Radioen

On air

  |  Missy Mazzoli am Fokus

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Paradox vun der franséischer Militärinterventioun 1919

Aus den Archiven

De Paradox vun der franséischer Militärinterventioun 1919

President vun der franséischer Regierung, am Januar 1919, war de Georges Clemenceau, de Père la Victoire, en iwwerzeegte Republikaner a Virkämpfer fir Trennung vu Kierch a Staat a Frankräich. Wisou Truppe vun der République française an den Deeg vum 9. op den 12. Januar 1919 géint déi republikanesch-revolutionär Beweegung zu Lëtzebuerg virgaange sinn - an domat den Troun vun der Dynastie Nassau-Braganza gerett hunn - ass dat net eng Fro, déi e geschichtleche Paradox opwërft? Eng Fro, déi et derwäert ass, aus dem doudege Wénkel vun der Lëtzebuerger Geschichtsschreiwung erausgeholl ze ginn.

auto_stories

7 min

De Georges Clemenceau ëm 1886. Foto: picture alliance / Heritage Images

Déi eesäiteg militäresch Interventioun vun de franséischen Truppen ënner dem Kommando vum Generol de la Tour géint déi republikanesch Beweegung zu Lëtzebuerg an deenen Deeg vum 9. op den 12. Januar 1919, huet op republikanescher Säit zudéifst schockéiert. Dofir goufen zwee Rapporte verfaasst, ee vum Affekot Jules Ulveling, deen anere vum Franséischprofesser Mathias Esch, fir d'Regierung zu Paräis doriwwer ze informéieren, datt d'Interventioun vun de franséischen Truppen de Succès vun der republikanescher Beweegung verhënnert hätt.

Eng präzis Enquête gouf lancéiert

Déi Interventioun wier net gerechtfertegt gewiescht, well et während de Massendemonstratiounen net zu Gewaltakte komm wier. Duerch Vermëttlung vu franséischen Deputéierten ass de Rapport Ulveling de 24. Januar dem President vun der franséischer Regierung iwwerreecht ginn. De Clemenceau sollt dunn eréischt realiséiert hunn, wat zu Lëtzebuerg wierklech ofgelaf war, an hien huet nach dee selwechten Dag dem Generol Roques, engem fréiere Krichsminister, den Optrag gi fir op Lëtzebuerg ze fueren an eng präzis Enquête iwwer d'Interventioun vun de franséischen Truppe virzehuelen.

Dat ass dunn och geschitt, de Generol Roques huet Enn Januar - ufanks Februar während véier Deeg zu Lëtzebuerg enquêtéiert an dunn den 8. Februar dem Clemenceau e ganz detailléierte Rapport iwwerginn. Doranner hält de Generol Roques fest, datt de Generol de la Tour sech, an déi him ënnerstallten Truppen, kontinuéierlech an den Déngscht vun de Lëtzebuerger Regierungsautoritéite gestallt a systematesch de Requisitioune vu Regierungs- a Parlamentspresident Folleg geleescht huet.

D'Lëtzebuerger Neutralitéit gouf verletzt

Duerch d'franséisch Interventioun bannent Regierungsgebaier a bannent dem Parlament hätt den de la Tour seng Kompetenzen iwwerschratt, well doduerch d'Lëtzebuerger Neutralitéit verletzt gi wier. An der Conclusioun vu sengem Rapport weist de Roques dorop hin, datt déi souwisou scho geschwächte Regierung Reuter eenzeg an eleng duerch d'franséisch Militärinterventioun iwwerlieft huet. Ofschléissend schléit de Generol Roques dem Clemenceau vir, de Generol de la Tour net ze sanktionéieren.

Hei ass dem Roques seng Argumentatioun besonnesch interessant: Den de la Tour hätt nämlech während deenen Deeg vum 9. op den 13. Januar systematesch a präzis mam Quartier Général vum Maréchal Foch zu Lëtzebuerg a mam Vertrieder vum Foch, dem Generol Desticker, Récksprooch geholl. Foch an Desticker wieren deemno genee iwwer dem de la Tour seng Mesuren informéiert ginn, hätten awer zu kengem Moment agegraff. Deemno wier de Generol de la Tour vu senger militärescher Hierarchie gedeckt gewiescht.

