Radioen

On air

Notturno  |  The Smile - Friend Of A Friend

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Permafrascht an de Klimawandel

Reen a Bou

De Permafrascht an de Klimawandel

Als Permafrascht bezeechent een déi Deeler op der Äerd, wou de Buedem permanent gefruer ass. Wat et genee domat op sech huet, a wat fir eng Roll dësen a Punkto Klimawandel spillt, analyséiert de Philippe Ernzer.

auto_stories

5 min

Éier mir op de Permafrascht u sech ze schwätze kommen, kucke mir eis nach eng Kéier kuerz un, wat d'Kryosphär iwwerhaapt ass. D'Kryosphär beschreift all Fläch op der Äerd, déi mat festem Waasser, also Äis, bedeckt ass. Och de Schnéi zielt do mat dozou. D'Kryosphär ëmfaasst also haaptsächlech d'Arktis an d'Antarktis. D'Antarktis huet de gréissten Undeel un Äis, iwwerdeems d'Arktis duerch aner Forme vu gefruerenem Waasser awer dat gréisst Kryosphär-Gebitt duerstellt.

Ënner Permafrascht versteet ee Buedem oder Fiels, dee méi laang wéi zwee Joer um Stéck gefruer ass a bleift. Interessant unzekucken ass awer haaptsächlech deen Deel, dee schonn e puer dausend Jore laang gefruer ass.

Et weess een, datt e Véierel vun der Fläch vum Land op der Nordhallefkugel aus Permafrascht besteet. Déi gréisst Fläche sinn a Sibirien, Russland an Nordamerika ze fannen. Haaptsächlech a Sibirie spillt sech de Permafrascht net nëmmen un der Uewerfläch of, mee och méi déif am Buedem. Do, wou et wärend den Äiszäite keng héich Bierger oder Gletscher gouf, konnt de Buedem nach an enger Déift vu knapp 1,6 Kilometer gefruer sinn. Bei eis an Europa gëtt et, ofgesi vun den Alpen, nach am nërdlechen Deel vu Skandinavien a Russland Permafrascht. Och d'Inselgrupp vu Spitzbergen ass nach betraff, souwéi awer och Grönland. Déi eenzeg Plaz, wou een an Däitschland nach Permafrascht fënnt, Alpen ausgeschloss, ass op der Zugspitze - déi mat 2.962 Meter den héchste Bierg vun der Republik ass.

Permafrascht: Eng CO2-Senke oder eng CO2-Quell?

A Punkto Klimawandel spillt de Permafrascht och eng Roll. Am Permafrascht lagert vill Kuelestoff, deen aus organesche Verbindunge besteet. Grond dofir ass, datt op ville Plazen, wou elo Permafrascht ass, viru Joren dacks grouss Wisefläche waren, déi vun Déiere bewunnt waren. All d'Liewen ass duerch de Frascht awer erfruer, wouduerch elo Estimatiounen no tëschent 1.300 an 1.600 Gigatonnen u Kuelestoff am Permafrascht vermutt ginn. Fir e klenge Vergläich ze zéien: dat ass ongeféier duebel sou vill, wéi es an der Atmosphär iwwerhaapt ze fannen ass. Dat selwecht gëllt och fir d'Bëscher - och do ass ongeféier zweemol manner Kuelestoff gespäichert, wéi an de Permafraschtbiedem.

Duerch de Klimawandel gëtt et méi waarm op der Äerd - also klëmmt d'Warscheinlechkeet, datt sech de Permafrascht ofbaue kéint. Schmëlzt dësen a kënnt mat Sauerstoff a Kontakt, gëtt de ganze gespäicherte Kuelestoff zu CO2. Och aner Gase wéi zum Beispill Methan géifen duerch déi organesch Verbindunge fräigesat ginn.

