Radioen

On air

Notturno  |  The Good, The Bad & The Queen - Merrie Land

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dativ - de Kasus vun de Gefiller

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

Dativ - de Kasus vun de Gefiller

An eiser Serie Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch haten mer den Nominativ, den Akkusativ an de Genitiv behandelt. D'Linguistin Caroline Döhmer weess méi iwwer den Dativ.

auto_stories

4 min

D'Caroline Döhmer ass Linguistin a schafft fir den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch. Foto: Archiv

Simon Larosche: Mer si lo geschwënn duerch: Mer haten den Nominativ, den Akkusativ an de Genitiv. An elo den Dativ. Ech mengen, du has schonn e puer Mol ugedeit, datt s e grousse Fan vum Dativ ass.

Caroline Döhmer: Dat ass esou.

Dann erziel eis emol, wat der esou gutt un deem Kasus gefält!

Ganz gär.

Ech hat jo schonn eng Kéier iwwer Prepositioune geschwat, déi den Dativ regéieren, also déi en Dativ verlaangen. Heizou gehéieren:

mat: mat dem (mam) Hummer
vun: vun deem halen ech net vill
op, an (als lokal Prepositioun): op dem Dësch / an der Kummer

Dann hu mer den Dativ gesi bei Possessivkonstruktiounen.

Wéi eng waren dat scho méi?

Dat ass eppes wéi "dem Pol säi Buch". Do steet ganz vir en Dativ, deen d'Roll vum Possessor huet, den Dativ markéiert hei de Besëtzer. Den Dativ fanne mer awer och bei der possessiver vun-Konstruktioun: d'Buch vum Pol.

An da gëtt et och Adjektiver, déi en Dativ regéieren, wéi bei "trei sinn". Hei gëtt den Dativ net vum Verb, mee vum Adjektiv gefuerdert: Hien ass him ëmmer trei bliwwen.

Mee komme mer lo mol bei d'Dativergänzunge vu Verben, also bei déi klassesch Dativobjeten. Semantesch, also vun der Bedeitung hier kéint een den Dativ hei ganz pauschal zesummefaassen als Kasus vun de Gefiller.

A firwat?

Den Dativobjet, dee vun engem Verb ausgeléist gëtt, bezitt sech an de meeschte Fäll op eppes Emotionales: Péng, Freed, Guddes a Schlechtes.

Kucke mer mol e puer Beispiller aus dem Lëtzebuergeschen. Déi sinn elo all mam Dativpronomen "him" gebaut, datt een den Dativ direkt erkennt. Ausserdeem ass "him" schéi gläichberechtegt, well et souwuel "hien" wéi och "hatt" kéint sinn.

Hei meng Dativobjeten:

him gefält dat
him ass et kal
him geet et gutt
him ass schlecht
him deet dat wéi
him fält dat grad net an
ech gleewen him
ech verzeien him
ech soen him merci

Wa mer lo vun der semantescher Säit aus kucken, dann nenne mer den Dativobjet hei "Experiencer", also déi Persoun, där eppes Guddes oder eppes Schlechtes geschitt, déi eppes als gutt oder schlecht empfënnt. Hei gëtt eppes empfaang - e Gefill (Péng, Vertrauen) oder e Merci.

Bei der Bewäertung spillt den Dativ och eng Roll. Do si mer bei deem, wat an der traditioneller Grammaire "dativus iudicantis" genannt gëtt, den Dativ vun der Beurteelung. Dee gehéiert zu de fräien Dativen (d. h. e gëtt net direkt vum Verb ausgeléist) an et fënnt een en dacks mat "ze" oder "genuch" am Saz:

him ass dat ze vill
him ass dat net gutt genuch
him geet et net séier genuch

Weiderhin kann den Dativ och d'Roll vum Rezipient uweisen. Dat ass dann déi Persoun, déi eppes kritt: ech hunn him e Kaddo gemaach, ech hunn him dat gesot.

Has du net schonn eng Kéier an enger fréierer Episod iwwer Rezipiente geschwat?

Dach dach, dat war am Kontext vun de Passiven. Do hu mer och de Rezipientepassiv mam Dativ. Dat ass, wann aus "ech hunn him dat gesot" --> "hie krut dat gesot" gëtt.

Du sos lo grad, datt am Dativ ëmmer eppes mat enger Persoun geschitt. Dat geet jo awer bestëmmt och fir Géigestänn oder net?

Déi meescht Dativobjete brauchen effektiv eng Persoun oder op d'mannst Liewewiesen, well ech brauch eppes, wat Emotiounen als Experiencer kann hunn: Dem Elefant huet dat net gefall. Awer net: Dem Haus ass d'Faarf ze grell.

Mer kënne just mat Personifizéierung spillen:

Ech soe menge Bee Merci, datt se mech all Dag sou gutt droen.

Oder: Ech hu mengem Handy gesot, datt en ophale soll, andauernd Updaten ze maachen.

Awer wéi gesot, hei sinn d'Objete personifizéiert.

Also iergendwéi awer nees bei de Persounen.

Genee, am iwwerdroene Sënn!

Den Dativ ass och formal flott, well en duerch seng m-Endung am Neutrum a Maskulinum Singulier einfach opfälleg ass.

Ech kéint elo nach ganz laang iwwer den Dativ schwätzen, mee ech mengen, fir haut wiere mer duerch.

Jo, ganz genee. Dann hu mer d'Kasussen elo all duerch a mer freeën eis op d'nächst Woch mat neie Kuriositéiten.