Radioen

On air

Notturno  |  David Sylvian - Orpheus

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Däerf een d'Wierk vu sengem Autor trennen?

Prisma

Däerf een d'Wierk vu sengem Autor trennen?

Kann een de Kënschtler vu sengem Wierk trennen? Oder den Denker vu senge Gedanken? Si Moralvirstellungen absolut näischt wäert, wann deen, deen se opstellt, sech selwer net drun hale kann oder et net wëllt? Am Laf vun der Geschicht fënnt ee vill Leit, déi kreativ waren, an hir Plaz an de Geschichtsbicher oder an de Charts fonnt hunn. Mee wann ee méi genee dohi kuckt, da mierkt een, datt ee vläicht awer frou ass, déi Leit net perséinlech getraff ze hunn.

auto_stories

7 min

Thomas Koenig

Däerfe mir vun eisen Idoler erwaarden, datt si irreprochabel sinn, oder si mir naiv, wa mir vergiessen, datt och déi Leit, déi mir bewonneren, just Mënschen sinn? Iwwerleeunge vum Thomas Koenig.

En Denker a säi Wierk

Wéi ech op der Uni war fir Philo ze studéieren, do hate mir en Cours iwwer den Nietzsche. Et war an engem klenge Sall, uewen ënner dem Dach, voll muffeger Bicher, mat e puer hallef-waakrege Studenten an engem Proff, deen eis erzielt huet, wat den Nietzsche alles vun Iddien an d'Welt gesat huet. An op emol kuckt hien eis, grad wéi mer eng Paus sollte maachen a freet, op mir den Nietzsche da kéinten eescht huelen. Well den Nietzsche jo net wierklech esou gelieft huet, wéi hie sot, datt ee liewen sollt.

Gutt, dat mam Nietzsche ass esou eng Saach, zum Schluss vu sengem Liewen war hien och mental net méi ganz bei sech selwer, wat dem Proff seng Fro dann och net méi einfach mécht.

Mee et gëtt awer och aner Fäll an der Philosophie, wou een net dem Denker virwerfe kann, datt hie seng Theorien net konnt ausliewen, well en zum Beispill net bäi Geescht war, oder einfach de Courage dozou gefeelt hätt. De Martin Heidegger zum Beispill, dat wat deen interessant mécht fir dës Diskussioun, ass net onbedéngt, datt hie verréckt ginn wär, oder soss eppes, mee datt hien an der NSDAP war.

Nazi-Philosoph

An hien huet sech och elo net eendeiteg esou beholl, datt een definitiv kéint soen, hie wär wéi vill aner Leit "just" e Matleefer a keen iwwerzeegten Nazi gewiescht. Et gouf zwar gesot, hie wär jo e wichtegen Denker, an hien hätt jo awer eng Affär mam Hannah Arendt gehat, an dat ass jo awer Beweis genuch, nee? Wichteg Denker kënne sech jo awer net esou krass iren, datt si wierklech Nazie sinn, an Nazien kënne jo och keng Affäre mat Jüddinnen hunn, nee? Respektiv, et gëtt och als Argument ugeféiert, datt hie vläicht net verstanen hätt, ëm wat et bei den Nazie géif goen. Et ass zwar angeblech dee gréissten Denker vun senger Zäit, mee et ass awer en Dummerchen. Egal, Haaptsaach keen Nazi.

Bon, rezent Fuerschung schéngt awer ze weisen, datt hien elo vläicht dann awer politesch net esou ënnerbeliicht war, net ze verstoen, wat et géif bedeiten, en Nazi ze sinn.

Mee wat maachen mir elo domat? Wéi ginn mir elo mam Heidegger sengem Wierk ëm? Kënne mir dat einfach esou an d'Poubelle schmäissen, just well hien en Nazi war?

Argumentum ad hominem

An der Logik gëtt et esou eppes, dat nennt sech Denkfeeler. Dat maacht Dir, wann Dir aus Äre Prämissen, vun deenen Dir ausgitt, eng Conclusioun zitt, déi sech awer net dorausser zéie léisst.

Wann ech zum Beispill soen, datt eng Ausso A falsch ass, well se vun enger Persoun B gemaach gouf, da beginn ech esou en Denkfeeler. An dësem Fall handelt et sech ëm en argumentum ad hominem, oder, op Lëtzebuergesch, ëm en Argument géint d'Persoun.

Wann ech zum Beispill soen, d'Äerd wär flaach, an ech wéisst dat, well mäi Guru mir dat gesot huet, dat wär esou en Denkfeeler. Ob d'Äerd flaach ass oder net, läit net un deem, wat mäi Guru seet. Oder, anert Beispill, stellt Iech emol vir, ech géif folgend Ausso maachen:

D'Madame Schmitt - Schmitt mat zwee T, net datt sech elo nach déi falsch Madame Schmitt ugeschwat fillt. Also, d'Madame Schmitt huet gesot, datt et wichteg ass, sech am Wanter waarm unzedoen. Mee d'Madame Schmitt ass ellen, a si sténkt, an dofir soll een net op si lauschteren.

