Radioen

On air

Espresso Beats  |  Sharon Jones & The Dap-Kings - How Long Do I Have To Wait For You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Zukunft vun Europa an Zäite vu Polykris

Europäesch Unioun

D'Zukunft vun Europa an Zäite vu Polykris

Den Institut fir Zäitgeschicht huet den EU-Kommissiounspresident op d'Uni Lëtzebuerg agelueden, fir iwwer d'Zukunft vun Europa ze schwätzen. Seng Ried an den Debat hu gewisen, wéi déif den europäesche Projet an der Kris stécht, mengt den Denis Scuto.

auto_stories

4 min

Denis Scuto

De leschte Freideg war en endlech nees doheem, eise Jean-Claude Juncker. Zu Belval, op e puer honnert Meter vu sengem Heemechtshaus zu Bieles, wéi e gäre betount. Op d'Aluedung vum Lëtzebuerger Institut fir Zäitgeschicht, dem C2DH, huet hie virun engem bis op déi leschte Plaz gefëllten Audimax op der Uni iwwer seng Pläng fir d'Zukunft vun Europa geschwat an dono mat Studenten a Studentinnen driwwer diskutéiert.

E méi solidarescht a gerecht Europa

Et war effektiv en Heemmatch. Net nëmmen, well e vun hei ass, mä well e virun der Generatioun Erasmus Plus geschwat huet: jonk Mënschen, déi op enger Uni studéieren, déi virgesäit, datt se op d'mannst ee Semester am Ausland studéieren. Oder déi selwer aus dem europäeschen a méi wäiten Ausland op Lëtzebuerg kommen.

Hir Froen hu gewisen, datt op d'mannst deen Deel vun der Jugend, deen Accès zu universitärer Bildung huet - ëmmerhi mëttlerweil bal 40 Prozent vun enger Altersklass an der EU - sech majoritär ee méi solidarescht a gerecht Europa wënscht. Vis-à-vis vu Flüchtlingen, vun Entwécklungslänner a vun der Ëmwelt. Eng Haltung, déi si mat de meeschten Enseignanten a Chercheuren am Audimax, wéi ech selwer och, deelen.

Wéi an enger Mass huet den EU-Kommissiounspresident sech awer éischter un déi geriicht, déi net do waren. Un déi ëmmer méi grouss Zuel vun Euroskeptiker. Bal e Véierel vun den Deputéierte vum Europaparlament gehéiere mëttlerweil zum euroskeptesche Grupp zu Stroossbuerg.

Deels rietspopulistesch Rieden och vu grousse Parteien

A Finnland, Lettland, Litauen an an der Slowakei si si an der Regierungskoalitioun. Polen an Ungarn gi regéiert vu Parteie mat auslännerfeindlechen Discoursen a Politiken. De leschte Sonndeg huet Éisträich e Kandidat gewonnen, deen d'Grenze fir d'Flüchtlinge carrement wëll zoumaachen an dee wahrscheinlech eng Koalitioun mat de vëlkeschen Nationaliste vun der FPÖ wäert agoen. "En Auserneendrifte vu West- a Mëtteleuropa, zu deem ee wuel och Éisträich zielt," huet de Jean-Claude Juncker dat ëmschriwwen.

Mä och a Westeuropa kréien déi Parteie méi Stëmmen, déi d'Valeuren an d'Prinzipie vun der europäescher Konstruktioun refuséieren: D'Meenungsfräiheet an de Respekt vum Rechtsstaat, gedeelte Souveränitéit, oppe Grenzen an oppene Geescht fir Europa an d'Welt, eng Immigratiounspolitik, bei där all Land seng Responsabilitéit iwwerhëlt.

Déi grouss Parteien iwwerhuelen en Deel vun dësem rietspopulisteschen Discours. Déi lescht Referende mat Froen zu Europa si mat "Neen" oder "Out" ausgaangen - Stéchwuert Brexit. Schengen an d'Dublin-Reglement bestinn zënter der Flüchtlingskris vun 2015 just nach um Pabeier, an der Realitéit sinn ëmmer méi Kontrollen un de Bannegrenzen an d'Grenzen an Osteuropa an am Mëttelmier ginn zougemaach.

"Ouni EU-Integratioun geet de Kontinent d'Baach of"

Wéi iwwerzeegs de déi, déi net an d'Mass kommen? Net einfach. A verschiddenen Deeler vu senger Ried huet de Jean-Claude Juncker un d'Erfolleger vun der EU erënnert: den Euro zum Beispill, hannert deem ëmmer nach méi wéi 70 Prozent vun den Europäer géife stoen. Tëscht den Zeilen huet hien awer och zouginn, datt, soulaang d'Sozialpolitik net an de Mëttelpunkt vun der europäescher ëffentlecher Aktioun gestallt gëtt, den Euro eleng den Alldag an d'Kafkraaft vu ville Leit net positiv verännert.

Ugefaangen huet de Kommissiounspresident mat enger Taktik, déi d'EU an hirer Kommunikatioun ëmmer nach (leider) an de Mëttelpunkt stellt: Angscht maachen. Amplaz dat Positiivt ze betounen, driwwer schwätze wat wier, wann et d'EU net géif. "Ouni EU-Integratioun," huet hie seng Ried ugefaangen, "geet de Kontinent wirtschaftlech an demographesch d'Baach of."

E bësse méi spéit huet hie virun neie Kricher um Balkan gewarnt, wann et net géif geléngen, d'Westbalkanstaaten, dat heescht Serbien, Bosnien, Albanien an de Kosovo z'integréieren. En Discours iwwer d'Europäesch Unioun par Defaut.

Zesummenhalt vun EU-Memberstaate stäerken

Un déi Vereenegt Staaten vun Europa gleeft de Jean-Claude Juncker net méi, huet hien dem Schüler missen äntweren. Mä och seng Virschléi fir e bessere Fonctionnement vum "Europa vun den Natiounen" kléngen haut wéi Utopien. Souwuel eng politesch Verdéiwung vun der Eurozon, wéi Erweiderungen um Westbalkan, brauchen den unanimmen Accord vun allen EU-Memberstaaten. Deemno wéi, nom Referendum, en Exercice, deen an der Lescht meeschtens schif ausgeet. Weider Fortschrëtter an der europäescher Integratioun sinn also nëmmen um intergouvernementalen Niveau z'erwaarden.

Mat Gedold an Determinatioun hofft de Jean-Claude Juncker, deen 2019 net méi als EU-Kommissiounspresident untrëtt, datt et awer nach klappt.

Datt dozou - nieft wichtege "Citizens' Dialoge" wéi de leschte Freideg - och méi Méiglechkeete gehéieren, fir demokratesch Participatioun, fir déi vill europäesch Bierger a Biergerinnen, déi sech trotz allem fir eng Verdéiwung vum europäeschen Integratiounsprozess am Sënn vu senge fundamentale Wäerter asetzen, huet nom Jean-Claude Juncker sengem Debat just de gréngen Europadeputéierte Claude Turmes a senger Ried ernimmt. Hien huet drun erënnert, datt et héich Zäit ass, dem Slogan "Wir sind das Volk!" um europäesche Plang nees en demokrateschen an humanisteschen Inhalt ze ginn, amplaz weider nozekucke, wéi e vu vëlkeschen Nationaliste confisquéiert gëtt.