Radioen

On air

Tockcity  |  Ride - Monaco

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Partitiv

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

De Partitiv

Wat ass den "es" bei "ech hunn es genuch"? De Partitiv, en Deel vum Genetiv, probéiert d'Linguistin Caroline Döhmer vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch verständlech ze erklären.

auto_stories

4 min

Simon Larosche: Partitiv, dat hunn ech jo nach ni héieren. Kanns de eis dat e bësse méi genee erklären?

Caroline Döhmer: De Partitiv ass e Beräich, deen ech beim Genitiv am Lëtzebuergeschen aus Zäitgrënn ewechgelooss hat, obwuel dat eent vu menge Liblingsphenomeener ass!

D'Genititv-Episod war jo déi mat "Enn des Mounts" an déi Geschichten?

Jo, genee! Eng Form wéi "Enn des Mounts" ass och liicht als Genitiv ze identifizéieren, well mer dës Konstruktioun aus dem Däitsche kennen. Ech wëll haut e Beräich vum Genitiv virstellen, dee besonnesch flott - a besonnesch kuriéis - am Lëtzebuergeschen ass.

Do sinn ech awer gespaant.

Huele mer e Saz wéi "ech hunn es genuch"! Dat wier am Däitschen?

Ich habe genug.

An de klengen "es"?

Ich habe genug davon.

Lo komme mer der Saach scho méi no: hei hu mer d'Iddi "vun" eppes. An elo dee Saz am Franséischen?

Dat ass jo wéi an der Schoul hei! Ech géif soen: j'en ai assez.

Ganz gutt, lo si mer och schonn duerch mam Quiz. Also am Franséischen hu mer hei den "en", e Pronomen, dee sech op Indefinitheet (also Onbestëmmtes) an och op Quantitéite bezitt. Dofir hu mer och am Lëtzebuergeschen en extra Pronomen. Genee geholl sinn et der zwee an déi existéieren an enger staarker an an enger schwaacher Form: mir hunn eemol den "däers/es" an den "där/der".

  • ech hunn däers/es genuch
  • ech hunn där/der genuch

A well se sech op en Deel vun eppes Onbestëmmtem bezéien, nenne mer se Partitivpronomen.

Kommen déi ëmmer mat "genuch" vir?

Net ëmmer, mee dacks fanne mer an deene Sätz eng Indicatioun fir eng Quantitéit (e puer, nach, genuch, keng).

Hei e puer Sätz, déi s de bestëmmt schonn dacks héieren oder produzéiert hues, ouni op dëse spannende Pronomen opzepassen:

  • Kanns du mer es matbréngen?
  • Däers hu mer nach doheem.
  • Ech ginn der nach séier e puer sichen.
  • Pass op, soss kriss de der!
  • Där brauche mer keng méi.

Well mer jo bei de Pronome sinn, hunn dës kleng Wierder meeschtens e Bezuchselement. D'Bezuchselement vum "däers/es" muss am Maskulinum oder Neutrum sinn a ganz wichteg: en onzielbare Singulier! Dat si Wierder wéi "Wäin, Schockela, Kaffi, Téi, Salz".

... also nëmme Guddes!

... oder Konstruktioune wéi "Gebläers, Gedeessems". Wann ech also soen "mer hunn es nach", da kann ech op onzielbar Substantiver referéieren. Am Däitsche géif een hei soen "wir haben noch welches" oder "wir haben noch davon". A genee dës zwee Konzepter (Onbestëmmtheet an Deel-vun-Bezéiung) vereene sech am lëtzebuergesche Partitiv.

Beim Pronomen "där/der" kann d'Bezuchselement en onzielbaart Substantiv am Femininum sinn oder e Pluriel. Bei "där brauche mer keng méi" kann den "där" fir "Mëllech" oder fir "Äppel" stoen.

Dat Ganzt gëtt et dann och als Artikel. Also ech kann dann eppes soe wéi: Kanns de nach eng Kéier däers gudde Kéis kafen? Hei stinn d'Partitivartikele meeschtens fir eng Spezifizitéit. Et gëtt eng besonnesch Zort Kéis an dovunner wëll ech nach eppes hunn.

Et ass haaptsächlech d'Iddi vun engem qualitative Bezuch (eng bestëmmten Zort), awer alles am Beräich vun den onzielbare Substantiver a Pluriellen. Dat fanne mer och dacks no Quantitéiten.

  • Dräi där Këschte ginn net duer, fir alles anzepaken.

De Quantitéitsbegrëff muss och net direkt beim Partitiv stoen:

  • Där Beispiller kann ech iech der nach honnert ginn!
  • Där Äppel kanns de déi nächste Kéier nees e Kilo matbréngen!

A wou ass elo de Lien zum Genitiv, du has jo gesot, dat gehéiert iergendwéi dozou?

Dat sinn historesch Genitiver. De Genitiv hat an der Zäit ganz vill Funktiounen an eng dovunner war d'Partitivitéit.

Well sech déi Partitiv-Funktioun am Lëtzebuergeschen awer extreem gefestegt huet an déi aner Funktioune quasi all verluer gaange sinn, ass d'Beschreiwung als Partitiv méi prezis a se mécht manner duercherneen. Et wier (historesch korrekt) en Demonstrativpronomen am Genitiv. Et ass awer aus der Gebrauchsperspektiv vun haut schwiereg, an engem Saz wéi "mer bréngen der nach mat" den "der" als Genitiv ze kategoriséieren, well "matbréngen" esou gesinn och kee Genitivobjet unhuele kann.