Radioen

On air

Notturno  |  Ryvage & Pol Belardi - Morphée

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Papp vun den Nationalparken an den USA

Prisma

De Papp vun den Nationalparken an den USA

Hie gëllt als de "Papp vun den Nationalparken" an als Virreider vum modernen Ëmwelt- an Déiereschutz. Rieds ass vum schottesch-US amerikaneschen Naturphilosoph John Muir, dee vun 1838 bis 1915 a Kalifornien gelieft huet. Seng Ëmweltphilosophie huet och näischt un hirer Aktualitéit verluer huet.

auto_stories

6 min

Foto: Library of Congress

Täteg war hien als autodidakteschen Naturfuerscher, awer och Schrëftsteller, Geolog an Entdecker, an am Laf vun der Zäit huet hie sech ëmmer méi en Numm als groussen Naturschützer gemaach. Esou ass och e Fernwanderwee an der kalifornescher Sierra Nevada, de sougenannten John Muir Trail, no him benannt. Hie selwer huet ganz vill Foussmärsch a Reesen duerch d'ganz Welt ënnerholl, op deenen hien op seng Manéier d'Natur erfuerscht huet.

Seng Erliefnesser an der Natur hunn hien dozou beweegt, sech staark fir de Schutz vun der Natur ze engagéieren. Dat bekanntste Beispill ass wuel dat, wou hien den deemolegen US-amerikanesche President Theodore Roosevelt, deen dem John Muir seng Bicher kannt huet, an de Yosemite-Nationalpark a Kalifornien agelueden huet fir mat him puer Deeg an der fräier Natur ze campéieren. Den Hannergrond war deen, datt den John Muir iwwer dee Wee de President wollt iwwerzeegen, datt de Yosemite-Nationalpark nach vill méi misst geschützt ginn. Dat ass dann och geschitt, andeems d'Verwaltung vun den Nationalparke per Gesetz der Bundesregierung iwwerdroe gouf.

Hei stinn awer elo manner dem John Muir seng Biographie, Expeditiounen a wëssenschaftlech Naturbeschreiwungen am Mëttelpunkt, mee mir probéieren d'Natur duerch seng Aen ze erfuerschen an ze erliewen. D'Fro dobäi ass, wat seng Erliefnesser an Erkenntnesser op senge laange Weeër duerch d'Natur eis nach haut kënne mat op eisen eegene Wee ginn. Oder vläicht kann een d'Fro e bëssen anescht stellen, nämlech am Plaz vun "nach haut" kann ee sech och froen, wat den John Muir eis "grad haut" ka mat op de Wee ginn. Firwat "grad haut"? Mee ganz einfach well d'Diskussiounen ëm Natur- a Klimaschutz ëmmer méi zouhuelen, an eben och déi jonk Generatioune sech verstäerkt zu Wuert mellen.

De Mënsch als Herrscher iwwer d'Natur?

Mee blécke mir mol fir d'éischt kuerz zeréck op déi Zäit, an där den John Muir gelieft huet: Wat fir en Naturbild huet Mëtt 19. an ufanks 20. Joerhonnert dominéiert? A wéi huet de Mënsch sech a seng Roll par Rapport zu der Natur déi Zäit definéiert?

Et war d'Zäitalter vum Imperialismus, de groussen Entdeckungsreesen a vum techneschen, souwéi industrielle Fortschrëtt. Déi technesch Wëssenschaften, d'Ingenieurswëssenschaften an d'geographesch Kenntnesser hunn enorm zougeholl. Dank den neie Verkéiersmëttel an de besseren Navigatiounsmethode sinn och d'Méiglechkeete fir sech duerch d'ganz Welt ze beweegen, an d'Luucht gaangen. An och Naturfuerscher wéi den Charles Darwin sinn op hiren Expeditiounen zu neien Erkenntnesser komm an hunn Theorien entwéckelt, wéi zum Beispill d'Evolutiounstheorie, déi d'Mënschebild an d'Siicht op d'Natur onheemlech beaflosst a verännert hunn.

D'Naturwëssenschafte konnte sech ëmmer méi etabléieren an hunn u Relevanz zougeholl, virun allem och well duerch déi nei gewonnen Erkenntnesser den techneschen an industrielle Fortschrëtt séier virugaangen ass, an eben och de Mënsch d'Natur ëmmer méi zu sengem Zweck a Virdeel konnt steieren an a si agegraff huet. Allerdéngs war de Gedanken, sech "d'Äerd zum Untertan ze maachen", wéi et jo schonn an der Bibel steet, net nei. An och de René Descartes huet de Mënsch am 17. Joerhonnert zum "Meeschter a Besëtzer" vun der Natur erkläert, mee de rasante Fortschrëtt an den Naturwëssenschafte souwéi an den technesche Wëssenschaften huet dat elo ëmmer besser erméiglecht.

