Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Kapp vun der Luxembourg Art Week

Sot Emol

De Kapp vun der Luxembourg Art Week

Bis e Sonndeg ass an der Stad déi 7. Editioun vun der Luxembourg Art Week. De Papp - a Kapp - vun der Art Week ass den Alex Reding, deen dëst Joer mat senger Galerie 20 Joer feiert.

auto_stories

3 min

Déi éischt zäitgenëssesch Konschtfoire zu Lëtzebuerg huet zanter hirer Grënnung vill Adepte fonnt an ass mëttlerweil verankert op der Kartographie vun den europäesche Foiren. Déi nei Plaz um Glacis bréngt nei logistesch a finanziell Defie mat sech. Se bitt awer virun allem eng grouss Visibilitéit fir d'Luxembourg Art Week.

Konscht brauch seng Zäit

No enger digitaler Editioun zejoert sinn dëst Joer net manner wéi 80 Galerien ugemellt. De Papp - a Kapp - vun der Art Week ass den Alex Reding, deen dëst Joer mat senger Galerie 20 Joer feiert. Bannent zwou Dekaden huet hien et fäerdeg bruecht déi zäitgenëssesch Konschtlandschaft ze markéieren.

Vu Beruff ass hie Sculpteur. Hien huet een traditionellen artistesche Parcours, war op de Beaux-Arts zu Paräis, huet eng Maîtrise an den arts plastiques, a war zu Düsseldorf op der Akademie:

"Dat ass am Lycée ugaangen, do war ech begeeschtert vun der Skulptur. (...) Deen Ament huet ee keen Iwwerbléck iwwer dat wat ee wëll maachen an der Konscht, oder wéi ee sech wëll ausdrécken, dat ass ee laange Wee ier e Kënschtler seng Identitéit fënnt an ëmsetze kann, dat se och percutant eriwwer kënnt."

D'Maîtrise wier e Studium wat a Richtung Enseignement geet, sou datt den Alex Reding no der Studienzäit zeréck op Lëtzebuerg komm ass an hei Owescoursë ginn huet:

"Owescoursë war eng passionant Erfarung, well een do mat Leit ze dinn hat, déi d'Freed un der Konscht gedeelt hunn, esouwuel praktesch wéi och manuell Expressioun am Steen, an der Skulptur gemaach hunn."

En A fir Originalitéit

1995 wou Lëtzebuerg "Ville européenne de la culture" war, hat den Alex Reding 24 Joer - eng Zäit an där Infrastrukturen entstane si wéi d'Philharmonie oder de Mudam, eng Zäit an där mat enormem Elan d'Mentalitéit gedréint goufen. Present zu Lëtzebuerg 1995 waren zum Beispill den Lawrence Weiner oder Gilbert & George. Dem Alex Reding ass deen Ament bewosst ginn, wat de ganze Konscht Milieu alles duerstellt, d'Vernetzung, d'Globalisatioun vum Secteur, den Austausch tëscht de verschiddene Zeenen.

D'Statuë vum Alex Reding gesäit een zum Beispill am d'Monument fir den 1300. Jubiläum vun der Stad Iechternach, wat hien zesumme mam Götz Arndt sculptéiert huet. Oder och d'Büste vum Pierre Dupong zu Heeschdref.

Haut huet de Galerist net méi vill Zäit fir als Sculpteur ze schaffen, mee lieft déi Passioun iwwer een Owescours "Sculpture sur pierre" zu Esch aus.

A senger Aarbecht als Galerist muss hien up-to-date bleiwe mat neien Techniken an Inspiratiounen. Et wier en Challenge, aktuell ze bleiwen - an awer seet den Alex Reding: "wann een de gudde Grëff huet, da behält een deen zum groussen Deel."