Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Quantic - Run (feat. Andreya Triana) Sofia Kourtesis Remix

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Sonn an hiren Afloss op de Klima op der Äerd

Reen a Bou

D'Sonn an hiren Afloss op de Klima op der Äerd

D'lescht Woch huet eng markant Hëtztwell fir nei Allzäit-Temperaturrekorder an den Nopeschlänner, mee och zu Lëtzebuerg, gesuergt. De Wiederdéngschter no ass et eng kloer Konsequenz vum Klimawandel, deen haaptsächlech duerch den Afloss vun de Mënsche fir Temperaturen, déi ëmmer méi séier klammen, suerge soll. Ass et nëmmen duerch de Mënsch oder ginn et och natierlech Grënn? De Philippe Ernzer geet op déi ganz Thematik an.

auto_stories

7 min

Mëtteleuropa huet d'lescht Woch, keng Fro, eng historesch Hëtztwell erlieft. De 25. Juli 2019 ass un der Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht MeteoLux, déi international gesinn dacks dat ganzt Lëtzebuerger Land representéiert, déi héchst jeemools gemoossen Temperatur registréiert ginn. Den ale Rekord, deen den 8. an den 12. August 2003 mat 37,9 Grad opgestallt gouf, gouf d'lescht Woch mat 39,0 Grad iwwertraff. Um Findel war et also zanter Opzeechnungsufank am Joer 1947 nach ni sou waarm.

Déi 39,0 Grad sinn net nëmmen en neien Allzäit-Temperaturrekord, mee och en neie Rekord fir déi héchsten Temperatur an engem Juli. Den ale Juli-Rekord geet op de 4. Juli 2015 zeréck, wou 36,1 Grad gemooss goufen.

Hei e puer vun den héchste Juli-Wäerter, gesënnert no der Temperatur:

  • Den 21. Juli 1995 gouf mat 35,7 Grad déi drëtthéchst Juli-Temperatur gemooss.
  • Duerno kënnt de 26. Juli 2006, wou 35,6 Grad registréiert konnte ginn.
  • Fir déi véiert héchste Juli-Temperatur musse mir e gutt Stéck méi wäit no hanne kucke goen, nämlech op den 18. Juli 1964, wou 35,1 Grad festgestallt konnte ginn.

Wéi MeteoLux op hirer Internetsäit betount, sinn ausser de 35,1 Grad vum 18. Juli 1964 all dës Extremwäerter vun de Mëtt-90er un opgetrueden. Et ass also ze erkennen, datt sech déi extrem Temperaturen no a no ze heefe schéngen.

Net nëmme MeteoLux, mee och de staatleche Wiederdéngscht vun der Akerbauverwaltung, AgriMeteo, huet nei Allzäit-Temperaturrekorder ze vermellen. Während der Hëtztwell vun der leschter Woch, also dem 25. Juli 2019, konnt zu Steesel mat 40,8 Grad en neien Allzäit-Landesrekord opgestallt ginn, op d'mannst wat d'Statioune vun AgriMeteo ugeet. Den Déngscht bedreift am Ganzen 32 Wiederstatiounen a moosst zënter 1838, also schonn 126 Joer méi laang wéi MeteoLux. De Rekord virdru gouf während der markanter Hëtztwell am August 2003 mat 40,5 Grad zu Réimech gemooss.

Wat sinn d'Ursaache fir dës Temperaturen?

Sinn d'Temperaturen, déi méi séier klammen, wierklech op dee vum Mënsch beaflossten Deel vum Klimawandel zeréckzeféieren? Wéi eng Roll spillen iwwerhaapt déi natierlech Ëmstänn, wéi zum Beispill déi vun der Sonn?

Op der Äerd ass et an de leschten 100 Joer an der Moyenne ëm bal e ganze Grad méi waarm ginn. Dëst ass awer net a stabillen Ofstänn geschitt, mee méi an zwou Etappen. Déi éischt 0,4 Grad méi waarm gouf et an der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert, éier et tëschent 1940 a 1970 méi lues mat der Erwiermung virugaangen ass. D'Verhältnis war souguer méi oder manner konstant. Vun 1970 u bis elo ass et awer weidergaangen, et gouf op en Neits ëm en hallwe Grad méi waarm.