Trotz dëser Erkenntnis gouf de Permafrascht bis viru Kuerzem nach als eppes ugesinn, wat den CO2 zeréckhält. Et ass eng sougenannt "Senke" gewiescht, wat heescht, datt et méi CO2 ophëlt wéi fräigesat gëtt. De Phenomeen gouf virun allem an de Summeren ënnersicht: an dëse Méint entdeet dacks déi iewescht Schicht an d'Vegetatioun hëlt duerch d'Photosynthees an zimmlech kuerzer Zäit zimmlech vill CO2 op. An där kuerzer Zäitspan gëtt méi CO2 opgeholl, wéi es vum Buedem ausgestouss gëtt. Wann de Wanter dann erëmkënnt, fréiert de Groussdeel erëm. Well de Permafrascht bis ewell haaptsächlech am Summer ënner d'Lupp geholl gouf, ass an Tëschenzäit bei Analysen an der Wanterzäit opgefall, datt och dann CO2 ausgestouss gëtt, wann och net esou vill, wéi am Summer. Dowéinst kann een net dovu schwätzen, datt de Permafrascht eng CO2-Senke ass.

Eng direkt Miessung ass relativ schwéier

Firwat gouf de Permafrascht op eemol och an de Wanterméint méi genee ënner d'Lupp geholl? Duerch eng vun den eelste Wiederstatiounen an Alaska hunn d'Fuerscher an de leschte Joren erausfonnt, datt sech de Buedem am Wanter däitlech méi staark erwiermt huet, wéi am Summer. Och ass opgefall, datt déi verlängert Wuesstumsperiod vu Vegetatioun an de Summerméint, an déi méi staark Erwiermung am Hierscht en Afloss op den CO2-Ausstouss am Wanter hunn. Duerch dës Erkenntnis gouf och un anere Miessstatiounen de Fokus op d'Wanteremissioune geluecht. Mëttlerweil ass bekannt: wat de Permafrascht am Wanter ugeet, handelt et sech méi ëm eng Kuelestoffquell, wéi ëm eng Senk.

Eng direkt Miessung vun dëse Parameteren ass zimmlech schwiereg. Mir schwätze vu risege Flächen, déi opgrond vun hirer orographescher Zesummesetzung nëmme schwéier zougänglech sinn - net ze schwätze vun der äiseger Keelt. Et komme Computermodellrechnungen an d'Spill, déi vu Miessunge vu bestëmmte Gasen, inkl. CO2 aus der Atmosphär, gespeist ginn. Duerch dës Donnéeë plus d'Modelléierung vu Loftstréimunge léisst sech erausfannen, wou den CO2 hierkënnt a wéi grouss d'Quell dovun ass.

D'Miessunge ginn ëmmer méi genee

Trotz de schwierege Konditiounen traut ee sech mëttlerweil och mat méi direkte Miessmethoden an den Asaz. Mat verschiddenste Moossinstrumenter gëtt de vertikale Loftstroum gemooss - dëst ass eng zimmlech direkt Aart a Weis, den Ausstouss vun de verschiddenste Gasen aus dem Buedem a Richtung Atmosphär ze ermëttelen.

Dës Miessunge ginn engersäits vu Miessstatiounen duerchgeféiert, déi déi ganzen Zäit op de verschiddenste Standuerter installéiert sinn, oder och duerch Fligeren. E groussen Nodeel bei de verschiddene stationäre Miessstatiounen ass deen, datt dës just d'Konditiounen op klengstem Raum registréieren, iwwerdeems d'Fläch, fir déi sech d'Fuerscher interesséieren, immens grouss ass. Fir d'Miessungen ze ergänzen a méi genee ze maachen, kommen eben och Fligeren an den Asaz, déi mat Moossinstrumenter equipéiert sinn. Och esou kann net déi ganz Fläch ënnersicht ginn, mee op d'mannst ee vill méi groussen Deel, wéi wann ee just op déi eenzel Miessstatiounen zeréckgräife géif. Opgrond vun der nach net ganz ausgebauter Aart a Weis, d'Donnéeën ze registréieren, ass de Permafrascht nach net wierklech als Parameter an de grousse Klimamodeller vertrueden, obwuel en awer a Saache Klimawandel eng gréisser Roll spillt - wéi mir et grad gesinn hunn.