Radioen

On air

Resonanzen  |  Claude Debussy - Masques, L 105 - Cathy Krier (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Centenaire vun 1939

ng Feierlechkeet am Zeeche vun der Zäit

De Centenaire vun 1939

1939 huet Lëtzebuerg de Centenaire vun der Onofhängegkeet mat groussem Opwand gefeiert. Den nationalistesche Kontext an déi ugespaante politesch Situatioun an Europa hunn dobäi eng wichteg Roll gespillt. Wéi d'Geschicht an déi national Iddi am Kader vum Centenaire inzeenéiert goufen, dat verréit den Zäithistoriker Fabio Spirinelli.

auto_stories

5 min

D'Tëschekrichszäit zu Lëtzebuerg war, wéi och an anere Länner, eng nationalistesch Zäit. Dat weist sech och un der deemoleger Kulturpolitik, déi vun 1921 bis 1940 mat enger kuerzer Ënnerbriechung vum riets-konservative Joseph Bech geleet gouf, als Minister vun den "arts et sciences". Et gouf awer ee grousst Evenement, dat net nëmmen den nationalistesche Kontext, mee och déi ugespaante politesch Situatioun an Europa erëmgespigelt huet. Ech schwätze vum Centenaire vun der Onofhängegkeet, deen 1939, also virun 80 Joer, gefeiert gouf.

Wéi den Historiker Claude Wey schonn analyséiert huet, geet d'Iddi fir de Centenaire vum Traité vu London vun 1839 op eng Nott zeréck, déi de Regierungsconseiller Albert Wehrer 1934 verfaasst huet. Vun enger nationaler Onofhängegkeet ass allerdéngs net rieds, just vun engem autonome Staat. Spéitstens 1938 gouf awer den Traité vun 1839 zur Gebuert vun der Onofhängegkeet vun der Natioun ëminterpretéiert. A verschidden offiziellen Dokumenter fënnt ee souguer d'Iddi vun der Renaissance vun der Onofhängegkeet: eng Referenz zur Meeschtererzielung, laut där Lëtzebuerg schonn am Mëttelalter autonom gewiescht wier. Deemools goufen et allerdéngs nach keng Natiounen, wéi se am 19. Joerhonnert entstane sinn. D'Herrschaftsrelatioune ware bei wäitem méi komplex a villschichteg an hate sech net op eng Nationalitéit baséiert.

Eng Mobiliséierung vun der Gesellschaft

Am Kontext vun der ugespaanter Situatioun an Europa an den Ängschte virun enger Annexioun ass d'Iddi vum Centenaire vun der Regierung opgegraff ginn. De Centenaire soll Lëtzebuerg als eng eegestänneg a legitim Natioun duerstelle, geleet vun der Herrscherdynastie als Garantin vun der Onofhängegkeet a Stabilitéit. Et sollt ënnerstrach ginn, datt dat lëtzebuergescht Vollek gëeent wier, an och de Wëllen hätt, onofhängeg ze bleiwen. Während Lëtzebuerger am Ausland mat an d'Feierlechkeete sollten agebonne ginn, hunn d'Auslänner an d'Migranten zu Lëtzebuerg allerdéngs kaum eng Roll an den Iwwerleeunge gespillt. Si sinn zu enger onsiichtbarer Mass ginn.

1938 huet d'Regierung eng national Kommissioun aberuff, déi vu kengem anere wéi dem Albert Wehrer presidéiert gouf, mëttlerweil Generalsekretär vun der Regierung. Déi Kommissioun sollt d'Organisatioun vum Centenaire koordinéieren an huet eng Rei Ënnerkomiteeë gegrënnt, déi sech mat spezifeschen Aspekter befaasse sollen. Déi Aarbechtsgruppen hunn dann och déi politesch, kulturell a wirtschaftlech Elitten zu Lëtzebuerg mobiliséiert: Journaliste, Schrëftsteller, Historiker, Linguisten, Architekten, Ingenieuren, oder Staatsfonctionnairen. Dës Elite huet an de Komiteeën Aspekter wéi den nationale Fändel, d'Promotioun vun der lëtzebuergescher Sprooch, oder nach d'Erriichtung vun engem Monument du Centenaire debattéiert. D'Publikatioun vun engem Livre du Centenaire, scho vum Albert Wehrer 1934 proposéiert, war geplangt, allerdéngs koum et eréischt 1948 dozou.