Temperaturschwankungen op der Äerd sinn u sech näischt Aussergewéinleches a ginn et schonn ëmmer. Sou ee rapiden Opwäertstrend, wéi mir en also scho méi wéi 30 Joer hunn, gouf et awer zanter 1.000 Joer net méi.

D'Roll vum CO² a vun der Sonn

Wat huet d'Fräisetze vun CO² aus de fossille Brennstoffer bäigedroen? D'Konzentratioun vun dësen Zäregaser ass zanter der Industrialiséierung an der Mëtt vum 18. Joerhonnert ëm 30 Prozent an d'Luucht gaangen, an de leschte Joerzéngten nach vill méi. Et ass awer net méiglech, déi doduerch ausgeléisten Erwiermung vun den natierlechen Ursaachen ofzegrenzen, wéi zum Beispill Vulkanismus an och der Sonnenaktivitéit.

D'Energie vun der Sonn gëtt an engem breede Beräich a Form vu Wellelängten ofgestraalt. De Maximum vun der Stralung läit an deem Beräich, dee fir eis alleguer sichtbar ass. Hanner dëse Wellelängte stécht awer nach vill méi, a se kommen nach laang net alleguer um Buedem un. Se ginn an ënnerschiddleche Schichten an der Atmosphär absorbéiert. D'Röntgenstralung gëtt scho ganz uewen an der Atmosphär, an ongeféier 100 Kilometer Héicht, zeréckgehalen. De Groussdeel vun der ultravioletter Stralung, also UV, kënnt net duerch d'Ozonschicht, déi an tëschent bei 10 bis 50 Kilometer läit. Dat wat de Buedem am ongefilterten Zoustand erreecht, ass d'Radiostralung an d'Liicht, dat mir gesinn.

Nieft dem Jetstream, iwwer dee mir an dëser Emissioun jo och scho geschwat hunn, ass d'Sonn eisen net ierdesche Motor vum Wieder. D'Sonnenastralung ass nämlech d'Energiequell vum Wiedergeschéien op der Äerd an all mëttel- oder laangfristeg Schwankung kann en Afloss op d'Klimaentwécklung hunn.

D'Aktivitéitszykle vun der Sonn

Wéi staark d'Stralung ass - an domat ass och de ganze solare Spektrum gemengt - hänkt ganz enk mat de Schwankungen am Magnéitfeld vun der Sonn zesummen. Dës Schwankunge kënnen en Afloss op d'Magnéitfeld hunn an d'Sonnenaktivitéit veränneren. D'Sonn huet e sougenannten eelef-järegen Zyklus, dee sech grafesch duerch d'Unzuel vun den däischtere Sonneflecke bemierkbar mécht. Däischter Flecken op der Sonnenuewerfläch si Gebitter, an deenen et e ganz staarkt Magnéitfeld gëtt. Dëst Magnéitfeld ass e puer Dausend Mol méi staark, wéi dat vun der Äerd an hënnert d'Energie aus dem Banneschte vun der Sonn un d'Uewerfläch ze trieden. D'Intensitéit an d'Dauer vun den Aktivitéitszykle schwanken. Heiansdo sinn och sou gutt wéi guer keng Sonneflecke méi do, wéi zum Beispill an der zweeter Hallschent vum 17. Joerhonnert. Dës Phas gouf de Maunder Minimum genannt.

Elo kënnt dat Interessant: Déi ganz Statistiken zu der Unzuel vun de Sonneflecken zanter dem Joer 1600 kann ee mat de Klimamiessungen op der Äerd vergläichen. Klimaschwankungen, déi iwwer eng méi laang Zäit undaueren, lafen deelweis parallel zu de Verännerunge vun der Sonnenaktivitéit. Deemools am 16. Joerhonnert, wou mir et mat der sougenannter "klenger Äiszäit vun Europa" ze dinn haten, war sou eng Phas, wou d'Sonn sou gutt wéi keng Sonneflecken hat. E puer haart Wantere waren d'Konsequenz, an deem ganz Séien zougefruer sinn, an d'Gletscher an den Alpen bis déif an d'Däller eragewuess sinn. Am 12. Joerhonnert gouf et erëm e Joer mat enger erhéichter Sonnenaktivitéit, also mat méi Flecken, wou et, verschiddenen Archiven no, zu e puer méi waarme Summere koum.

