Radioen

On air

Notturno  |  Schlofardi - Flouer Power

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Chrëschtbam vu Groussbus

Strofexpeditioun

De Chrëschtbam vu Groussbus

Den 28. Dezember 1940 huet sech zu Groussbus ee vun den dramateschsten Evenementer an der Besatzungszäit ofgespillt. Duerno kann een natierlech soen, datt dat wat deemools passéiert ass, zimlech bescheide war par Rapport zu allem, wat dono koum: Deportatiounen, Ëmsiidlungen, Exekutiounen.

auto_stories

6 min

Vincent Artuso

Wann een d'Evenementer awer an dem Kontext betruecht, an deem se sech ofgespillt hunn, gesäit een, datt se en enormen Impakt op d'Zäitgenossen haten. Si hunn den däitsche Gauleiter Gustav Simon souguer gezwongen, seng Politik z'änneren - gezwongen oder erlaabt, jee nodeem, wéi een dat gesäit.

Et huet alles mat engem Chrëschtbam ugefaangen - e ganz einfachen, traditionelle Chrëschtbam an der Mëtt vun der Uertschaft, virun der Kierch. Mä um Enn vum éischte Besatzungsjoer a bal sechs Méint nom Ufank vun der Andäitschungspolitik vum nationalsozialistesche Regimm, konnten d'Traditioune geféierlech ginn an näischt méi war einfach.

Wat fréier - dat heescht virun der Invasioun - banal war, gouf op eemol subversiv, zum Beispill de Chrëschtbam an der Mëtt vun der Uertschaft mat rout-wäiss-bloe Fändelen a mam roude Léiw ze dekoréieren. Lëtzebuerger Nationalsymboler waren zwee Méint virdrun, mat der Ofschafung vun de leschte staatlechen Institutiounen, verbuede ginn. D'Missioun, déi den Hitler senger Zivilverwaltung ginn hat, war Lëtzebuerg "Heim ins Reich" ze bréngen. Patriote goufe vum neie Pouvoir als Separatisten ugesinn a verfollegt.

Keng Resistenzaktioun

Ufanks August, kuerz no der Ernennung vum Gustav Simon, war et schonn an der Stad zu Ausschreidunge wéinst Symboler komm. D'Lëtzebuerger Verwaltungskommissioun, d'de-facto Regierung, déi nom Depart vun der Grande-Duchesse a vun de Ministeren entstane war, hat d'Instruktioun ginn, d'Spéngele mat den nationale Faarwen, déi am Kader vun der Honnertjoerfeier vun der Onofhängegkeet verkaf gi waren, erëm an Ëmlaf ze bréngen.

Et wär awer iwwerdriwwen an an deem Verhalen eng éischt organiséiert Resistenzaktioun ze gesinn. Et war awer gewëss en explizitten Ausdrock vun Oppositioun. Mä do wou et erëm komplizéiert gëtt, ass, datt déi Oppositioun net géint Nazi-Däitschland geriicht war, mä just géint de Gauleiter Simon, an dat och nach am Numm vun der Kollaboratioun! D'Verwaltungskommissioun wollt nämlech mat den Däitsche kollaboréieren, mä géint eng Garantie fir Souveränitéit vum Land.

Reaktioun vu Lëtzebuerger Collaborateuren

De Gauleiter, dee verstanen hat, datt d'Aktioun géint hie geriicht war, huet de Männer vum Stoßtrupp vun der Volksdeutschen Bewegung, also Lëtzebuerger Collaborateuren, de Befeel ginn, Landsleit ze mësshandelen, déi gewot haten, d'Spéngelen ze droen. Während deem sougenannte Spéngelkrich goufe Lëtzebuerger vun anere Lëtzebuerger gestouss, geschloen oder verhaft.

Mä dat alles war an der Haaptstad geschitt, net ze Groussbus, enger Uertschaft, déi an enger ländlecher an exzentréierter Géigend, wäit ewech vum politeschen an industriellen Häerz vum Land louch; wäit ewech och vun den Héichbuerge vun der VdB, an der Stad an am Minett. D'VdB hat do Uewen, ausserhalb vun Ettelbréck an Dikrech relativ spéit Ortsgruppen gegrënnt a wéineg fräiwëlleg Membere fonnt.

