Radioen

On air

De Moien  |  Andréck vun engem virwëtzege Reesenden

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Mënsch am Mëttelpunkt

Am GespréIch

De Mënsch am Mëttelpunkt

De Gilbert Pregno ass Psycholog a Familljentherapeut, hie war Direkter vun der Fondatioun Kannerschlass an ass aktuell President vun der consultativer Kommissioun fir Mënscherechter zu Lëtzebuerg, eng Kommissioun, déi den Ament mat de Konditiounen, den Aschränkungen an de Mesuren am Kontext Corona-Pandemie dacks sollicitéiert ass an ëm Meenung gefrot gëtt.

auto_stories

6 min

Foto: Archiv

Beruffswonsch: Mënschen ze hëllefen

De Gilbert Pregno wollt schonn am Lycée an e Beruff goen, wou en de Leit hëllefe kann. Zwou Méiglechkeeten huet hie gesi soit Medezin studéieren, soit Psychologie. Medezin wollt en dunn awer net studéieren, well en net méi wollt esou vill Jore vu sengen Elteren ofhängeg sinn. De Gilbert Pregno huet zu Nanzeg Psychologie studéiert. Ganz wichteg wien hie war an ass och den Hannergrond vu senger Famill:

"Ech sinn e Kand vun der Immigratioun. Meng Elteren dat sinn der gewiescht , déi hunn ëmmer vill geschafft. Jo, an dat Schaffen hat dunn och fir mech ëmmer esou e grousse Stellewäert. Ech hunn e Papp deen huet Prisong gemaach, mäi Papp war am Prisong well e keng Pabeieren hat. E war geflücht aus Italien, well en an der Aarmut gelieft huet. Wann ech dat haut soe sinn ech och stolz doriwwer, wa meng Duechteren doriwwer schwätzen, dass mer e Bopa hunn deen am Prisong war, e Mount laang, well e keng Pabeieren hat, déi Zäit gouf et dat och schonn. Mer hunn dat haut an engem vill méi verstäerkte Moos nach, wéi dat do war. Ech mengen ech hunn a menger Famill esou eppes mat kritt vun enger Disponibilitéit och fir aner Leit. An och dat Engagement an dat Schaffe war fir mech ëmmer wichteg."

Deel 1play_arrow

D'Zäit als "Schlasshär" zu Suessem

Dat war also de Wee deen de Gilbert Pregno bei Psychologie gefouert huet. Eng ganz bedeitend Etappe am Beruffsliewe vum Gilbert Pregno, deen ugangs am ëffentlechen Déngscht geschafft huet , war och seng Funktioun als Direkter vun der Fondatioun Kannerschlass. Eng Institutioun mat déier de Numm Gilbert Pregno ass ganz enk verbonnen ass. Wa mer op d'Originne vum Kannerschlass zeréck ginn, dann ass dës Initiativ an de 1950er Jore lancéiert ginn a fir déi Zäit gekuckt war de Projet Kannerschlass schonn eppes ganz Progressives eppes ganz Modernes.

"Et war opgebaut nom Modell vun enger Famill, de Direkter mat senger Fra a sengen Duechteren huet do gewunnt. Ech weess wéi ech dohinner schaffe komm sinn, hunn ech och gesot kritt, ech misst do wunnen. An esou bal ech dat doheem gesot hunn, do ware mer eis eens: meng Fra déi huet gesot mer scheeden eis an du gees do wunnen. An ech wollt dat och net. Et huet ee musse Fra sinn, iwwer 40 Joer, fir do ze schaffen, déi sinn oft Mamme genannt ginn. Da goufen et dräi Männer, de Gäertner, en Handwierker an den Direkter. Sou ass dat am Fong entstannen. Do koum déi grouss "Heemreform" an 1980er Joren, an do huet d'Kannerschlass sech awer ganz schwéier gedoen sech ze veränneren."

Deel 2play_arrow

"Un Individu n'est rien, sans le lien qui le retient"

Fir de Gilbert Pregno war et ëmmer ganz kloer datt de Mënsch am Mëttelpunkt steet. Dat spigelt dann och d'Iwwerschrëft vun engem Artikel iwwert de Gilbert Pregno am "Journal des psychologues" nämlech: "Un Individu n'est rien sans lien qui le retient."

