Radioen

On air

Notturno  |  Rozi Plain - Help

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Joseph Meyers an de Staatsmusée wärend der däitscher Besatzung

Zäithistoriker

De Joseph Meyers an de Staatsmusée wärend der däitscher Besatzung

Fir de fréiere Staatsmusée hat déi däitsch Zivilverwaltung vun 1940 u vill geplangt. Ëmgesat gouf awer näischt. D'Diere vum Musée si, wéi scho virum Zweete Weltkrich, fir de Public zoubliwwen. Wat sech hanner de Kulissen ofgespillt huet, wat d'Besatzer mam Musée wëlles haten a wéi ee vu sengen Haaptacteure gehandelt huet, dat verréit den Zäithistoriker Fabio Spirinelli.

auto_stories

6 min

Als kulturell Institutioun existéiert e Musée net an enger Blos, getrennt vu politeschen a gesellschaftlechen Entwécklungen. Dat ass ëmsou méi de Fall, wann et sech wéi mat der däitscher Besatzungszäit ëm e groussen Aschnëtt handelt. Dëst gesäit ee ganz gutt um Beispill vum Staatsmusée, de Virgänger vum haitegen nationale Konscht- a Geschichtsmusée a vum nationalen Naturgeschichtsmusée.

E Bléck op de Musée wärend der däitscher Besatzungszäit bitt awer och d'Geleeënheet, sech méi mat den Handlunge vum Personal ausenanerzesetzen. Besonnesch interessant ass de Fall vum Joseph Meyers.

An de Méint no der Invasioun vu Mee 1940 erlieft de Musée eng onsécher Zäit. Ee wichtegen Unhaltspunkt: de 17. Dezember 1940. Deen Dag gëtt eng Reunioun am Musée aberuff, an där déi däitsch Autoritéiten hir Pläng fir d'Institutioun presentéieren, déi elo Landesmuseum heescht. Et huelen dorun och als Conservateuren de Joseph Meyers fir d'Geschichtssektioun an de Marcel Heuertz fir d'Naturgeschichtssektioun deel. Béid hate scho virum Krich am Musée geschafft.

Ee Projet, deen ni ëmgesat gouf

Déi Däitsch hate vill mam Musée wëlles. E sollt beträchtlech vergréissert ginn an ënner anerem de Palais de Justice integréieren, wou hautdesdaags den Ausseministère dran ass. Och déi permanent Ausstellung sollt un d'Nazi-Ideologie ugepasst ginn. Esou sollt se Lëtzebuerg historesch a geographesch als "Grenzland" vun engem groussen zentraleuropäesche Räich duerstellen. Déi Responsabel hunn awer och, fir déi éischte Kéier iwwerhaapt, iwwer d'Visiteuren nogeduecht. Et sollt an de Gäng genuch Plaz si fir Gruppen, an d'Besicher sollten engem bestëmmte Parcours nogoen.

Dee Projet gouf ni ëmgesat, och wann intern Ëmbauaarbechte fir déi nei Ausstellung ugefaangen haten. Wéinst de Krichsefforten ass am Februar 1942 e generellt Bauverbuet dekretéiert ginn. De Musée ass fir de Public zoubliwwen.

Dobäi hätt de Staatsmusée eigentlech scho seng Diere virum Krich sollen opmaachen, passend fir d'Onofhängegkeetsfeier vun 1939. De Joseph Meyers war schonn amgaangen déi lescht Preparatiounen ze maachen, wéi en am September den Uerder vun der Regierung krut, all d'Objeten zeréck an de Keller ze stellen.

D'Geschichtsliteratur iwwer de Landesmuseum war laang Zäit bal inexistent a wéineg kritesch. Nach 2002 huet de François Reinert an engem Text d'Politik vun der "passiver Resistenz" ("résistance passive") vun de Conservateuren ënnerstrach. E problematesche Constat, vu datt en sech haaptsächlech op e Rapport vum Meyers vun 1949 baséiert. 2007 huet d'Marie-Paule Jungblut als éischt Historikerin d'Acquisitioune vum Musée wärend dem Krich méi kritesch analyséiert. Véier Joer méi spéit huet de Michel Polfer eng Contributioun zum Sujet geschriwwen.

De Beispill vum Joseph Meyers

De Fall vum Historiker Joseph Meyers ass besonnesch interessant fir Narrativer nom Krich mat de Quellen aus der Krichszäit ze vergläichen. Et erlaabt och, d'Komplexitéit vum mënschleche Verhale vis-à-vis vun enger Diktatur, vu Contrainten a vun Ëmwälzungen ze analyséieren.

Schonn an den 1930er Jore war de Meyers an der kultureller Gesellschaft engagéiert. Mat Kolleege wéi den Nicolas Margue huet en zu enger Interpretatioun vun der Vergaangenheet bäigedroen, déi d'Entstoe vum Lëtzebuerger Nationalstaat als en onausweichlecht Resultat vun enger laanger Entwécklung gesinn huet.