Eng Inzeenéierung vun der Meeschtererzielung

Während Associatiounen a lokal Autoritéiten hir eege Fester an Evenementer am Kader vum Centenaire organiséiert haten, hunn déi national Haaptfestivitéiten den 22. an 23. Abrëll an der Haaptstad stattfonnt. En Héichpunkt vum offizielle Programm war den historesche Cortège. Vun Ufank u war kloer, datt doriwwer sollt d'Meeschtererzielung inzeenéiert ginn. Dat stécht och aus der offizieller Broschür vum Cortège ervir, déi déi eenzel Etappen engem gréissere Public erkläre sollt. Esou huet een den Opstand vum Trevirer Indutiomarus géint d'Réimer zum Onofhängegkeetskampf ëmgedeit. Während d'Zäit vum Mëttelalter mat ënner anerem dem Jhang de Blanne besonnesch präsent war, huet ee fir déi Fréi Neizäit bewosst op déi sougenannte "Friemherrscher" verzicht a léiwer Personnagë geholl, déi am Territoire vum haitege Lëtzebuerg gelieft haten, wéi zum Beispill de Gouverneur Mansfeld. Datt den Herzogtum Lëtzebuerg 1795 eigentlech ganz verschwonnen ass, gouf och ënnerschloen. Den historeschen Narrativ vum Cortège huet also eng Kontinuitéit vum Nationalgefill a vun der nationaler Geschicht hiergestallt, déi et esou net gouf. Vergaangen Evenementer goufen esou interpretéiert, wéi wann d'Entstoe vun der lëtzebuergescher Natioun eng historesch Noutwendegkeet gewiescht wär.

Fir d'Feierlechkeete vum Abrëll och festzehalen, huet d'Regierung de Film du Centenaire kommanditéiert, deen trotz senger propagandistescher Ausriichtung haut e wichtegt Zäitdokument fir Historiker duerstellt. En huet opgeholl, wat iwwer schrëftlech Dokumenter nëmme schwéier am Kapp virzestellen ass: den Oflaf vum Cortège, d'Dekoratioun vun der Stad, d'Präsenz vun nationale Symboler, Mobiliséierung vun alle Klasse vun der Gesellschaft. Fir datt d'Messagë vum Centenaire och iwwer d'Grenzen eraus diffuséiert ginn, gouf geplangt, de Film am Ausland ze weisen. Opgrond vun den disponibele Quelle kann ee mat Sécherheet soen, datt e wéinstens zu Paräis gewise gouf.

Kee Schutz virun der Invasioun

Am Kader vum Centenaire sinn also d'Geschicht vu Lëtzebuerg fir politesch Zwecker benotzt an déi national Iddi inzeenéiert ginn. Et sollt doriwwer eraus anere Länner, besonnesch Däitschland mat sengen annexionisteschen Ambitioune gewise ginn, datt Lëtzebuerg eng legitim Natioun mat ale Wuerzele wier. Deen Discours ass net nëmme vu Politiker verbreet ginn, mee och Historiker hu vill dozou bäigedroen. Ee gutt Beispill ass de Joseph Meyers, Geschichtsproff a Conservateur am Geschichtsmusée, deen och un der Gestaltung vum Cortège bedeelegt war. 1939 huet hien och e Buch mam Titel "Geschichte Luxemburgs" publizéiert, dat d'Meeschtererzielung erëm opgegraff huet, dorënner de Mythos vun de "Friemherrschaften".

Datt déi grouss Feierlechkeet a Mobiliséierung am Kader vum Centenaire Lëtzebuerg net konnt virun enger Invasioun verschounen, dat huet d'Besatzung vum Land duerch Däitschland nëmmen ee Joer drop gewisen. D'Iddi vun enger onofhängeger Natioun ass an de Géigendeel gekéiert ginn. Och déi Däitsch hunn d'Geschicht als Instrument fir hir politesch Zwecker benotzt, se ass just un hir Ideologie ugepasst ginn. Den Exercice vun 1939 sollt awer erëm 50 Joer méi spéit widderholl ginn, just manner grouss opgezunn. De Kontext war 1989 och anescht. Ängschte virun enger Annexioun duerch d'Nopeschlänner goufen et net méi, dofir awer Ängschte virum Verloscht vun enger nationaler Identitéit am gemeinsamen Europa. Esou steet am Rapport vum Kulturministère vum Joer 1990:

"La célébration du 150e anniversaire de notre indépendance nationale a clairement montré qu'il fallait continuer, surtout en vue de 1993, d'affirmer notre identité culturelle et de développer des initiatives qui sont promotrices de notre patrimoine culturel."

Mat dem Joer 1993 ass näischt anescht gemengt, wéi d'Akraafttriede vum gemeinsamen europäesche Marché.