Radioen

On air

Notturno  |  Group Listening - Frogs

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Welt vu gëschter

Zäithistoriker

D'Welt vu gëschter

Mat der Ausstellung "De Kale Krich zu Lëtzebuerg" geet den Nationalmusée nei Weeër a weist fir d'éischte Kéier eng historesch Ausstellung iwwer déi rezent Geschicht vu Lëtzebuerg.

auto_stories

8 min

Kuerz iert den éisträichesche Schrëftsteller Stefan Zweig sech am brasilianeschen Exil no jorelaanger Flucht virun den Nazien d'Liewen hëlt, schléisst hien en autobiographescht Wierk of. Et kënnt no sengem Doud eraus mam Titel: "Die Welt von gestern. Erinnerungen eines Europäers."

D'Welt vu gëschter, dat war fir hien d'Welt vu virun der Katastroph. Virun 1914, virum Éischte Weltkrich, virum Totalitarismus. Déi Zäit, déi och heiansdo La belle époque genannt gëtt. Hie beschreift déi Zäit aus senger Siicht, där vun engem biergerlechen Intellektuellen, esou: "Es war das goldene Zeitalter der Sicherheit. (...) Jeder wußte, wieviel er besaß oder wieviel ihm zukam, was erlaubt und was verboten war. Alles hatte seine Norm, sein bestimmtes Maß und Gewicht. (...) Mit Verachtung blickte man auf die früheren Epochen mit ihren Kriegen, Hungersnöten herab als auf eine Zeit, da die Menschheit eben noch unmündig und nicht genug aufgeklärt gewesen war. Jetzt aber war es doch nur eine Angelegenheit von Jahrzehnten, bis das letzte Böse und Gewalttätige endgültig überwunden sein würde, und dieser Glaube an den ununterbrochenen, unaufhaltsamen Fortschritt hatte (...) wahrhaftig die Kraft einer Religion."

D’Welt vu gëschter, haut

Fir de Stefan Zweig vun haut wier d'Welt vu gëschter déi vu virun 1989 oder 1991. De "Kale Krich" war no zwee Weltkricher en neit Zäitalter vun der relativer Sécherheet am Kader vun enger bipolarer Weltuerdnung. Wann och ënnert engem atomare Präbbeli. Sécherheet garantéiert duerch e Gläichgewiicht vum Schrecken.

1991 ass dëst Zäitalter op en Enn gaang. Mee, entgéint villen Erwaardungen, war et net den Ufank vun enger unipolarer, just nach vun enger Supermuecht, den USA, dominéierter Welt. Net den Ufank vun enger vermeintlech nach méi sécherer Welt. Wat koum war déi haideg global Onsécherheet vun enger multipolarer Onuerdnung, vun deem wat de Politolog Zaki Laïdi "un monde privé de sens" genannt huet.

Rezent, mee och passé

D'Ausstellung iwwer de Kale Krich, déi Der am Moment am nationale Geschichts- a Konschtmusée um Fëschmaart kënnt gesinn wierkt, aus där Perspektiv gesinn, paradoxal.

Engersäits ass et déi éischt Ausstellung am MNHA, déi sech mat der rezenter Geschicht vu Lëtzebuerg beschäftegt. Dat war ee bis elo éischter vum Stader Geschichtsmusée gewinnt. Erënnere mer hei just un d'Ausstellungen iwwer Lëtzebuerg an de 50er Joren oder iwwer d'Jugend vun 1950 bis 2010. Déi éischt Ausstellung och, déi kuréiert gëtt vum Zäithistoriker Régis Moes, bekannt ënnert anerem fir seng Aarbechten iwwer d'Lëtzebuerger am belsche Congo. Déi Entwécklung weist doriwwer eraus de Stellewäert, deen d'Zäitgeschicht net nëmmen an der Geschichtsfuerschung mee och an der musealer Opbereedung ëmmer méi och zu Lëtzebuerg kritt.

Op der anerer Säi gëtt dës Ausstellung e kompakten an ambitiéisen Iwwerbléck iwwert eng historesch Period, déi rezent ass an déi awer schon komplett passé ass. Et ass eng Ausstellung iwwert eis Welt vu gëschter. Well eis Welt huet sech radikal verännert, wann een eenzel historesch Evenementer als Referenzpunkt hëllt. Net mam 11. September 2001, och net mat der Finanzkris vun 2007, den Attentater vun de leschte Joren oder dem Brexit vu Juni 2016. Den epochale Wandel war an de Joren 1989 bis 1991, an deenen zwee Joer vum Fall vun der Berliner Mauer bis zum Zesummebroch vun der Sowjetunioun.