Als Member vum Comité fir den historesche Cortège 1939, ee vun den Haaptevenementer vun der Onofhängegkeetsfeier, war en dann och implizéiert an der Organisatioun vun de Festivitéiten an der Haaptstad am Abrëll. De Meyers war och Member vun der Gesellschaft für deutsche Literatur und Kunst (GEDELIT), déi vun den Däitschen als informell Propagandaplattform benotzt gouf. Hie gëtt e wichtege Vermëttler fir d'Westforscher, e Grupp vu Fuerscher, déi versicht hunn, an engem wëssenschaftleche Gewannt ënner anerem déi däitsch Essenz vu Lëtzebuerg ze beweisen. De Meyers ënnerhält enk Relatioune mam Historiker Franz Steinbach, deen e puer mol op Lëtzebuerg invitéiert gouf.

Deen Hannergrond ass net ouni Interessi fir d'Geschicht vum Musée, well de Westforscher Mathias Zender huet un der Reunioun am Dezember 1940 deelgeholl. Déi geplangten Ausstellung am Musée iwwerhëlt Prinzippien, déi vun der Westforschung an de Jore virdrun entwéckelt a verbreet goufen.

Verschidden Aspekter goufe kaum oder guer net vum Meyers nom Krich erzielt. En huet net erwäänt, datt en an engem Bréif vum 15. September 1942 un déi däitsch Verwaltung am Kontext vun der "Umsiedlungsaktion" ugefrot hat, Objete vun deene Leit ze kréien, déi zwangsméisseg ëmgesidelt goufen. Dee Bréif schreift en awer zur selwechter Zäit, wéi en aus Protest géint d'Zwangsrekrutéierung seng VdB-Memberskaart zeréckginn huet.

De Meyers presentéiert nom Krich eng verzerrte Muechtrelatioun tëschent dem Musée an der däitscher Verwaltung. Laut sengen Aussoen huet en d'Erëffnung vum Musée kënne verhënneren, präziséiert awer net, datt dat duerch de Bauverbuet vun 1942 souwisou net méi méiglech war.

Wann ee sech d'Quellen aus der Krichszäit ukuckt, kënnt och d'Impressioun op, datt d'Conservateure mat verschidden däitsche Responsabelen eng gutt Relatioun haten, wéi mam Landesoberverwaltungsrat Kornfeld, deen de Musée vu Januar 1942 bis Abrëll 1943 superviséiert huet. Wéi de Meyers gewuer gëtt, datt de Kornfeld an d'Wehrmacht agezu gëtt, schreift en him e Bréif, an deem e Merci seet fir déi "neue, schöne Aufgaben", déi de Musée erfëlle konnt.

Handlungsméiglechkeeten an enger Diktatur

De Meyers, wéi vill vu sengen Zäitgenossen, huet ëmmer erëm seng perséinlech Situatioun a säin Handlungsspillraum analyséiert. D'Conservateure vum Musée hunn e Balanceakt tëscht enger Distanzéierung par Rapport zum Regime an engem Ausnotze vun der Situatioun aus enger institutioneller Logik eraus gemaach.

Eppes bleift beim Meyers allerdéngs nach bis haut net ganz kloer. Wärend dem Krich schéint e gewosst ze hunn, wéi e seng däitsch Kontakter zu sengem Virdeel ausnotze konnt. Souguer d'Kommissioun, déi no der Befreiung säin Epuratiounsdossier analyséiert huet, weist sech an hirem Rapport iwwerrascht, dass en trotz enger Rei Handlungen net esou staark bestrooft gouf wéi aner Zäitgenossen.

Am Kontext vun de Streiken 1942 zum Beispill gouf e festgeholl, mee dee selwechten Dag erëm aus dem Prisong entlooss; dat op Wierke vum Joseph Lauer, e Mataarbechter vum Musée an, laut Rapport, e bekennenden Nazi.

Och wann de Musée zoubliwwen ass, konnt e seng Sammlungen ausbauen, dank gréissere finanzielle Moyenen an engem Verbuet fir Konschtwierker an historesch Objeten ouni Erlabnis ze exportéieren. Och wann dee Verbuet net esou gutt funktionéiert huet wéi sech erhofft gouf, an de Musée och mol Verbesserungsvirschléi gemaach huet, huet en trotzdeem dovu profitéiert. Net ëmmer ass de Kontext vun den Acquisitioune kloer, a wéi am Fall vun der "Umsiedlungsaktion" huet de Musée vun enger genereller Nazipolitik profitéiert.

Zu Lëtzebuerg huet eng kritesch Konfrontatioun mat den Aktivitéite vum Landesmuseum spéit ugefaangen. Et ass och eng Geschicht vun enger verpasster Chance. Eng systematesch Provenienzfuerschung gouf nom Krich guer net gemaach, et ass ni e gesetzleche Kader geschafe ginn. Wat de Meyers betrëfft, esou huet seng Carrière kee Réckschlag duerch de Krich erlieft. Laut dem Rapport zu sengem Epuratiounsdossier hätt hie seng "patriotesch Flicht" erfëllt.