Radioen

On air

Resonanzen  |  Frédéric Chopin - Soat fir Piano Nr.3 a Si Mineur, II. Scherzo (Molto vivace) - Josep Colom (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Sherlock Holmes am modernen Zäitalter

Literatur

De Sherlock Holmes am modernen Zäitalter

Nieft der populärer Sherlock-Holmes-Serie vun der BBC a Groussbritannien, hunn och Länner wéi Russland oder d’USA hir ganz eegen Interpretatioune vum beléiften Detektiv. De Sherlock Holmes ass allerdéngs net nëmmen op der Tëlee present, mee och an enger Rei Hollywood Filmer. De Personnage, deen 1886 vum Schrëftsteller Sir Arthur Conan Doyle erfonnt gouf, ass och no bal 130 Joer nach ëmmer beléift. Erklärungen.

France Ewen / ckl

auto_stories

3 min

De Bran Nicol no gëtt den Holmes an der BBC-Serie kloer an eng Welt gesat, déi vun haut ass

Eng Kap, eng Päif, an d'Adresse op 221 B Baker Street. Kloer, et geet em de Sherlock Holmes. De scho bal emotiounslose Brit ass e Bild vun engem Privatdetektiv. Zesumme mat senger rietser Hand, dem Dr Watson, huet de Personnage fréi eng Abberzuel vu Lieser begeeschtert, bis haut. 

De Bran Nicol ass Literaturprofesser op der Universitéit vu Surrey an huet sech vill mam Sherlock Holmes a senger Welt beschäftegt. Hie beschreift d'Geschichten als "eng komesch Mëschung tëscht Fantasie a Gotik". "De Coan Doyle huet d'Geschichten als een Exercice gesinn, deen eng wëssenschaftlech Method demonstréiert. An all Geschicht schreift de Watson déi eenzel Fäll op a presentéiert se sou dem Liesen", sou de Bran Nicol. 

De Sherlock Holmes an enger Welt vun haut

De Sir Arthur Conan Doyle huet de Sherlock Holmes an den Dr Watson a véier Romaner a 56 Kuerzgeschichte mysteriéis Fäll léise gelooss. D’Geschichte vum Sherlock Holmes kruten an de leschte bal 130 Joer allerdéngs ëmmer nees e Make-Over a goufen adaptéiert. D'BBC-Serie mat den Acteure Benedict Cumberbatch a Martin Freeman ass esou e Beispill. 

Mee huet de Setting vun enger Serie, déi haut spillt, iwwerhaapt eppes mam Sir Arthur Conan Doyle senge Romaner aus dem spéiden 19. Joerhonnert ze dinn? De Bran Nicol no gëtt den Holmes op der BBC kloer an eng Welt gesat, déi vun haut ass. D'London wat do ze gesinn ass, ass e modernt London, e proppert London, wäit ewech vum Niwwel, dee mer an den original Geschichte gesinn hunn.

"Seng bizar Aart a Weis a Brillianz maachen hien aus"

De Personnage vum Sherlock selwer, mat sengem schaarfsënnege Charakter an dem Talent fir Detailer ze kombinéieren, huet sech allerdéngs net vill iwwer d'Joeren an den Adaptatioune geännert, mengt de Brant Nicols: "Et bleift dee selwechte Personnage, seng bizar Aart a Weis a Brillianz maachen hien aus. Et ass seng Method, d’Holmes-Method, déi sech aus dem Conan Doyle seng Bicher entwéckelt huet, eng ganz eegesënneg Method fir Fäll ze léisen. Den aktuellen Holmes, dee vum Cumberbatch gespillt gëtt, benotzt des Technik och".

De Sherlock Holmes gëtt net al, op mannst huet een dat Gefill. An datt den Detektiv och haut nach ëmmer beléift ass, huet dem Literaturwëssenschaftler vun der Uni Surrey no och ee Grond: als Lieser verléiert een sech gär a Mystèren, an där léist den Holmes der jo ganz vill.

"You know my methods, Watson"

"Mir sinn och net frou mat Ongerechtegkeet a Leit déi eppes  ze verstoppen hunn, an dëst kréie mer an de Geschichte presentéiert", sou de Bran Nicols. Doriwwer eraus faszinéiert den Holmes selwer als Personnage: "Hien ass selwer eppes wéi ee Rätsel".

De Professer ass der Meenung, datt d’Beléiftheet vum Detektiv aus der Baker Street och an den nächste Joerzéngten net wärt ofhuelen. D'Panoplie u modernen Interpretatioun vum Sherlock Holmes hätte gewisen, datt d’Geschichten excellent kennen an eis Zäit adaptéiert ginn. "Et ass virun allem dem Holmes seng wëssenschaftlech Cleverness déi an eis modern a wëssenschaftlech Welt passt. An ech mengen eis Welt wärt sech weider esou entwéckelen."

Wei seet de Sherlock: "You know my methods, Watson"