Fräizäit Den nationale Championnat am Puzzelen

Dëse Samschdeg organiséiert d'Spillfabrik zesumme mam Dëschtennis Ell den zweeten nationale Championnat am Puzzelen. Während zéng Stonne mussen d'Equippen esou vill Stécker zesummestieche wéi méiglech. Um Enn ka sech de Gewënner Landesmeeschter nennen.

Pit Walté / cbi

Puzzelen
Foto: Bigstock / rstavila

Puzzele wier e gudde Moyen fir ofzeschalten, seet d'Sophie Theisen vun der Spillfabrik, e Veräin, dee sech all Donneschdeg trefft fir zesumme Gesellschaftsspiller ze spillen. Schonn als Kand hätt si gäre gepuzzelt, seet d'Sophie Theisen, well si sech geduecht huet, datt och aner Leit an deem Fall sinn, huet si zesumme mat hire Kolleege vun der Spillfabrik dëse Championnat an d'Liewe geruff.

Umelle kann ee sech op www.puzzle.lu. Infoen zu der Spillfabrik ginn et op www.spillfabrik.lu.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Pit Walté
Lauschteren

Méi zum Thema

Rugby
Rugby

Zanter dem 20. September ass a Japan d'Rugby-WM am Gaang. Wéi steet et ëm dee Sport hei zu Lëtzebuerg? De Pit Walté huet sech mam Alexandre Benedetti, techneschen Direkter vun der Rugbyfederatioun, ënnerhalen.

Water
Wëssenschaft

Wéi vill Nitrat- oder Phosphatwäerter sinn an de Gewässer hei zu Lëtzebuerg? A wou kéinten eventuell Pollutiounssourcë sinn? Mam Projet Waterblitz soll dat erausfonnt ginn.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen