Am Verglach mam leschte Joer huet Lëtzebuerg sech nach ëm dräi Deeg verschlechtert, 2019 war dësen Dag nach den 19. Februar. An domadder kënnt Lëtzebuerg dann nees, wéi schonn 2019 op déi zweete Plaz, just de Katar hat mam 11. Februar méi séier d'Ressourcë verbraucht, déi d'Natur nees an engem Joer regeneréiere kann.
Wéi vill verbraucht Lëtzebuerg
Fir dësen Overshoot Day ze rechne consideréiert de Global Footprint Network wéi vill, wéi si et nennen, biologesch produktiven Terrain e Land brauch fir d'Bedierfnesser vu sengen Awunner ze befriddegen. Plaz fir Liewensmëttel, fir Holzofbau an aner Produktiounen, Bësch fir den CO2 ze absorbéieren an och Terrain fir Infrastrukturen opzebauen. Donieft ginn och Import an Export mat aberechent.
All Land kritt e Wäert a sougenannte Global Hectares, also wéi vill biologesch produktiv Flächen e Land brauch fir Ressourcen hierzestellen an den entstanene Knascht ze absorbéieren. Dat verrechent een da mat dem reelle Verbrauch vum Land, bei deem ee sech op Zuele vun de Vereenten Natioune berifft. D'Differenz gëtt de positiven oder negativen ekologesche Foussofdrock vum Staat un.
Aacht Mol d'Ressourcë vun der Äerd
Kuckt ee sech Lëtzebuerg un, dann huet d'Land eng Biokapazitéit vun 1,8 Global Hectares pro Persoun, also pro Lëtzebuerger Awunner stinn 1,8 Hektar zur Verfügung fir d'Bedierfnesser ze erfëllen. Dee reelle Wäert dee mer verbrauche läit awer bei 15,3 Hektar pro Persoun, woubäi dee gréisste Faktor den CO2-Ausstouss ass. Dat heescht, mir hu bei der Biokapazitéit en Defizit, a wa weltwäit jiddwereen esou géif liewe wéi mir hei zu Lëtzebuerg, géife mer dem Global Footprint Network no an engem Joer ronn aacht Mol déi natierlech Ressourcë vun der Äerd verbrauchen.
Et muss een awer wëssen, datt sech de Global Footprint Network bei senge Kalkulatiounen deelweis op UN-Zuelen aus dem Joer 2016 baséiert, well méi aktuell Daten nach net accessibel sinn. Dat heescht, dës Resultater kéinten och nach variéieren.
Méi Informatioune fënnt een ënner www.overshootday.org oder www.footprintnetwork.org.