Radioen

On air

Notturno  |  Suep - Domesticated Dream

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Schicksal vum Nominativ am Lëtzebuergeschen

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

D'Schicksal vum Nominativ am Lëtzebuergeschen

D'Linguistin Caroline Döhmer schafft beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch an erzielt eppes iwwer den Nominativ am Lëtzebuergeschen.

auto_stories

3 min

Caroline Döhmer: Mäin Theema haut sinn Nominativen. An do maachen ech emol als éischt eng kleng Intro iwwer Kasus.

Simon Larosche: Dat wier keng schlecht Saach.

Kasus ass eng Form, déi e Wuert anhëlt, wann et eng bestëmmte Funktioun am Saz huet. Also de Sujet am Nominativ, Objet am Akkusativ asw. Bestëmmt Wuertaarte kënne Kasus uweisen duerch eng bestëmmten Endung.

Kanns de eis do e Beispill ginn?

Am Saz "ech hëllefen dem Pol" gëtt duerch den Artikel "dem" Kasus ugewisen: an dësem Fall Dativ. Déi em-Endung kann awer och bei engem Adjektiv stoen: mat groussem Erfolleg. An der Theorie steet hei och ëmmer d'Substantiv am Dativ, mee well de Kasus hei keng extra Endung huet, kann ech dat just um Artikel resp. um Adjektiv gesinn an net um Substantiv selwer.

Den Dativ erkennt ee meeschtens u senge speziellen Endungen. Ech perséinlech sinn e grousse Fan vum Dativ, dofir muss ech dann eng extra Episod virgesinn!

Dann hätte mer den Nominativ an den Akkusativ. Hei maache mer mol e klengen Test mam Däitschen. So mer mol op Däitsch: Den Apel ass zeideg.

Der Apfel ist reif.

Ok, mer verhalen eis: Nominativ, der Apfel. An elo "Ech iessen den Apel".

Ich esse den Apfel.

Mer gesinn am Däitschen ass et beim Sujet, also beim Nominativ: der Apfel. A beim Objet, also beim Akkusativ: den Apfel. Am Lëtzebuergeschen hu mer zweemol "den Apel". D'Nominativform mam "der" ass hei verdrängt ginn.

Ass dat dann zwee Mol Akkusativ?

Op der Uewerfläch jo, also se gesinn d'nämmlecht aus.

Wat heescht hei genee "op der Uewerfläch"?

Also am Ufank hat ech jo gesot, datt de Kasus do ass, fir Funktiounen am Saz unzeweisen. An do ass d'Verdeelung esou, datt den Nominativ meeschtens mäi Sujet ass, also deen, deen eppes mécht. An den Akkusativ ass meeschtens den Objet, also déi Saach oder déi Persoun, mat där eppes geschitt.

Wann ech also e Saz hu wéi "den Tun schléit den Emil", dann hunn ech zweemol d'Form "den XY", also eppes, wat ausgesäit wéi en Akkusativ, mee "den Tun" ass de Sujet an dofir ass deen a mengem Saz den Nominativ. An "den Emil" ass mäi richtegen Akkusativobjet.

Gëtt et de richtegen Nominativ dann nach am Lëtzebuergeschen?

Do ginn et nach eenzel Fäll. Op där enger Säit bei de Pronome vun der 1. an der 2. Persoun: ech, du, mir, dir. Fir dat däitlech ze maachen, nennen ech déi elo als Koppel Nominativ/Akkusativ:

ech/mech, Beispill: Ech froen den Tun. Den Tun freet mech. (Pronomen ännert seng Form, den Numm mam Artikel net)
du/dech
mir/eis
dir/iech

Bei de Pronome vun der 3. Persoun, also "hien, hatt, si" (mat de schwaache Varianten "en, et, se"), do ass et nees esou, datt et op der Uewerfläch keen Ënnerscheed gëtt tëschent Nominativ an Akkusativ.

hien / hien (Beispill: Hie freet den Tun. Den Tun freet hien.)
hatt / hatt
si / si

Also hu mer den Nominativ just nach bei de Pronomen?

Bal. Mer fannen en nach bei verschiddenen eelere Riedensaarten, déi ëmmer iwwer eppes Negatives ginn. Zimmlech dacks fënnt een déi al Nominativen "der Däiwel" an "der Doud".

der Däiwel ass net esou schwaarz, wéi e gemoolt gëtt (am normale Gebrauch: den Däiwel)
e war bleech ewéi der Doud; ëmsoss ass der Doud an dee kascht d'Liewen! (am normale Gebrauch: den Doud)