De lokalen Distrikter vun der VdB war en iwweräifregen Nationalsozialist, den Armand Kayser, deen deemools just nach Hermann genannt gouf. Hien a säi Stoßtrupp ware schonn an de Méint virdrun opgefall, wou si zu Ettelbréck d'Synagog ugegraff haten, souwéi d'Haiser an d'Geschäfter vu Leit, déi hir Oppositioun zum neie Regimm geäussert haten.

Temoignagen

Den Hermann Kayser huet direkt reagéiert, nodeems hie vum patriotesche Chrëschtbam vu Groussbus héieren huet. Den Oflaf vun den Evenementer gouf zum Beispill vum Antoine Funck, dem diplomatesche Representant vu Lëtzebuerg am net besatene Frankräich an engem Rapport un d'Exilregierung beschriwwen:

"A Noël, la jeunesseu village av dait érigé l'arbre traditionnel. Il se trouva - comment et par qui? - que le sapin était orné de drapelets tricolores et du lion rouge luxembourgeois. Il fut impossible de découvrir l'auteur de cette audace [...] Kayser décida alors d'organiser une expédition punitive. Il racola une équipe parmi les pires individus de la jeunesse hitlérienne de la région et, après force libations à Ettelbrück, ces jeunes chenapans furent dirigés en autocar sur Grosbous. Le chauffeur, un brave homme, trouva moyen de faire prévenir les jeunes gens de Grosbous. Ceux-ci, redoutant le pire, se cachèrent où ils purent. A leur arrivée, l'équipe du Kreisleiter Kayser trouva le local de réunion vide. Les forcenés fouillèrent les maisons, mirent tout à sac, et les jeunes gens du village furent traînés à l'école et malmenés. [...] Les habitants, non seulement de Grosbous, mais de toute la région, sont exaspérés et ont juré de se venger. "

En direkten Zeien huet och dem Chef vun der Lëtzebuerger Lokalpolizei, deen deemools nach am Amt war, geschriwwen, wat engem eeleren, jüddeschen Awunner vu Groussbus souwéi senger Duechter geschitt war:

"Und jetzt machen wir den Juden fertig." Gleich fälen en etlech der Flantessen iewer den âlen Papa Cahen hier a schwärzen him d'Gesîcht. Et huet mir gekacht fun Rôserei, an ech ko'um net vun dem Gedanke lass: "Wann dât eso' firun gét, da muss du och nach nokucken, wann se dein âle Pap verhonzen." Dun krût de Papa Cahen en âlen Emer an de Grapp a mat engem Bengel huet hien missen drop schlôen an durch Dure jeitzen: "Ich bin ein Jude". Seng Duechter Milly schafft sech durech bis bei hiere Pap a sét: " Mein Papp ass en âle Mân an hien kann net gudd jeitzen." Sie höllt den Emer an de Knöppel a rift: " Ich bin eine Jüdin. "

Gauleiter Simon festegt seng Muecht

D'Strofaktioun vu Groussbus huet eng ganz vive Emotioun am Land bewierkt, esou vive, datt souguer de Funck am wäite Vichy driwwer bericht huet. Verschidden däitsch Beamten - besonnesch déi, déi de Gustav Simon net appreciéiert hunn - waren och entrëscht.

De Richard Hengst, kommissaresche Buergermeeschter vun der Stad, en Nazi, deen awer fir eng moderéiert Politik vis-à-vis vun de Lëtzebuerger plädéiert huet, huet dem Reichsinnenministerium direkt e Bericht geschéckt; souguer en Agent vum SD, dem Sicherheitsdienst vun der SS, huet "eigenmächtige Ausschreitungen VdB-Angehöriger" regrettéiert.

De Gauleiter Simon huet missten aschreiden, huet awer d'Occasioun genotzt, fir seng Muecht ze festegen. De Kayser huet seng Funktioun als Distriktleiter verluer an e puer Méint dono ass déi Positioun ganz ofgeschaaft ginn. Déi Véier Lëtzebuerger Distriktleitere goufen duerch Kreisleiteren ersat, déi bis op een, all Däitsch waren. De Message war absolut kloer: déi revolutionär Phas vun der Andäitschung war elo fäerdeg an d'Lëtzebuerger Nazie ware gebiede sech a Rei a Glidd ze stellen.