Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Sozialdialog zu Lëtzebuerg

Sachbicher

De Sozialdialog zu Lëtzebuerg

An deene leschte Jore war nees vill rieds vum Sozialdialog a vun der Kris vum sougenannte Lëtzebuerger Modell. Eng Kris, déi sech am Kontext vun der Covid-Pandemie nach verschlëmmert hätt. Mee wat versteet een eigentlech ënner Sozialdialog a gëtt et tatsächlech ee "Lëtzebuerger" Modell? Dës Froen abordéiert de Soziolog Franz Clément an sengem rezente Buch "Le dialogue social au Luxembourg". Eng Buchbespriechung vum Mohamed Hamdi.

auto_stories

6 min

"L'idée qu'il existe un 'modèle' dans ce pays semble bien relever du fait acquis, ne prête pas sujet à controverse, est considérée comme un élément établi une fois pour toutes sans qu'il y ait besoin d'apporter à l'existence de ce prétendu modèle quelque justification que ce soit."

Dat stellt de Franz Clément a sengem neie Buch fest. Zanter mëttlerweil 25 Joer fuerscht de geléierte Soziolog am LISER un den Dynamike vum Sozialdialog zu Lëtzebuerg. Am Verglach mam Ausland wier deen éischter ongewéinlech a géif awer - am Géigesaz zu Länner ewéi Frankräich - erstaunlech gutt funktionéieren.

Zumindest war dat de Fall ier d'Finanzkris 2008 an Europa ukomm ass. Zanterhier géifen d'Sozialpartner net méi zesummen un engem Dësch sëtzen an d'Verhandlungen hätte sech anescht ewéi virdrun op bilateraler Basis gemaach, sou den Auteur.

Véier grouss Acteuren

Alles an allem identifizéiert de Franz Clément véier grouss Acteure vum Sozialdialog zu Lëtzebuerg. Op der enger Säit sinn d'Organisatiounen déi d'Interessie vum Patronat vertrieden - notamment d'FEDIL, d'UEL an d'ABBL. Op där anerer Säit sinn d'Gewerkschaften, déi d'Aarbechter a Fonctionnaire representéieren.

Zu Lëtzebuerg ass d'Gewerkschaftsfräiheet réischt 1936 gesetzlech garantéiert ginn, och wann et op d'mannst zanter 1916 scho Lëtzebuerger Aarbechterorganisatioune gi sinn. De Schutz vun den Aarbechter ass nom Zweete Weltkrich nach eemol an internationale Verträg gestäerkt ginn - sou z.B. an der Convention Internationale du Travail vun 1949, déi Lëtzebuerg néng Joer méi spéit ratifizéiert huet.

Déi dräi wichtegst Gewerkschaftsorganisatioune vun haut sinn d'OGB-L an den LCGB fir de Privatsecteur souwéi d'CGFP, fir den ëffentlechen Déngscht. Interessanterweis gëllen net iwwerall déi selwecht Rechter - sou ass et de Fonctionnairen a bestëmmte Beräicher vum ëffentlechen Déngscht verbueden an de Streik ze goen.

Den drëtten Acteur ass natierlech de Staat, deen d'Roll vum Arbitter anhëlt an d'Allgemengwuel am A behält.

Nieft dësen dräi Sozialpartner gëtt et schliisslech nach ee véierten Acteur, deen dacks iwwersi gëtt - an zwar d'Beruffskummeren, déi d'Interessie vun de verschiddene Beruffssparte verdeedegen. Déi fënnef Kummeren déi zu Lëtzebuerg existéieren, hunn d'Recht hiren Avis iwwert Gesetzesvirschléi ofzeginn a kënne soumat een Afloss op legal Décisiounen hunn.

