Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dat ass dach extrem! Oder net?

Prisma

Dat ass dach extrem! Oder net?

Warscheinlech huet sech deen een oder anere fir dat neit Joer och erëm gutt Virsätz geholl, wéi zum Beispill méi Sport ze maachen. Fir deen ee kann dat Joggen, Schwammen, Yoga oder Wandere sinn. Oder gehéiert Dir éischter zu deenen, déi wëlles hunn den El Capitan free solo eropzeklammen, Basejumper ze ginn oder 135 Meilen um Stéck duerch déi wäermste Wüüsten a Kalifornien ze lafen? Ze extrem? Oder awer ganz normal? D'Pascale Worré probéiert Äntwerten op dës Froen eraus ze fannen.

auto_stories

6 min

Basejumping gëlt als Extremsport. Wisou mécht een dat? Foto: Bigstock / Xof711

Kuckt een am Dictionnaire, wat dat Wuert "extrem" bedeit, da stéisst een op eng ganz Partie Definitiounen: Bis un d'äusserst Grenz goen, iwwerdriwwen, aus dem Kader falen oder net méi steigerbar, fir just e puer Beispiller ze nennen.

Wat ass Extremsport?

Op de Sport bezu schwätze mer vum sougenannten Extremsport, bei deem de Sportler u seng äusserst sportlech Limitte geet. Do kéint ee jo lo soen, datt am Fong dann all Mënsch, dee beim Sport alles gëtt, en Extremsportler ass?

Naja, sou einfach ass et da lo awer net. Wëssenschaftlech ass et net ëmmer evident ze definéieren, wou den normale Sport ophält, an den Extremsport ufänkt. Am Prinzip zeechne sech déi Sportaarten doduerch aus, datt se eng immens héich kierperlech, mental, technesch a logistesch Erausfuerderung duerstellen an eng aussergewéinlech Ausdauer néideg ass. An dacks gi se ënner besonnesch schwierege Bedéngungen, wéi ganz héich oder niddereg Temperaturen an an usprochsvollen Ëmgéigenden ausgeüübt, wéi an de Bierger, Wüüsten oder um Nordpol.

Wourauser sech dann och dacks e gewëssene Risiko ergëtt, nämlech de Risiko, sech schwéier ze verletzen oder souguer dobäi ze stierwen. Typesch sougenannten Extremsportaarte sinn zum Beispill Free Solo Klammen, dat heescht, eleng an ouni Sécherheetsmaterial klammen, Base Jumping, wou ee vun héije Gebaier oder Fielse mat engem Fallschierm oder engem Wingsuit, engem spezielle Fligelkostüm, erofspréngt.

Awer och Sportaarten, bei deenen een ausseruerdentlech Distanzen um Stéck zeréckleet, sief et am Schwammen, um Vëlo oder bei engem Ultramarathon, ginn als Extremsport bezeechent.

Verschidde Perspektiven

Mee wat beweegt déi eng, sech esou Sportaarten hinzeginn, wärend déi aner just doriwwer staunen oder de Kapp rëselen? Firwat mécht een dat?

Ech selwer, als Ultramarathon-Leeferin, kréien déi Fro do och ëmmer erëm gestallt. An do mierkt een da séier datt dat, wat fir deen ee ganz normal ass an zum Liewensalldag dozou gehéiert, fir deen aneren extrem, verréckt, masoschistesch ass. Oder och gär als ongesond oder eng Sucht bezeechent gëtt.

Sou ass d'Perspektiv vum Sportler selwer a vun deem, dee sech freet, firwat een esou eppes mécht, eng aner. Ech mengen hei zemools den Aspekt vum Risiko a vun der Gefor. Eng Fielswand ouni Sécherung eropzeklammen, vun engem Fiels an d'Eidelt ze sprangen oder wärend Stonnen nuets eleng duerch d'Bierger ze lafen, kléngt geféierlech.

Fir dee jeeweilege Sportler awer dominéiert den Aspekt vun der Gefor net esou, de Gedanken ass zwar eventuell am Hannerkapp, mee am Mëttelpunkt steet säi Sport, seng Passioun an dat Event, op dat e sech laang virbereet huet.

Als Beispill heizou kann een en Interview mam Extremkloterer Alex Honnold erwänen. Nodeems hien de markante Fiels El Capitan eleng an ouni Sécherung bezwongen huet, krut hien an enger Show d'Fro gestallt, firwat hie sech op sou eppes Riskantes aléisst. Seng Äntwert war eng Géigefro, nämlech wien aus dem Publikum alles Schi fiert. Fir hie stellt d'Kloteren ouni Ausrüstung nämlech keen esou en héije Risiko duer wéi Schi fueren. Dat weist, wéi ënnerschiddlech a subjektiv sou eng Aschätzung ka sinn.