West- an Ostblock

D'Ausstellung beschreift eng Welt déi vun de Gewënner vum Zweete Weltkrich organiséiert gouf. Mat engem internationale System a Strukturen. Eng bipolar Welt, charakteriséiert duerch de Géigesaz tëscht USA an UDSSR am Géigesaz zur Welt déi mer zanterhier kennen: eng multipolar Welt ouni internationale System a Strukturen. An der Welt vu gëschter hunn d'Groussmuechten op internationale Kongresser, wéi zu Yalta a Potsdam Grenzen an nei Landkaarte gezeechent a Kontinenter ëmgeformt ouni ze zécken. Haut huet ee Problemer den Ënnerscheed ze gesinn tëscht Public-relations-Sommeten, wou keng Decisioune getraff ginn a Fotoshootingen vu Filmfestivalen.

Eng Welt déi aus dem 20. Joerhonnert en amerikanescht Joerhonnert an aus dem Westen en amerikanesche Westen gemaach huet, symboliséiert an der Expo zum Beispill duerch de selwer gebitzten amerikanesche Fändel bei der Liberatioun vu Lëtzebuerg duerch déi amerikanesch Truppen. Eng Welt, wéi den däitschen Zäithistoriker Winkler schreift, wou den Nationalismus seng historesch Legitimitéit verluer hat an dofir um westlechen Deel vun eisem Kontinent en europäesche Projet entwéckelt gouf, mee och wou national Loyautéiten duerch transnational Lienen iwwerlaagert goufen: fir déi eng d'Bekenntnis zur Sowjetunioun an den Ostblock-Staaten an zum Kommunismus a fir déi aner d'Bekenntnis zu den USA an der Gemeinschaft vun de westlechen Demokratien an zum Kapitalismus. Bekenntnis och zum Massëkonsum an dem American way of live. D'Ausstellung erënnert hei un d'amerikanesch Finanzéierung vum Lëtzebuerger Wirtschaftswonner iwwer de Marshall-Plang, symboliséiert duerch Goodyear an amerikanesch Trakteren, mee och mam Jukebox un d'Ufäng vun der Jugend-Kultur ronderëm Blue Jeans a Rock'n Roll.

Kommunismus In an Out

D'Ausstellung beschreift d'Unzéiungskraaft vum Kommunismus an Europa an zu Lëtzebuerg, déi parallel mat de Phasen vum Kale Krich variéiert. D'Unzéiungskraaft war grouss an der Phase vun der Zesummenaarbecht vun den Alliéierten Sowjetunioun an USA direkt nom Krich, souwéi an der Zäit vun der Entspanung, no der Kuba-Krise vun 1962 bis an siwwenzeger Joren. Am Klengstaat Lëtzebuerg huet dat sech ënnert anerem esou gewisen: De Kommunist Arthur Useldinger gouf zweemol Buergermeeschter zu Esch, eemol direkt nom Krich an déi zweete Kéier an de siwwenzeger Joren. De Lénksruck an de siechzeger/siwwenzeger Joren, an där de Marxismus bei den Intellektuellen, mee och bei de Gewerkschaftler in war, huet doriwwer eraus zur Spaltung vun der LSAP, mee och zur Verännerung vun der ganzer politescher Landschaft zu Lëtzebuerg gefouert.

D'Unzéiungskraaft war kleng an de Phasen vun der Konfrontatioun vun der Berliner Blockade vun 1948 bis d'Kuba-Kris a vun der Stationéierung vun amerikanesche Mëttelstreckerakéiten an Europa an dem Ronald Reagan senger Strategie vum "Doutrüsten vum Ostblock" bis zur "Revolutioun vun uewen" vum Gorbatschow. Un d'Phase vun der Konfrontatioun gëtt an der Ausstellung zum Beispill iwwer d'Evenementer vun 1956 higewisen. No der Invasioun vun Ungarn duerch d'Rout Arméi, well déi de Warschauer Pakt wollte verloossen, koum et zu Demonstratiounen och zu Lëtzebuerg, bei deenen déi sowjetesch Botschaft verwüst gëtt. E Virfall fir deen d'Lëtzebuerger Regierung sech huet missen entschëllegen. D'Welt vu gëschter war och eng Zäit wou d'Affer vun de Konfrontatiounen an där bipolarer Welt, an dësem Fall ungaresch Flüchtlingen, wéi mäi spéidere Jugendtrainer op der Jeunesse Lajos Subits, am Westen nach mat oppenen Äerm empfaange goufen.