"Blâme"

Dëst gesäit de Clemenceau anescht. A senger Funktioun als Ministre de la Guerre decidéiert hien de Generol de la Tour ze sanktionéieren, andeems hien him e "blâme", e Verweis ausschwätzt, hie vu Lëtzebuerg ofzitt an him keen neie militäresche Kommando méi iwwergëtt (an der franséischer Militärsprooch: eng "mise en disponibilité d'office").

D'Sanktioun vum franséische Regierungspresident erlaabt e puer wichteg Feststellungen: de Clemenceau war offensichtlech net domat averstanen, datt e Succès vun der republikanescher Beweegung zu Lëtzebuerg duerch d'Interventioun vu franséischen Truppe verhënnert gouf. De "blâme" fir de Generol de la Tour ass ouni Zweiwel och en "désaveu" fir de Maréchal Foch, dee säin him ënnerstallte Generol net schütze kann.

Am Februar 1919 gëtt offensichtlech, datt Clemenceau a Foch net op där selwechter Wellelängt sinn, wat déi franséisch Haltung zur republikanescher Beweegung zu Lëtzebuerg, a méi allgemeng wat déi politesch Zukunft vum Land ubelaangt. Et dierf een dovun ausgoen, datt dem Generol de la Tour a senge militäresche Virgesate kaum entgaangen dierft sinn, wiem déi militäresch Interventioun géif notzen. Och wann den de la Tour probéiert huet sech mat dem Argument ze rechtfertegen, hien hätt nëmme fir de "maintien de l'ordre public gesuergt".

D'Fro vun de Motiven, firwat de Generol de la Tour vum 9. Januar u konsequent an am Géigesaz zu sengen offiziellen Instruktiounen an d"innepolitesch Ugeleeënheeten" vu Lëtzebuerg agegraff huet, bleift awer nach ëmmer op. Enger Äntwert komme mir méi no, wa mir de Bléck op dräi verschidde Sachverhalter riichten.

Méiglech Motiver fir eng franséisch Militärinterventioun:

1. Den ideologesch-politesche Milieu vun de franséischen Offizéier

Nom Amarsch vun de franséischen Truppen am November 1918 gëtt verschiddentlech an der Lénkspress drop higewisen, datt vill franséisch Offizéier reegelméisseg an d'Kathedral an d'Mass ginn. Mat Verwonnerung gëtt festgestallt, datt eng offiziell Delegatioun vum État-Major ufanks Dezember un de Begriefnesfeierlechkeete fir de verstuerwene Bëschof J-J Koppes deelhëlt, engem Haaptgéigner vum Bloc des gauches virum Krich.

Och fält etlechen Observateuren op, datt eng Rei Offizéier mat engem Exemplaire vun der Action Française ënner dem Aarm an der Stad ze gesi sinn. D'Action Française war d'Zeitung vun enger royalistesch-nationalistesch-antisemitescher Beweegung, déi a Frankräich ënner deemselwechten Numm firméiert huet. Ganz allgemeng gëllt et festzehalen, datt e beträchtlechen Deel vum héijere franséischen Offizéiers-Corps deemools klerikal a royalistesch, deemno anti-republikanesch agestallt war.

D'franséisch Regierung vum Bloc des gauches, am Ufank vum 20. Joerhonnert, huet der Loyalitéit vum Offizéiers-Corps mësstraut, an déi héich Offizéier no hirer politesch-konfessioneller Astellung fir d'Carrièresavancementer fichéiert. Och de Ferdinand Foch, a säin Adjoint um Enn vum Krich, de Generol Maxime Weygand, waren als "klerikal" fichéiert.

2. D'Roll vum offiziéise Verwalter vun der franséischer Legatioun an d'Bezéiungen zur Dynastie Braganza

Nodeems de franséische Botschafter Armand Mollard de 4. August 1914 ausgewise gi war, gouf déi franséisch Legatioun vun engem räiche Rentier franséisch-loutrengescher Ofstamung, dem François-Gérard d'Hannoncelles, inoffiziell iwwerholl. Dorun huet sech och bis ufanks 1919 nach näischt geännert, well d'Regierung zu Paräis jiddwer offizielle Kontakt mat der Groussherzogin Marie-Adelheid an hirer Regierung refuséiert huet an dofir och de Botschafter Mollard net zeréck op Lëtzebuerg geschéckt huet.

