Radioen

On air

Notturno  |  William Tyler & The Impossible Truth - Area Code 601

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Das geheime Leben der Bäume" vum Peter Wohlleben

Buch-Tipp fir de Summer

"Das geheime Leben der Bäume" vum Peter Wohlleben

Datt Bëscher geschützt musse ginn, gouf ënner anerem am leschte Rapport vum Weltklimarot a vun der Ëmweltorganisatioun World Wildlife Fund rezent erëm nei ënnerstrach. Mee wat wësse mir iwwerhaapt iwwer de Bësch an d'Beem am Spezifeschen? De Fierschter Peter Wohlleben huet sech fir säi Buch "Das geheime Leben der Bäume" méi genee domat befaasst a liwwert Ablécker an eng deels mysteriéis Welt.

auto_stories

4 min

Duerch de Bësch trëppelen ass sécher fir eng ganz Partie Leit eng Manéier fir zur Rou an zu sech selwer ze fannen. Mee dacks bleift een net stoen a kuckt sech d'Beem oder de Buedem mol méi genee un. Dem Peter Wohlleben säi Buch kann als Invitatioun verstane ginn, fir genee dat ze maachen.

Mat Liichtegkeet a Witz

De geléierten däitsche Fierschter war iwwer zwanzeg Joer laang Beamte bei der Landesforstverwaltung a leet haut een ëmweltfrëndleche Forstbetrib an der Eiffel. Hie stäipt sech fir säi Buch op wëssenschaftlech Sourcen, mee och op seng eegen Observatiounen. Zitt Parallelle mam Mënsch a schreift mat enger gewësser Liichtegkeet a Witz ënner anerem iwwer d'Kommunikatioun vun de Beem, hir Charaktereegenschaften an hir Erzéiungsmoossnamen. Jo, dat si Begrëffer, déi den Auteur wierklech benotzt.

Ob een dat fir bor Mënz hëlt oder net, ass deem Eenzelen iwwerlooss. Mee d'Explikatiounen hannendru sinn op alle Fall beräicherend. Sou géifen erwuesse Mamme-Beem bei hirem Nowuess de Wuesstum a jonke Jore bremsen, andeems si den Accès zu Sonnestralen duerch hir grouss Bamkroun limitéieren an domat och d'Fotosynthees begrenzen.

Och Beem musse waarden ...

Mee ee luese Wuesstum an der Jugend wier eng Konditioun fir al ze ginn, esou och Erkenntnisser aus der Wëssenschaft. D'Holzzelle wieren doduerch nämlech ganz kleng an et wier wéineg Loft dran. Dat géif d'Beem méi flexibel a resistent géint Bréch a géint Pilze maachen, déi sech net esou séier verbreede kéinten.

Ob jonk Bichen zum Beispill grad séier un Héicht gewannen oder ob se grad waarde fir ze wuessen, kéint een un hiren Äscht erausfannen. Wann hir Äscht vill méi laang si wéi hire Stamm, wier de Bam am Waardemodus - géif allerdéngs iwwer d'Wuerzele mat Zocker an aneren Nährstoffer vun der Mamm versuergt ginn. Dës Waardezäit ka bis zu zwee Joerhonnerte laang daueren, bis d'Beem endlech zum Zoch kommen. Mee enges Dages stierft de Mamme-Bam, sief et well e seng Altersgrenz erreecht huet oder krank gouf a fält op de Buedem.

... fir duerchzestarten

Elo kënnen déi jonk Beem duerchstarten a méi Fotosyntheese maachen. Eng Fuerscherin vun der Universitéit vu British Colombia huet iwwerdeems erausfonnt, datt Mamme-Beem, déi stierwen, hir lescht Reserven un den Nowuess weiderginn.

Dann heescht et riicht erop wuesse fir méiglechst stabil ze sinn. An net wéi d'Beem an Alaska oder Sibirien, déi, well d'Permafrostbiedem duerch de Klimawandel opdeeën an d'Beem esou lues a lues un Halt verléieren, ausgesi wéi e Grupp vu Vollerten, deen duerch d'Géigend tierkelt, esou de Peter Wohlleben.

E puer Lafbeem kéinten iwwerdeems bei vill Sonnenastralung der Tentatioun net widderstoen, fir och ënnen um Stamm Äscht ze produzéieren a mat deene Blieder ëmsou méi Fotosynthees ze maachen. Wann allerdéngs an e puer Joer d'Krounen uewen erëm Schied maachen, stierwen déi Äscht of a Pilze kënne bis déif an de Bamstamm erakommen. Ob déi Entscheedung Charaktersaach ass, wéi den Auteur mengt, kann ee fir sech selwer iwwerpréiwen. Zum Beispill op enger Lichtung.

Wéi al ee Bam ass, kéint een ënner anerem un der Schuel erausfannen. Ëmsou méi héich erop zum Beispill um Stamm vu Biche Mooss wiisst, desto méi al wiere se. Dat well de Stamm vun ënnen erop mam Alter ëmmer méi rau gëtt a Fiichtegkeet vum Reen an de klenge Spalte besonnesch laang dra bleift.

Wéi eng Géigner huet de Bam?

Mooss ass dem Auteur no iwwerdeems net schiedlech fir d'Beem. Wann ee mat der Hand iwwer et fiert, mierkt een och, ob et rezent vill oder wéineg ze drénke krut. A Mëtteleuropa géifen et iwwerdeems keng ural Bëscher méi ginn. Déi eelst groussflächeg Bambestänn wieren tëschent 200 an 300 Joer al. Mee Fuerscher hätten erausfonnt, datt Beem ëmsou méi séier wuessen a produktiv sinn, desto méi al se sinn. Am Kampf géint de Klimawandel misst ee Bëscher deemno al gi loossen, esou de Peter Wohlleben.

Op sengem Liewenswee trëfft ee Bam allerdéngs méi wéi eng Gefor, vu Pilzbefall, Borkenkäfer iwwer Réi an Hirschen, déi hir Knospe friessen oder si am Summer wuertwiertlech schielen. Dat ass fir Beem liewensgeféierlech, well sech Pilzen op groussen offene Wonne séier ausbreeden an d'Holz zersetze kënnen. Reparaturaarbechte vum Bam, zum Beispill och fir ee Lach, dat ee Spiecht an de Stamm gehummert huet, erëm ze flécken, géif een un de Geschwülsten erkennen. Mee zum Beispill Schirmakazien an Afrika kënne sech iwwer Gëftstoffer an hire Blieder géint Giraffe wieren, an iwwer ee Warngas, wat se aussetzen, hir Aartgenossen niewendrun op d'Gefor opmierksam maachen.

"Das geheime Leben der Bäume" mécht de Lieser also op méi wéi ee Secret vun de Beem opmierksam. Gëtt Explikatiounen, knäppt Zesummenhäng, mee virun allem gëtt et Loscht sech beim nächsten Trëppeltour duerch de Bësch méi Zäit ze huelen an - firwat net - esou wéi Beem, den Alldag mol am Zäitlupentempo ze erliewen.