Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch "dass" an "datt": Firwat ginn et zwou Formen?

Lëtzebuergesch Orthographie

Simon Larosche: Firwat ass et am Lëtzebuergeschen heiansdo "dass" an heiansdo "datt"?

Caroline Döhmer: Mat der Zäit hu sech bei dëser klenger Niewesazaleedung effektiv zwou Variante gebilt, nämlech den "dass" an den "datt", déi een haut iwwerall am Land fënnt. Et ass also net esou, datt ee soe kéint "am Norde soe se sou an am Süde soen se sou". Et geet esouguer esou wäit, datt Spriecher innerhalb vun engem Saz béid Forme benotze kënnen.

Hues du do e Beispillsaz?

Datt-Sätz loosse sech jo einfach kombinéieren, do wier et dann e Saz à la:

"Et ass komesch, datt vill Leit net verstinn, dass dat ironesch gemengt war." Déi kann een dann och einfach tauschen, se hu genee déi selwecht Funktioun an hu kee Bedeitungsënnerscheed. An der Linguistik nennt een esou eppes "Intra-Spriecher-Variatioun".

"Intra" ass dann eppes am Spriecher selwer?

Genee, dat ass eng Variatioun, déi am Spriecher existéiert an net regional ze erklären ass. Et kann awer trotzdem sinn, datt verschidde Spriecher just zu deem engen oder just zu deem aneren tendéieren. Prinzipiell fënnt een awer am Sproochgebrauch vill Leit, déi béid Forme benotzen.

A wat ass elo méi "lëtzebuergesch", wann een dat esou froen däerf? Den "dass" oder den "datt"?

Vum Prinzip hier ass den "datt" méi lëtzebuergesch an den "dass" dee geléinten.

Firwat?

Wann ee sech d'Vergläichswierder vun dësem Phenomeen ukuckt, gesi mir, datt op dëse Plazen am Fong en "t" misst stoen: dat, wat (an net das, was). An der däitscher Dialektologie ginn dës Phenomener fir Dialektgebidder geholl, déi duerch bestëmmt Linnen op der Kaart ënnerdeelt sinn. Dës Linn nennt een dat d'dat-das-Linie oder wat-was-Linie oder "Hunsrück-Schranke". Et muss ee sech do eng Linn virstellen, déi queesch vu Marburg erofkënnt, laanscht Koblenz an duerch d'Saarland bis a Louthrengen erof. Nërdlech vun der Linn ass den "t", südlech den "s". Dat kann een da bei enger Vakanz an Däitschland eng Kéier testen, wann ee mat Leit a Kontakt trëtt, déi Dialekt schwätzen: Wat fürn Schietwetter!

Den "dass" ass also dee geléinten. An der Fuerschungsliteratur ginn do fir d'Lëtzebuergescht Quelle genannt, déi bis 1388 zeréckginn, wou een den "dass" scho fanne kann. Dat sinn da meeschtens historesch Rechnungsbicher.

A wat gëtt hautdesdaags méi dacks benotzt: den "dass" oder den "datt"?

Ech kann do zwou Etüden nennen: a menger eegener Recherche war d'Verdeelung déi heiten: et goufe 600 geschriwwe Sätz gekuckt: datt: 53,5 Prozent an dass: 46,5 Prozent. Da geet e léiwe Bonjour eraus un déi fläisseg Leit vun der Uni Lëtzebuerg mat der Schnëssen-App. Do konnt ech op engem flotte Workshop hir Verdeelung analyséieren, an déi louch liicht anescht, nämlech bei: 61,2 Prozent dass a 35 Prozent datt (bei 654 Sätz). Dozou muss een awer soen, datt hir Donnéeë geschwat sinn an et gouf och eng däitsch Virlag, déi de Choix tëschent dem "datt" an dem "dass" eventuell beaflosst huet.

Gëtt et nach eng besonnesch Kuriositéit iwwer den dass/datt?

Eppes, wat typesch Lëtzebuergesch ass, ass d'Ergänzung mat dass/datt hannerun enger Niewesazaleedung: ech froe mech, wéini datt dat soll sinn. Oder: ech froe mech, wéi al dass dee Bam ass. Oder: ëm wéi eng Drogen, dass et sech handelt.

Dat ass och e Feeler, dee vill Lëtzebuerger gär maachen, wa si Däitsch schwätzen. Da soe si Sätz wéi: Ich weiß nicht, an wen dass du mich erinnerst. Dat ass am Standarddäitschen op alle Fall net richteg. Mee och esou Sätz kann een am geschwaten Däitsche fannen: Kann man ausrechnen, wie groß dass man wird?

Ech wéilt och nach kuerz op deen ominéisen "s" zeréckkommen, deen ech virun zwou Woche virgestallt hat bei Sätz wéi "wéini s de gees". Hei koum ganz vill positive Feedback, mee eng Saach hunn ech ganz flott fonnt. Do hat eng Persoun geschriwwen, datt si deen "s" bis elo ëmmer fir e verschléckten "dass" gehalen huet, also "a wéi eng Richtung s de fiers" wier am Fong "a wéi eng Richtung, dass de fiers". Dëse Punkt wéilt ech nach gär uschwätzen. Dës Iwwerleeung léisst sech duerch zwee Argumenter widderleeën: Wann ech elo en "datt" draus maachen, dee jo einfach getosch ka ginn, wéi mir elo gesinn hunn, da kënnt den "s" awer nees an d'Spill: a wéi eng Richtung datt s de fiers. A wann dat e verschléckten "dass" wier, wier et komesch, datt e just bei Sätz mat "du" virkënnt an net bei deenen anere Persounen. En plus hu mir jo net ëmmer en "s", mee och alt en "en", wéi bei "wat en d'Leit esou soen". Dofir ass déi dass-Theorie beim "s" leider net waasserdicht.

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen