Radioen

On air

Notturno  |  Nicholas Krgovich - Bedlam

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Musée als "Fehlkonstruktioun"

Buchbespriechung

De Musée als "Fehlkonstruktioun"

Den däitsche Konschthistoriker Walter Grasskamp huet en neit Buch geschriwwen, iwwer d'Manéier, wéi d'Muséeën haut funktionéiere kënnen. Vill Haiser hunn haut mat budgetäre Froen ze kämpfen. D'Buch ass eng gutt Lektüre - och mat Bléck op de Mudam.

auto_stories

6 min

A sengem neie Buch beschreift de Walter Grasskamp deen eigentleche Muséesparadox: Ee Konschtmusée, deen eng Sammlung ufänkt, an déi och ausbaut, ka sech déi Sammlung eigentlech deeselwechte Moment schonn net méi leeschten. Gemengt ass hei net onbedéngt den Akafspräis vun de Konschtwierker, mee vill méi all déi Käschten, déi duerno op de Musée mat deene Wierker duerkommen. Besonnesch wat zum Beispill d’fachgerecht Lagerung vun der Konscht ugeet.

De Walter Grasskamp gehéiert zu de Spezialiste vum däitsche Muséesbetrib. Hien zeechent a sengem Buch "Das Kunstmuseum: Eine erfolgreiche Fehlkonstruktion" een éischter pessimistescht Bild, wat déi klassesch Iddi vun engem Konschtmusée ugeet. Dem Grasskamp no sinn d’Muséeën net nëmmen an enger Kris, wëll se bal all Budgetsproblemer hunn, mee och well déi aktuell Konschtformen dacks net einfach an eng nach meeschtens ganz klassesch Muséessstruktur z’integréiere sinn.

De Fall Thomas Hirschhorn

Interessant ass beim Sujet vun der Konservéierung vun der Géigewaartskonscht de Fall vum Thomas Hirschhorn. Dee gehéiert zu deene beschtbekannte Kënschtler am aktuelle Konschtcircuit. Seng Wierker, dacks monumental Installatiounen, sinn a ganz ville Konschtmuséeën ausgestallt a meeschtens och gelagert. Esou zum Beispill an der Pinakothek der Moderne zu München, déi 2004 dem Schwäizer seng Installatioun mam Titel "Doppelgarage" kaf huet, déi hie just zwee Joer virdrun eréischt produzéiert hat.

D’Materialie sinn hei ënnert anerem ganz normalen Zeitungspabeier, bronge Pak-Scotch, eng ganz Serie vun Neonstuben, grad wéi zwou Eisebunnen, déi an der Installatioun fuere sollen. Alles dat ass als Material a Geschir natierlech héich ufälleg. Esou Wierker sinn eigentlech scho bal an dem Moment, wou se fir d’éischte Kéier ausgestallt ginn, prett fir reparéiert a restauréiert ze ginn.

Och de Mudam kennt de Problem

Dem Kënschtler Thomas Hirschhorn seng Positioun dozou ass awer éischter lapidar: "Ich darf nicht als Künstler meine Materialien auf eine Pseudo-Haltbarkeit aussuchen. Als Künstler habe ich die Frage gelöst, das Museum hat die Frage noch nicht gelöst". Dëst Beispill aus dem Walter Grasskamp sengem Buch iwwert de Konschtmusée als Fehlkonstruktioun ass awer net spezifesch fir d’Münchener Pinakothek.

Och eise Mudam um Kierchbierg huet a senger Sammlung eng riseg Installatioun vum Thomas Hirschhorn mam Titel "Flugplatz Welt". Si ass 1999 fir d’Konschtbiennale vu Venedeg produzéiert ginn a gehéiert mat zu de wichtegste Sammelstécker vum Mudam. Och hei entsti genee déi selwecht Problemer vu Materialverschläiss, wéi se d’Münchener Pinakothek huet, déi dem Hirschhorn säi Wierk eigentlech net méi aus de Reserven huele kann, ouni et futti ze maachen.

Sammlunge ginn erofgeschrauwt

Mee iwwert d’Konservatiounproblemer eraus, si vill modern a Géigewaartskonschtmuséeen am gaangen, hir Sammelaktivitéit drastesch erofzeschrauwen an dat schonn zanter Joren. Och de Mudam huet do déi lescht Zäit keng Ausnahm gemaach. De Budget gëtt anzwousch anescht gebraucht. A souwisou schéngt et, wéi wann d’Funktioun vum Musée géif änneren: Vun enger Plaz wou gesammelt, e bëssen ausgestallt a vill konservéiert gëtt, bei de Musée als sozialen Treffpunkt.

Dem Walter Grasskamp säi Buch "Das Kunstmuseum: Eine erfolgreiche Fehlkonstruktion" ass an deem Zesummenhank eng faktuell fundéiert Lektüre. Och fir déi Leit, déi sech un enger Diskussioun ëm d'Aktualitéit an d'Zukunft vum Mudam - dee jo dëst Joer säin zéngte Gebuertsdag feiert - wëlle bedeelegen.