Dir gesitt, bei deenen zwee Beispiller, denken ech emol, schéngt et relativ einfach ze gesinn, dass se net schlësseg sinn.

Eng reng logesch Saach?

Zeréck dann zum Heidegger oder zum Nietzsche. Wann ech elo behaapten, datt dem Nietzsche säi Wierk näischt wäert ass, well hie jo selwer net dat gemaach huet, wat hie gepriedegt huet, do kéint ee scho soen, datt dat liicht a Richtung argumentum ad hominem geet. Wann ech awer elo behaapten, datt den Heidegger en Nazi war, mee datt ee säin Wierk awer net dofir veruerteelen kann ... ja ... dat ass scho manner evident.

Ech kéint jo elo soen, datt wann een d'Iddie vum Heidegger veruerteelt, well hien den Heidegger war, datt een dann en argumentum ad hominem géif begoen, mee ech si mir awer net sécher, datt ech domat all Mënsch op meng Säit gezu géif kréien.

Wa mir also d'Fro stëllen, op een e Mënsch vu sengem Wierk trenne kann, da mierkt een, datt dat iwwer de renge Beräich vun der Logik erausgeet. Et wär vläicht onlogesch, eng Iddi ze verwerfen, just well ee bestëmmte Mënsch se formuléiert huet. Mee dat heescht just, datt d'Begrënnung vun der Verwerfung falsch ass, an net, datt d'Iddi doduerch op emol besser gi wär.

Empörungsgesellschaft

Zanter der Weinstein-Affaire sinn op emol ganz vill Leit vun der Bildfläch verschwonnen, respektiv krute Problemer. De Kevin Spacey zum Beispill schéngt jo Saache gemaach ze hunn, déi net onbedéngt an der Ëffentlechkeet vertrietbar sinn. Oder de Michael Jackson, dee schéngt jo och wéinst enger rezenter Doku vu ville Leit verworf ginn ze sinn. A wa mir schonn dobäi sinn, d'Mutter Theresa, de Gandhi oder den Che Guevara sinn zwar Ikonen, mee hanner der Fassad verstoppt sech dann awer och just e Mënsch. Respektiv, wat maache mir mat Leit, deenen hire Business et ass, béis an düster ze wierken, an déi et awer a Wierklechkeet guer net sinn. Den Alice Cooper zum Beispill, ass vum Shock-Rocker zum Golf-Spiller mutéiert. Jo, scho komesch, verschidde Leit werfe mir vir, schlecht Mënschen ze sinn, an aneren, datt si keng schlecht Mënsche sinn ...

Lange Rede, kurzer Sinn: Fir ze soen, datt een engem Kënschtler oder Denker säi Wierk net verwerfen däerf, well d'Persoun schlëmm Saache gemaach huet, an datt dat en ad hominem wär, ass ze vill simpel. Do si Gefiller mat am Spill, dat kann een net just mat Logik klären.

Den Kënschtler a säin Wierk

Engem Kënschtler säi Wierk kann ee jo och am Fong als eng Zort Objektivéierung vu senger Persoun gesinn. Dat wat ech hei soen, dat hunn ech mir jo och ausgeduecht. Fir elo ze soen, datt guer näischt vu mir dora géif stiechen, dat wär wahrscheinlech falsch. Fir e Kënschtler awer mat sengem Wierk gläichzesetzen - oder d'Wierk mam Kënschtler - wär och falsch. Den Hitler war jo och net just den Hitler, hie war jo och Zeechner. An dat, wat hien gemoolt huet ... naja, wann et elo komplett talentfräi wär, dann wär et wahrscheinlech méi einfach, fir ze soen, datt seng Zeechnungen näischt sinn.

A wa seng Zeechnunge genial wären, da kéint ee jo och erëm esou eng Floskel bréngen am Genre "Genie a Wahnsinn sinn no beieneen". Mee esou, éierlech gesot, si si weder dat eent, nach dat anert, dofir weess ech selwer net, wat ech dovun hale soll. Et ass scho bal enttäuschend, wann een déi Biller kuckt, well een den Hitler zwar spontan mat villem associéiert, mee net onbedéngt mat langweileger, banaler Mëttelméissegkeet.

D'Wierk an d'Rezeptioun vum Wierk

Ech kenne Leit, déi keng Lidder vum Michael Jackson méi lauschteren wëllen. Dat ass dann erëm eng aner Saach, well déi soen jo net, datt déi Musek schlecht wär, mee déi soen, datt si selwer sech dovun distanzéieren. An dat ass jo dann definitiv keen ad hominem méi.

Dat ass dann d'Fro net just vun der Qualitéit vun engem Wierk, mee och vu senger Receptioun.

Mee et geet jo u sech hei net ëm d'Receptioun. D'Fro, déi mir eis stelle mussen, ass, op mir den ästhetesche Wäert vun engem Konschtwierk oder den intellektuelle Wäert vun engem Gedanken trennen kënne vun der moralescher Qualitéit vu sengem Auteur. A selbstverständlech musse mir eis dann och d'Fro stellen, wat oder wie bestëmmt iwwer déi moralesch Qualitéit?