Radioen

On air

Notturno  |  Salami Rose Joe Louis And Brijean - Propaganda

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dat "anert" Doheem: Liewen am Foyer

Betreiungsstrukturen

Dat "anert" Doheem: Liewen am Foyer

E Foyer fir Jonker huet dacks negativ Konnotatiounen. Zu Onrecht, soen déi Concernéiert. Wéi gesäit den Alldag an de Strukturen aus an aus wéi enge Grënn ginn déi Jonk dohin? D'Associatioun Solidarité Jeunes feiert de Weekend hiren 40. Gebuertsdag. Den Anniversaire steet ënnert dem Sujet "Bezéiungen a Bréch an de Bezéiungen".

auto_stories

4 min

Mat deene Jonke gi Projeten ausgeschafft. Foto: Bigstock

D'Jerusalem Worku huet 18 Joer a wunnt zënter méi wéi engem Joer am Foyer Vivo an der Stad. Dëst ass eng vun aacht Strukture vun Asbl Solidarité Jeunes / Jongenheem. An dëse Foyer komme Jugendlecher tëscht 16 an 18 Joer, déi net méi doheem kënnen oder wëlle bleiwen.

Am Ufank hätt si Angscht gehat, fir an esou eng Struktur wunnen ze goen, erkläert d'Jerusalem Worku. Si hätt net gewosst, wat op si géif zoukommen. "D'Leit soen ëmmer, e Foyer ass fir Drogenofhängeger an datt et eppes Schlechtes ass." Dunn hätt si awer erkläert kritt, datt dat net esou wier. De Foyer wier ganz anescht, wéi d’Jerusalem Worku dat am Ufank geduecht hätt. Si fënnt, et misst ee sech géint d'Viruerteeler an negativ Konnotatioune wieren. "Ech sinn net den Drogenofhängegen, deen elo am Foyer ass. D'Viruerteeler verletzen."

Villfälteg Ursachen

D'Jerusalem Worku ass an de Foyer Vivo komm, well si sech net op d’Schoul konnt konzentréieren. No engem Gespréich mat enger Psychologin koum eraus, datt doheem eppes net géif klappen. An datt et fir si besser wier, an eng encadréiert Struktur wunnen ze goen, erënnert sech d’Jerusalem Worku.

D'Grënn firwat Jugendlecher an ee Foyer kéimen, wieren ënnerschiddlech, erkläert den Alain Schaffer. Hien ass Chef de Groupe am Foyer Vivo. Scheedungsfäll, Problemer an der Pubertéit, iwwerfuerdert Elteren, Gewalt am Stot oder elengerzéiend Elteren ... all dat kéint dozou féieren, datt déi Jonk am Foyer ënnerkéimen. An de Foyer Vivo géifen och Jugendlecher kommen, déi a falsch Kreesser gerode wieren. Dacks géif et duerch hiren Drogekonsum, doheem zu Konflikter kommen, esou den Alain Schaeffer. "Da fale si op, vläicht gëtt eng Enquête gemaach a wa sech dat net gëtt, da gi si heiansdo aus der Famill erausgeholl."

Et géif awer och virkommen, datt déi Jonk fräiwëlleg vun doheem géife fortgoen. "Well d'Pubertéit fir dee Jonke selwer ee schwieregen Alter ass, mee och fir d'Elteren." Duerch d'Pubertéit géif sech dem Alain Schaeffer no vill veränneren. "D'Eltere kennen hir Kanner op eemol net méi erëm."

Projete mat deene Jonken

D’Zil vun den Erzéier, déi an esou enger Struktur schaffen ass et, déi Jonk z’encadréieren. Dowéinst schaffen d’Erzéier mat de Jugendlechen un individuelle Projeten. Dës Projete mussen dem Office national de l’enfance no dräi Méint gemellt ginn an och d’Eltere ginn doriwwer informéiert.

D'Projeten, dat wieren dacks Schoulprojeten, erkläert d'Katia Toutan, Mataarbechterin am Foyer Vivo. Fir déi Jonk, déi d'Schoul ofgebrach hätten, géif ee probéieren eng Léier oder Formatiounen ze fannen. Et géif awer och Jonker ginn, déi Problemer hätten, fir erëm mat der Schoul oder mat der Beruffsschoul unzefänken. "Fir si hu mir intern Projeten. Mir beschäftege si a sichen hinnen hei kleng Jobben. "Déi Jugendlech solle léieren, erëm e geregelten Dagesoflaf ze kréien." Vill vun hinnen hätten deen nämlech komplett verluer, seet d’Katia Toutain. Bei de Projete kréien déi Jonk vun den Erzéier finanziell an organisatoresch ënnert d’Äerm gegraff.

Déi 18 Joer al Jerusalem Worku schafft gär autonom an huet och schonn e Projet fir d’Zukunft. Si geet zu Tréier an d'Waldorfschoul a mécht d'nächst Joer hir Première. An da wëll si studéiere goen. "Ech hunn e puer Iddien, mee dat wat mech am meeschten interesséiert, ass Astrophysik."

Keng Ersatzelteren

D'Erzéier wiere fir si eppes tëscht Frënn, Famill a Psycholog, erzielt d’Jerusalem Worku. "Ech gi gutt mat hinnen eens a ka mat ville vun hinnen iwwer meng Problemer schwätzen." D’Erzéier gesi sech net an der Roll vun den Ersatzelteren. Et géif an éischter Linn dorëm goen, eng Bezéiung mat de Jugendlechen opzebauen a sech géigesäiteg ze vertrauen, ënnersträicht den Alain Schaeffer.

Wann déi Jugendlech vun doheem misste fort goen, wier dat fir si selwer an och fir hir Elteren net ëmmer liicht. D’Eltere géifen d’Decisioun dacks net esou richteg akzeptéieren, erkläert Katia Toutain. "Mir probéieren d'Elteren esou gutt wéi méiglech um Courant ze halen, zesummen ze schaffen a mir probéieren erëm eng Bezéiung tëscht den Elteren an hire Kanner z'erméiglechen." Dat géif dacks Zäit brauchen, well vill Jonker hir Elteren eng Zäit net méi wéilte gesinn.

Eent vun den Ziler vun de Foyeren ass et, datt déi Jugendlech no enger Zäit erëm kënne bei den Eltere wunnen. Net jiddereen hellt déi Decisioun. Mat hiren 18 Joer plënnert d’Jerusalem Worku aus dem Foyer Vivo eraus. Eng nei Wunneng huet si bei der Croix Rouge fonnt.