"Ech si ganz stolz iwwer dee Saz . Deen hunn ech net einfach esou eng Kéier erfonnt, do hannendrun ass vill Wëssen iwwer de Mënsch. Dass esou wann d'Kanner op d'Welt kommen entwéckelen si sech iwwert eng Bezéiung, schwätzt ee vu Bindung, dat heescht: E Kand kritt Zougang zu sengem Ëmfeld, zu der Sprooch, zum psychologesche Wuesstem doduercher datt en sech kann un eng oder zwou, maximum dräi Persoune bannen, normalerweis sinn dat d'Elteren, mä ech kéng awer soen datt et dem Kand zimmlech egal ass wien dat ass, awer e muss sech kënne bannen. An dat mécht dass dat Kand iwwert déi dote Bezéiung eng bestëmmt Sécherheet kritt, eng Stabilitéit, dass et lues a lues léiert dass d'Liewe planbar ass. Also déi Bindungsfiguren, wéi mir dat dat soen, mussen dem Kand e Kader schafen an dat erfuerdert Zäit... Kanner brauche wierklech zäitlech Disponibilitéit vun de Pappen, de Mammen an anere Persounen."

Deel 3play_arrow

Kannerrechter a Mënscherechter

De Gilbert Pregno huet sech a sengem Beruff ganz intensiv mat Kannerrechter beschäftegt. Zanter e puer Joer elo ass de Gilbert Pregno dann och President vun de consultativer Mënscherechtskommissioun, eng Aarbecht déi him ganz vill bedeit, a wou et net nëmmen ëm Kannerrechter mä ëm Mënscherechter geet. Besonnesch elo a Corona Zäite gouf hien och ëmmer nees sollicitéiert

Well an esou Zäite mat Verbueter a Restriktioune muss een op d'Mënscherechter uecht dinn. De Gilbert Pregno sot datt hien net nëmme President vun der Kommissioun ass, mee datt et och eng Funktioun ass déi an Déift geet.

"Dat ass eppes wat meng ganz vill belieft. Mer musse Wäerter hunn an eisem Liewen, mer kënnen net ouni Wäerter liewen, dat si Wäerter wéi d'Würde zum Beispill déi ganz wichteg ass. All Mënsch huet eng Würd, déi ass net verhandelbar, a kann een och net ewech ginn. Dat ass vill Aarbecht ech schätzen datt dat et mer an der Woch esou 15-20 Stonnen hëlt, dass Benevolat. Ech profitéiere vu mengen Alter, ech hunn elo 67 Joer, ech fannen dat ganz flott. Meng physesch Fäegkeete bauen of, awer intellektuell sinn ech nach fit. Ech hunn e puer Leit gesot, se sollen ëmmer oppasse wat ech soen, well wann ech op emol Dommheete soen, ech géing et net mierken, dat misste se mer en Hiweis ginn. An ech hunn elo Fräiheet och dat ze soen, wat denken, an dat ze denke wat ech soen."

Deel 4play_arrow

"Ech si midd, hale mech awer un d'Regelen"

Um Enn geet et dann nach emol ëm de Mënsch Gilbert Pregno an de Mëttelpunkt stellen. Am Mäerz d'lescht Joer koum et jo zum éischte Confinement d'Liewe gouf quasi vun engem Ament op deen Ament op Null zeréck gefuer. Et ass wichteg net nëmmen sech eleng ze kucke mä och un d'Mënsche ronderëm een ze denken.

"Ech hunn e Noper, deen huet iwwer 90 Joer, a mer wénken eis ëmmer wann ech an der Strooss sinn. Dass oft mat deene klenge Saache wou ee ka Guddes maachen. Ech fanne kleng Saachen, dat heescht Respekt hu vis-à-vis vun engem Aneren, dass d'Frëndlechkeet, dass engem entgéint kommen an ech fannen dass dat eng Kultur ass vum Zesummeliewen, wou ech mer vill Méi gi fir ze an ze halen , ech hoffen och datt et mer geléngt, awer dass ech et och wichteg fannen dass och bei anerer Leit esou ass. Ech sinn op de sozialen Netzer, wann ech gesi wat do alles gesot a geschriwwe gëtt , dat ass oft erschreckend, dat ass net déi Kultur an der ech mech well beweegen an ech hale mech dann och op Distanz dovunner."

Deel 5play_arrow