An der Drëtter Welt net nëmme Kal

Mee net an allem ass et eng Welt vu gëschter. D'Behandlung an der Ausstellung vum Vietnamkrich weist, dass dëse Krich net nëmmen kal war. E war kal an der Éischter an Zweeter, mee net an der Drëtter Welt. Well do hunn d'Supermuechte vun den zwou éischte Welten Stellvertriederkricher gefouert géint Staaten aus der Drëtter Welt. De Vietnamkrich fir d'Amerikaner an den Afghanistan-Krich fir d'Russen hu gewisen, dass d'Groussmuechten zwar Schluechten, mee keng Kricher méi géint d'Drëtt Welt gewannen, am Sënn vun enger Kontroll iwwer dës Länner, trotz hirer militäresch-technologescher Iwwerleeënheet.

D'Legitimitéit vun dëse Kricher ass scho während dem Kale Krich vun den Nokrichs-Generatiounen a Fro gestallt ginn, wéi an der Ausstellung d'Plakater vun der Studentevereenegung Assoss géint de Vietnamkrich aus de siechzeger Joren, mee och déi erfollegräich Campagne géint den obligatoresche Militärdéngscht ënnersträichen, deen zu Lëtzebuerg 1967 opgeschafft gëtt.

Léieren zéien

Léieren doraus hunn eis Dirigeanten awer weder an der Welt vu gëschter nach an der Welt vun haut gezunn. Wéi e weideren Afghanistan- an e puer Golfkricher zanterhier illustréieren, fir nëmmen déi ze nennen. Déi mächtegst Länner vun der haideger Welt reagéiere weiderhin op eng Attack géint hir Interessi mat Kricher géint vermeintlech méi schwaach Staaten. Terroristesch Attentater weisen, dass dës Kricher déi de Westen, deen haut Norden heescht, an der Drëtter Welt, déi haut Süden heescht, féiert, weiderhin direkt Konsequenzen fir de Westen/Norden hunn. Dass Bommen déi do ënne geheit gi fréier oder spéider och hei uewen explodéieren. An dass doriwwer eraus Staate längst de Monopol op Waffegewalt, dee fréier den entscheedende Kritär fir Staatsmuecht war, un déi verschiddenste politesch-reliéis Gruppéierungen vun alle Gréissten - a 'Klengten' - uechter d'Welt verluer hunn.

Dat spektakuläert James-Bond-ähnlecht Spionagematerial wat de Lëtzebuerger Geheimdéngscht dem Musée zur Verfügung gestallt huet an den Deel an der Expo iwwer "Radio Luxemburg" als "feindleche Sender" am Ostblock, exposéiere wéi hefteg den ideologesche Krich national an transnational gefouert gouf. An deem Krich war d'Welt schwaarz oder wäiss, gutt oder béis. Déi Jonk, déi an den 1980er Joren géint atomar Oprüstung an Ost a West protestéiert hunn an domat an hiren Aen op jidder Fall fir de Fridden an Entspanung, goufen als "nëtzlech Idioten vu Moskau" an der konservativer Press bezeechent. An als Memberen vun enger fantasméierter 5. Kolonne vum Lëtzebuerger Staat iwwerwaacht a bespëtzelt. Net manner wéi 700 Säiten huet den Dossier, deen de SREL an den 1980er Joren iwwert mech a meng pazifistesch Matstreider a -streiderinnen aus dem deemolegen Lëtzebuerger Friddenscomité zesummegesat huet.

De Kale Krich ass 1991 mam Zerfall vum Ostblock op en Enn gaang, heescht et am Fazit vun der Ausstellung. Mee eréischt bal 25 Joer méi spéit krute mir, dat heescht déi, déi an der Welt vu gëschter ausspionéiert goufen, Zougang zu hiren Akten beim SREL. Och en Zeechen, dass déi detailléiert Opaarbechtung vun där Zäit vum Kale Krich an der Lëtzebuerger zäithistorescher Fuerschung um politeschen, wirtschaftlechen, sozialen a kulturelle Plang nach usteet. Schéin, dass de Lëtzebuerger nationale Geschichtsmusée iwwert seng aktuell Ausstellung mam gudde Beispill virgeet.