wou Schauspill a Cabaret brooch léien, fënnt d'Fabienne Hollwege Weeër fir e puer Su ze verdéngen. Si ass awer traureg, well net kloer ass, ob hiren Trio KaTSong weider ka bestoen.

Mam Feier jongléieren

D'Fabienne Hollwege heescht mat zweete Virnumm Elaine - ass dat e Kënschtlernumm? A wéi koum déi Lëtzebuerger Actrice a Kënschtlerin op den Hobby vun der Jonglage mam Feierpoi? Wat ass Feierpoi?

Den drëtten Deel lauschterenplay_arrow

"Ech hunn dat immens gär - "Feuer-Poi-Jonglage" - dat si Bäll u Kette befestegt, mat deenen ee quasi danzt. Dat gëtt mir en onwarscheinlecht Fräiheetsgefill domat ze danzen, ech danzen immens gär, op der Plage oder op engem Festival oder esou, huet mir dat ëmmer d'Fräiheet an d'Legitimitéit ginn ze danzen, och wa keng Musek ass an deem Moment, an dann hunn ech ebe geprouft a gemaach a gedoe mat deenen , an et si ganz vill Leit, déi dann do och ronderëm stinn a jongléieren a maachen an doen.

An d'Feier ass dat anert Element, wat ech onwarscheinlech spannend a muechtvoll empfannen, a wann ee poit, dat dauscht onwarscheinlech haart, dat Feier, ronderëm d'Oueren, ronderëm een, an déi Gefor, datt all Moment och kéint eppes geschéien - et ass een ënner enger ganz spezieller Spannung, wann een et méicht, an et ass wonnerschéin.

Ech hunn et déi éischte Kéier op engem Festival an Norwege gesinn, wou ech higereest sinn, zu Trondheim war dat, et ware vu Berlin aus 32 Stonne mam Auto nach Richtung Norden, do sinn ech iergendwéi gelant fir en Hippiecamp mat opzebauen, an do hunn ganz vill ebe jongléiert a gepoit, an dunn hunn ech dat och ausprobéiert an hunn dat immens flott fonnt."

D'Personnagen an de Filmer

Et sinn der ze vill fir opzezielen: all déi Personnagen, déi d'Fabienne Hollwege schonn am Theater oder virun der Kamera duergestallt huet. Remarkabel hiren Optrëtt als Lucky an "En attendant Godot" vum Samuel Beckett. Extra hir Duerstellung vun der Joffer Lamesch am "Superjhemp retörns - gekonnt d'Verkierperung vun der Marie am Film vum Christoph Wagner "Eng nei Zäit", fir just déi ze nennen - wéi bereet si sech op hir Rolle vir?

Oder anescht gefrot: weess si schonn, wa si d'Dréibuch liest, wéi de Personnage, dee si verkierpert, duerno ausgesi wäert?

De véierten Deel lauschterenplay_arrow

"Nee, et huet een eng Iddi, also et si Biller, déi op een duerkommen, an da fänken ech u mam Text ze schaffen an iwwer den Text, a wat ech méi déif an den Text eraklammen, desto méi konkret gëtt et, an och d'Kierperlechkeet, an den Ausdrock an d'Stëmm kritt iwwer dat sech ëmmer méi déif befaasse mam Text eng Kloerheet.

Ech géif esou gären - dat klengt vläicht elo bësse komesch - ech hunn 'Eng nei Zäit' en immens immens schéinen Tournage fonnt, an d'Roll vum Marie géif ech esou gär weiderliewen, well ech déi Fra esou spannend fannen an deem wéi si ass, wéi si d'Welt gesäit, wou si iwwerall geschafft huet, an wéi si vun do u géif weiderliewe fir ze iwwerliewen - dat géif ech extreem interessant fannen."

Wat si als éischt wéilt maachen, wa mer keng Restriktioune méi hätten: Reesen. Einfach d'Kanner apaken an der Nues no.

D'Gefill, datt eng Gesellschaft, déi iwwer Funktionalitéit an iwwer Wirtschaftlechkeet leeft, a wou d'Kanner scho wéi jonk Erwuessener behandelt ginn, a Systemer an a Programmer, doraus entsteet der Fabienne Hollwege hiert Bedürfnis engem Kand ze soen, datt et richteg ass, datt seng Fantasie, seng Kreativitéit, seng Spillloscht richteg sinn.

Angscht an der Corona-Pandemie

Jonk sinn an der Zäit vun der Corona-Pandemie: dat ass d'Theema, dat d'Fabienne Hollwege fir hire Bäitrag an der neier Satire-Emissioun "De gudden Toun" leschte Sonndeg hei um 100,7 gewielt hat.

D'Fabienne Hollwege huet hir Bewonnerung fir d'Fraen an hir Stäerkt tëschent den zwee grousse Kricher um Ufank vum 20. Joerhonnert ausgedréckt.

Ka si sech virstellen, datt no der Pandemie eng änlech Well un Honger fir ze Liewe kéint entstoen? Aus der Angscht eraus?

De fënneften Deel lauschterenplay_arrow

"Also ech mengen, datt d'Psych eppes ass, wat total ënnerschat gëtt. An dat ass, wat deemools och ganz vill war, ech mengen den Theema Angscht ass en Theema, dee mir total ënnerschätzen. Datt mir, datt eng ganz Welt grad, ganz Gesellschafte, iwwerzunn ass an duerchbuert vun Angscht. Vu ganz verschiddenen Ängschten - bei deem engen ass et Existenzangscht, bei dem aneren ass et Angscht viru Krankheet, Doud.

An datt mer am Fong, datt eis dat misst bewosst sinn, an mir eis Ängschte beobachten.

Ech fannen et ass grad onwarscheinlech schwiereg mat Mënschen an e Gespréich ze kommen, wierklech, well déi eng sinn esou, déi aner gesinn et esou, an - amplaz do opzemaachen an ze beobachten: wat ass deng Angscht, wat ass meng Angscht, a wéi kënne mer trotzdeem kucken, datt mer mënschlech a sozial matenee liewen ... jo, dat ass eppes, wat mir total feelt."