Extremsport: Firwat?

Zeréck awer lo zu der Fro nom "Firwat". Sinn déi Sportler vläicht einfach just liewensmidd? Déi wéinegst géifen dat wuel sou bestätegen, au contraire. An och weise Studien ëmmer erëm, datt et sech bei dësen Extremsportler net an éischter Linn ëm liichtsënneg Dropgänger handelt, mee dacks sinn et ganz éiergäizeg Mënsche mat engem staarke Leeschtungswëllen. Och hunn déi Sportler, vun de Profien elo mol ofgesinn, gréisstendeels e ganz normale Beruff a Beruffsalldag. Mee wat ass et dann?

Geet een der Fro op de Grond, a kuckt ee sech d'Äntwerte vun deene Sportler méi genee un, da stellt ee fest, datt dohannert dacks méi philosophesch, wäertorientéiert oder gesellschaftskritesch Aspekter eng Roll spillen. Seng kierperlech a mental Grenzen testen, sech mat der Naturmuecht konfrontéieren, aus dem gereegelten a gesécherten Alldag austrieden. Oder sech selwer fannen, just am Moment sinn, op dat Wesentlecht zeréckgoen. Dat sinn Äntwerten, déi een ëmmer erëm vun deene Sportler kritt. Wouhier dat Bedierfnes? Dacks gëtt dobäi de Bléck op eis Gesellschaft geriicht.

Wa mer eis Gesellschaft vun haut kucken, da kënne mer engersäits feststellen datt Villes, dank der Technik an der Digitaliséierung, ëmmer méi bequem an zougänglech gëtt an eisen Alldag souwäit gereegelt a sécher ass. Sou kënne mer eis um Beispill mat puer Klicken eis Liewensmëttel heem liwwere loossen. An och eise materialisteschen Honger kënne mer zu all Moment, ouni eis vill ze deplacéieren, bequem stëllen.

Anerersäits gëtt ëmmer méi vun eis verlaangt, an eisem Beruff souwéi privat. Sou ass et fir vill Leit en Challenge, den Exigenzen an dem Drock gerecht ze ginn an zur Rou ze kommen. Wat huet dat awer elo mat Extremsport ze dinn? Hei e puer Reflexiounen a méiglech Äntwerten.

D'Competitioun géint sech selwer

Beim Ausübe vun deenen sougenannten Extremsportaarten trëtt de Mënsch fir eng bestëmmten Zäit aus dem bequemen Alldag, dat heescht aus senger Confortzon eraus. Dobäi ass hien der Natur a sengen eegene kierperlechen a mentale Grenzen ausgeliwwert. Dee Moment muss hie sech ganz bewosst mat sech selwer auserneesetzen an op säi Kierper lauschteren.

Och stellt hie sech sengen Ängschten oder sengem "innere Schweinehund". Et ass een direkt mat sech selwer a mat senger Ëmgéigend konfrontéiert. An et erkennt een, zu wat een alles fäeg ass. Oder eben och net fäeg ass.

Et ass fir vill Sportler net an éischter Linne eng Competitioun géint aner Sportler, mee éischter géint sech selwer. Et kënnt een op e Punkt, wou op emol villes net méi sou wichteg erschéngt, wou de Materialismus an de Komfort eng aner Bedeitung kréien, wou aner Saache wesentlech ginn, wéi zum Beispill de Moment selwer an dat bewosst Erliewe vum Moment a vun der Natur.

Oder och dat gemeinsaamt Erliewe mat anere Mënschen, mat deenen een dee Moment zesummen erlieft. Et gëtt ee fir e Moment an eng Welt entféiert, déi zwar ongewëss an onberechenbar ka sinn, mee déi engem et och erlaabt, de Kapp komplett fräi ze kréien, intensiv Glécksgefiller ze empfannen a just am Moment ze sinn.

Natierlech bleift den Aspekt vun der Gefor a vum Risiko bestoen, och wann de Risiko duerch eng intensiv Virbereedung op e gewësse Mooss vläicht ka reduzéiert ginn. Allerdéngs muss een och soen, datt een net einfach vun haut op muer mol entscheet, Extremsport ze maachen, sou wéi een dat vläicht beim Joggen oder Klamme mécht. Eng gutt Gesondheet an eng laang, seriö Preparatioun sinn eng Viraussetzung. Och wa sécherlech ëmmer erëm Sportler, déi net genuch virbereet sinn, esou Erausfuerderungen unhuelen, op enger Startlinn stinn, an een ëmmer erëm héiert, datt de Kapp dat Entscheedend ass, wat wuel ee ganz wichtegen Aspekt, mee net deen eenzegen. Da vläicht awer léiwer mol lues ufänken am neie Joer.