Verännerunge vun der Stratosphär

Mee wéi kann dat sinn, datt et trotz méi Flecken, déi d'Sonnenaktivitéit jo eigentlech verréngere sollt, méi waarm op der Äerd gëtt? Fir dëse klenge Widdersproch si sougenannt hell "Fakelgebitter" op der Sonn ronderëm d'Flecke verantwortlech, déi vu méi klengräimege Magnéitfeldkonzentratiounen ëmgi sinn. Dës Regioune stralen immens intensiv. Doduerch ass d'Sonn am Fall vu ville Sonneflecke generell méi hell.

Et gouf erausfonnt, datt d'Sonn während de méi aktive Joren, wou och méi Flecken aktiv waren, méi ultraviolett Stralung ofstraalt. UV- Stralung gëtt jo zu engem groussen Deel an der Atmosphär absorbéiert, wouduerch se sech awer och erwiermt. Duerch d'Erwiermung vun der Äerdatmosphär deent se sech e gutt Stéck méi wäit an de Weltall aus. Dëst huet en Afloss op d'Stratosphär, déi sech an enger Héicht vu méi wéi zéng Kilometer befënnt - et ginn Temperatur- an Drockschwankunge festgestallt, déi parallel zum Zyklus vun de Sonneflecken optrieden a méiglecherweis och groussraimeg Loftzirkulatioune beaflosse kënnen.

Miessunge vu Satellitten no schwankt d'Astralung vun der Sonn op d'Äerd. D'Sonnenhellegkeet huet tëschent dem Joer 1900 a 1950 ëm 0,05 Prozent zougeholl, duerno ass de Wäert bis 1980 ongeféier d'selwecht bliwwen, fir an de vergaangene Joren erëm ze falen. Bis 1970 ass de Verlaf vun der Sonnenhellegkeet am Verglach zu der Duerchschnëttstemperatur vum Planéit nach quasi parallel gewiescht. Also wat méi Sonnenhellegkeet, wat méi waarm a wat manner, wat och méi kill. Vun 1980 u bleiwen d'Wäerter vun der Sonnenhellegkeet awer d'selwecht, iwwerdeems d'Äerd an engem ëmmer méi séieren Tempo trotzdem méi waarm gëtt. Dohier soll d'Sonnenhellegkeet an -aktivitéit kee wierklechen Zesummenhang mat där elo momentan méi séierer Erwiermung vun eisem Planéit hunn.

Héich Quantitéiten CO² erschwéieren d'Fuerschung

De Fuerscher no kéint déi elo grad genannte Sonnenaktivitéit bis spéitstens 1980 nach e gréisseren Afloss op d'Äerdklima gehat hunn. Allerdéngs ass awer net bekannt, a wéi enger Aart a Weis genee d'Zyklen a Mechanismen vun der Sonn en Afloss op de Klima haten an a wéi engem Ausmooss se gewierkt hunn. Et ass och net gewosst, wéi d'Situatioun haut ass, well sech d'Fuerschung mëttlerweil erschwéiert. De Grond dofir ass déi ëmmer méi grouss Konzentratioun un CO² an der Atmosphär, déi an Tëschenzäit d'Iwwerhand huet. Se verblent e bëssen de Bléck op d'Auswierkunge vun der Sonnenaktivitéit eleng op eise Planéit.

Einfach gesot: Et weess een, datt d'Sonnenaktivitéit en Afloss op d'Äerd huet, mee net genee, wéi een an a wat fir engem Ausmooss. Egal wéi intensiv deen och ass, den CO² beschleunegt d'Erwiermung zanter 1980 vill méi séier, wéi soss een aneren Afloss. De Mënsch ass deem no net den Ausléiser vum Klimawandel, well dee schéngt et schonn ëmmer ze ginn, mee en dréit zu enger vill méi séierer Vitess vun der Äerderwiermung bäi. Wier den Afloss vum CO² an der Loft net sou grouss, da wier et net sou waarm, wéi et mëttlerweil op der Äerd ass.