Déi inoffiziell Demarchë vun der Regierung Reuter a vum groussherzoglechen Haff sinn dofir iwwer den d'Hannoncelles op Paräis bei de Mollard vermëttelt ginn. De François-Gérard d'Hannoncelles, och e fréiere franséischen Offizéier, war duerch säi Mariage mat enger de Gargan, enger Deel-Ierwin vun der loutrengescher Stolindustriellen-Dynastie de Wendel, an de grousse Famillen-Reseau vun den de Wendel-de Gargan-de Mitry-de Coëtlosquet, wouvun eng Partie Memberen tëschent 1870 an dem Éischte Weltkrich zu Lëtzebuerg gelieft hunn, agebonnen.

Och dee gréisstendeels adelege Milieu vun der de Wendel-Dynastie an hire villen Nokommenslinne war ganz staark kathoulesch-ultramontan a royalistesch-legitimistesch gepräägt. Sou stoungen d'Hannoncelles-de Gargan och an enker Bezéiung zur Dynastie Nassau-Braganza a goufen um Haff empfaangen. Hire Fils Jean war als Kand Spillkomerod vun der spéiderer Groussherzogin Marie-Adelheid. De François-Gérard d'Hannoncelles war och e perséinleche Frënd vum Generol Maxime Weygand, dem Adjoint vum Maréchal Foch.

Wéi nom Weltkrich franséisch Truppen a Lëtzebuerg ageréckt sinn, an de Maréchal Foch an der Stad säin Haaptquartéier opgeschloen huet, hunn d'Hannoncelles-de Gargan hir prächteg Villa um Boulevard Joseph II dem Foch als Privat-Logis zur Verfügung gestallt, all kéiers wann dee sech zu Lëtzebuerg opgehalen huet. (Bis op den haitegen Dag gëtt déi Villa dofir och Villa Foch genannt) Bei engem offiziellen Empfank op der Stater Märei, am Dezember 1918, huet de Foch deklaréiert, hie wier beschtens informéiert iwwer d'Situatioun zu Lëtzebuerg. Op d'mannst eng Informatiounsquell dierfte mir kennen, an déi war kaum pro-republikanesch, antiklerikal orientéiert!

3. Wéi eng Plaz huet Lëtzebuerg an de strategesche Pläng vum Maréchal Foch ageholl?

Ouni hei an den Detail kënnen ze goen, fält op, datt den Ieweschte Kommandant vun den Alliéierten Arméie säin Haaptquartéier nom Éischte Weltkrich zu Lëtzebuerg opschléit an e ganzt Infanterie-Regiment an d'Land arécke léisst. Eleng fir de Maintien de l'ordre public wier dat kaum noutwendeg gewiescht.

Et stellt sech d'Fro, ob déi staark franséisch militäresch Präsenz zu Lëtzebuerg net och dozou sollt déngen, der Belsch ze weisen, datt hir Pläng, Lëtzebuerg ze annektéieren, net sou ouni Weideres ze realiséiere wieren. Déi franséisch militäresch Interventioun géint déi republikanesch Beweegung zu Lëtzebuerg muss och am Kontext vun der Besetzung vum westdäitsche Rheinland duerch alliéiert Truppen ënner dem Kommando vum Foch gekuckt ginn.

Am Dezember 18-Januar 19 hunn dem Foch seng Truppen iwwerall am Rheinland op hirem Virmarsch der revolutionärer Beweegung vun den Aarbechter - an Zaldoteréit - en Enn gesat, vu Köln bis Wiesbaden. De militäresche Befehlshaber Foch huet keng revolutionär Beweegung a senge Besatzungsgebitter toleréiert. An der Folleg ass dem Foch seng Besatzungspolitik virun allem op d'Ënnerstëtzung vun der kathoulescher Kierch a vu kathoulesche Politiker am Rheinland ausgeriicht ginn, mam Zil dat majoritär kathoulescht Rheinland vum dominante protestantesche Preussen ze trennen an ee vun Däitschland getrennte rheinesche Pufferstaat ze schaffen.

Net nëmmen d'militäresch Interventioun géint déi republikanesch Beweegung zu Lëtzebuerg, am Januar 1919, huet zu Divergenzen tëschent Clemenceau a Foch geféiert, och dem Foch seng Rheinland-Politik huet am Mäerz zu neien Ausenanersetzunge geféiert an zu Paräis eng Nei-Ausriichtung vun der franséischer Rheinlandpolitik provozéiert. Wéi eng Plaz Lëtzebuerg am Foch senger Rhein-Grenz-Strategie ageholl hätt, bleift dofir Spekulatioun.