A genee do si mir op dem Punkt ukomm, wou ee ka soen, datt de Mënsch de Gedanken, iwwer d'Natur ze herrschen a se sech ze ënnerwerfen och konnt an d'Praxis ëmsetzen, woumat dann och d'Grenzen tëschent "d'Natur fir seng Zwecker notzen" an "d'Natur ausbeuten", sech ëmmer méi verwëscht hunn.

An och schonn deemools hu sech Kritiker a Géigner zu Wuert gemellt a probéiert, där Tendenz entgéintzewierken an d'Natur als eppes Schützenswäertes ze gesinn a fir dëse Schutz an d'Erhale vun hirer Vilfalt ze kämpfen, esou och den John Muir. Mee wat waren dem John Muir seng Grënn, fir d'Natur anescht ze gesinn, dat heescht eben net als eppes, wat een zu sengem Zweck soll beherrschen oder souguer ausbeuten?

De Mënsch als Deel vun der Natur?

Et ass wuel schwiereg ze bestëmmen, firwat allgemeng deen ee Mënsch seng Ëmwelt op eng bestëmmte Manéier gesäit a sech deementspriechend zu hir verhält, deen aneren op eng ganz aner Manéier. Wourun et läit, sief et um Charakter, der Erzéiung, der Bildung oder Kultur, dat ass e grousst Theema, dat Fuerscher aus ganz verschiddene Fachgebidder schonn zanter ganz laanger Zäit beschäftegt an op dat nach ëmmer keng eendeiteg, universal gülteg Äntwert fonnt gouf.

Den John Muir awer huet virun allem d'Schéinheet an d'Wierkung vun der Natur als iwwerwältegend empfonnt. Hien huet säi Fridden an zu sech selwer fonnt op senge laange Weeër duerch d'Bierger an d'Bëscher. Dee Moment war hien iwwerzeegt, datt et net richteg wier, därmoossen an d'Natur anzegräifen, och wann dëst zum Mënsch sengem Wuelstand bäidréit an et säi Liewen ëm Villes erliichtert.

D'Natur selwer huet fir hien dee gréisste Wuelstand duergestallt, an den Openthalt an d'Erliefnes an der Natur selwer ware fir hien den eenzege Wee, d'Natur an d'Wiese vum Universum ze erfuerschen. Seng Iwwerzeegung war, datt all Mënsch mat enger banneschter Verbindung zur Natur gebuer gëtt, engem Lien, deen de Mënsch dozou beweegt, sech och mol aus der Zivilisatioun zeréckzezéien, an deen en zur Natur hinzitt.

Mee bleiwe mir mol realistesch a kommen an eist 21. Joerhonnert zeréck, d'Zäit vun der Digitaliséierung, wou alles ëmmer méi séier a bequem gëtt, awer gläichzäiteg d'Hektik an eis alldeeglech Flichten zouhuelen. Esou kann, oder wëllt och net onbedéngt jiddweree sech an d'Natur zeréckzéie fir do säi Fridden an zu sech selwer fannen, sief et, well den Alldag et net zouléisst oder well een eng aner Passioun oder Method fir zur Rou ze kommen huet.

John Muir am 21. Joerhonnert?

An awer, och an eiser Welt vum 21. Joerhonnert ass d'Theema Natur- a Klimaschutz staark present, sief et an der Politik, de Medien oder de Schoulen. An och wann d'Diskussiounen ëm de Klimawandel an de Klima- an Naturschutz munchmol ganz kontrovers geféiert ginn, esou weist jo schonn de Fait, datt se esou geféiert ginn, op d'Wichtegkeet vum Theema hin. Ausserdeem sinn et och net just sougenannten aktiv Naturschützer oder Naturschutzvereenegungen, déi d'Stëmm erhiewen, mee et si virun allem eis jonk Mënschen, déi sech fir d'Erhale vun der Natur staark maachen an op d'Strooss gi fir der Ëffentlechkeet hiren Onmutt ze demonstréieren.

Onofhängeg vum Motiv, sief et aus Passioun oder Faszinatioun fir d'Natur, aus engem Verantwortungsgefill fir déi nächst Generatiounen oder well ee Gebrauch vu sengem Recht op eng gesond a propper Ëmwelt mécht, esou verbënnt de Gedanken, datt d'Natur eppes Schützenswäertes ass an zum Mënsch sengem Wuelbefannen an zu méi Liewensqualitéit bäidréit, ganz Generatiounen aus verschiddene Joerhonnerten, vum Naturfuerscher a -schützer John Muir bis zu Klimaschutzaktiviste wéi der Greta Thunberg.