Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Alfie Jukes - Not Quite Gone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Plesiosaurus vu Suessem

Fossilien

De Plesiosaurus vu Suessem

Eng nei Zort vu Mieressaurier fënnt een net all Dag. D'Entdeckung vun engem sougenannte Plesiosaurier zu Lëtzebuerg ass dowéinst ëm sou méi aussergewéinlech. Dat grousst Mieresreptil huet am Jura-Zäitalter viru ronn 185 Millioune Jore gelieft. D'Fossil gouf scho viru ronn 25 Joer zu Suessem fonnt, mä eréischt rezent preparéiert an analyséiert. Wat sinn d'Grënn fir dës spéit Analys? A wéi eng Roll spillt de Plesiosaurier fir d'Fuerschung?

auto_stories

4 min

Microleidus Melusinae: Op dësen Numm gouf de Plesiosaurier gedeeft, deen uganks den 90er Joren zu Suessem fonnt gouf. D'Mieresreptil huet e laangen Hals, véier Schwammflossen a konnt bis zu 15 Meter laang ginn.

Eng Partie wëssenschaftlech Studie géifen de laangen Hals vum Plesiosaurier op eng bestëmmte Liewensweis zréckféieren, seet de Robert Weis, Paläontolog am Natur Musée. "Wahrscheinlech ass hie mat sengem laangen Hals ganz séier a kleng Fësch-Schwäerm eragaangen an huet mat senge kuerzen, spatzen Zänn dat geschnaapt, wat hie konnt kréien."

Deen hënneschten Deel vum Uewerkierper an de Schwanz feelen allerdéngs beim Fossil. Et wieren d'Schanken am Kapp vum Plesiosaurier, déi vill iwwert d'Charakteristike vum Wiese géifen aussoen. Si géifen et méiglech maachen, d'Déier vun aneren Zorte vu Mieressaurier ofzegrenzen, seet de Robert Weis.

Schädel an 3D

De Plesiosaurier kënnt aus sougenannten Ueleg-Schifer-Schichten. Duerch de Schifer wieren ähnlech Plesiosaurier-Fossilien, déi zum Beispill an Däitschland fonnt goufen, allerdéngs platt gedréckt ginn. Well d'Lëtzebuerger Entdeckung an enger Kallek-Knoll dra war, ass de Fossil dräidimensional bliwwen. Auslännesch Fuerscher wieren dowéinst staark un der Lëtzebuerger Entdeckung interesséiert, well een déi intern Anatomie vum Schädel kéint studéieren, seet de Robert Weis.

D'Fossil vum Plesiosaurier ass Ufank den 90er Jore bei Terrassements-Aarbechte fonnt ginn an an där sougenannter Kallek-Knoll an de Musée bruecht ginn. Et hätt een e Spezialist an deen néidege Budget gebraucht, fir d'Iwwerreschter vum Déier aus dem Kallek erauszeschaffen. Am Ganzen hätt d'Sammlung vum Musée 70.000 Stécker. An eréischt zënter den 2000er Jore géifen zwou Persounen am Departement schaffen, seet de Robert Weis. Dowéinst wier d'Fossil eréischt no ronn 25 Joer analyséiert ginn.

Wahrscheinlech huet de Plesiosaurier e laangen Hals fir kleng Fësch aus engem Schwaarm ze fänken

Datt d'Fossilien aus den Ueleg-Schifer-Schichten, aus deenen och de Plesiosaurier kënnt, déi lescht Jore méi genee ënnert d'Lupp geholl goufen, ass ënnert anerem op de Ben Thuy zréckzeféieren. Hien ass virun dräi Joer als neie Conservateur an d'Paläontologie-Departement vum Natur Musée komm an hätt dozou bäigedroen, datt méi ee groussen Accent op dee Beräich géif geluecht ginn.

Kollaboratioun mat internationale Wëssenschaftler

D'Fossilien aus den Ueleg-Schifer Schichten wieren am Beschte conservéiert. Dës Fossilie géifen op Interessi bei internationale Wëssenschaftler stoussen, seet de Robert Weis. Et wéilt een awer och dem Public dës Zort vu Fossilien méi no bréngen.

Fir d'Analys vu Fossilie wier een op d'Zesummenaarbecht mat auslännesche Paläontologen ugewisen. Ënner anerem géif een dëse Wëssenschaftler duerno bei der Publikatioun vun hiren Aarbechten hëllefen, seet de Patrick Michaely, Pressespriecher vum Natur Musée. Wann ee méi op eege Paläontologe kéint zréckgräifen, kéint een allerdéngs och nach méi wäit goen.

Wéinst neie wëssenschaftlechen Erkenntnisser bräicht een allerdéngs och heiansdo de Bléck vun engem Spezialist, seet de Paläontolog Robert Weis. Weltwäit géifen et nëmme ronn véier Plesiosaurier-Spezialiste ginn.

Zäit a Geld

D'Peggy Vincent, vum Naturmusée vu Paräis, ass eng dovunner. Si war un der Analys vum Plesiosaurier, deen zu Suessem fonnt gouf, bedeelegt. Esou Spezialiste géifen allerdéngs dacks op e puer Sujete gläichzäiteg schaffen. Et géif deemno Zäit brauchen, bis den entspriechende wëssenschaftlechen Artikel fäerdeg wier, esou de Robert Weis. Duerno géif en nach vun anere Spezialisten iwwerpréift, ier e kéint publizéiert ginn.

Den Artikel iwwert de "Microleidus Melusinae", deen am Geological Magazine publizéiert gouf, wier am Ganze vu sechs Experten iwwerpréift ginn. De Publikatiounsprozess hätt dräi Joer laang gedauert.

D'Preparatioun an d'Analys vum Plesiosaurier hätt ee Präis. Ënnert anerem, well een op extern Spezialiste misst zréckgräifen, seet de Patrick Michaely vum Natur Musée. Och de Volet vun der Presentatioun am Musée géif eppes kaschten.

An Zukunft wéilt ee méi op de Sammlunge vum Musée an um Patrimoine schaffen, kënnegt de Paläontolog Robert Weis un. Et wier och net ausgeschloss, datt nach ee Plesiosaurier zu Lëtzebuerg fonnt géif ginn. Vill Fossilie géifen dacks och ongewollt bei Bauaarbechten zerstéiert ginn, sou de Paläontolog Robert Weis.