Institutioune fir de Sozialdialog

Déi bekanntsten Institutioun, déi de Sozialdialog garantéiere soll, ass de Comité de Coordination Tripartite - oder einfach just Tripartite. Dës Institutioun ass als Konsequenz vun der Stolkris gegrënnt ginn an huet an de 70er Joren d'Vertrieder vum Patronat, vun de Gewerkschaften a vun der Regierung un een Dësch ze bréngen an zesumme Léisungen aus der Kris ze fannen. D'Tripartite existéiert haut nach, obwuel d'Institutioun just als temporär Mesure geduecht gi war.

"L'instrument né de la crise ne devrait pas disparaître avec elle puisqu'il serait l'expression d'une plus grande démocratisation de nos structures économiques et sociales."

D'Tripartite huet mat de Joren eng Eegendynamik entwéckelt an seng Kompetenzen erweidere kënnen. Mee se ass haut beim wäitem net déi eenzeg Institutioun, déi zu Lëtzebuerg eng sozial Harmonie assuréiere soll. De Franz Clément zielt der alles an allem aacht op an erkläert, wat déi eenzel Institutioune vuneneen ënnerscheet.

Nieft der Tripartite geet hie méi am Detail op de Conseil Économique et Social an - oder kuerz CES. Dës Institutioun ass méi al ewéi d'Tripartite a steet der Regierung bei der Entwécklung vun der genereller wirtschaftlecher Orientéierung bäi. D'Aufgabefeld vun der CES beschränkt sech net just op de nationalen Niveau, mee adresséiert och regional a supranational Froen.

D'Tëschespill vu nationalen, regionalen an europäeschen Institutioune gëtt an der Politikwëssenschaft als Multi-Level Governance bezeechent. Och wann de Franz Clément sech net explizitt op dës Konzepter berifft, sou ass säi Buch ee gutt Fallbeispill vun de komplexen Entscheedungsstrukturen, déi sech zanter dem Enn vum Zweete Weltkrich an Europa gebilt hunn. D'Buch geet soumat iwwer de nationale Kader eraus, och wann de Franz Clément sech op de sougenannte Lëtzebuerger Modell konzentréiert.

Besonnesch interessant ass dat lescht Kapitel, dat ëm d'Frontalieren dréint. Hei ënnerscheet sech de Lëtzebuerger Sozialdialog wuel am meeschte vu Modeller am Ausland - wat sech natierlech doduerch erkläert, datt - mat der Ausnam vläicht vun der Schwäiz - keen anert Land därmoossen op auslännesch Aarbechtskraaft ugewisen ass.

Dofir kënnen zu Lëtzebuerg och net-Lëtzebuerger an de Conseil économique et social an an d'Beruffskummere gewielt ginn. Auslännesch Aarbechter, déi net zu Lëtzebuerg wunnen, kënnen also een direkten Afloss op innepolitesch Decisiounen huelen an och op d'Ausriichtung vu nationale Gesetzer - eng eemoleg Situatioun an Europa.

Et feelt d'Analys

D'Buch bitt ee gudden Iwwerbléck op déi verschidden Acteure vum Sozialdialog zu Lëtzebuerg a stellt déi wichteg national Institutioune vir. Op der Basis vun de ville Gesetzestexter, erkläert de Franz Clément wat hir Limitte sinn, wou sech hir Kompetenzen ënnerscheeden a wou si sech iwwerschneiden.

Déi grouss Schwächt ass awer, datt d'Buch virun allem deskriptiv ass a keng richteg Analys liwwert. Den Auteur beschränkt sech gréisstendeels dorop, de juristesche Kader ze erklären, lëscht Gesetzestexter op a geet am Detail op déi verschidde legal Ännerungen an, déi am Laf vun de Joerzéngten ëmgesat goufen.

Eng historesch Kontextualiséierung sicht een awer vergiewens. Dobäi wier et interessant gewiescht ze wëssen, wéi a wisou d'Institutiounen an d'Gesetzer entstane sinn a wéi eng Argumenter an den ëffentlechen Debatte gebraucht goufen.

Grad ee Bléck an d'Vergaangenheet hätt gehollef, de reellen Impakt vun de Sozialmesuren ze moossen. De Belsche Verlag Larcier, an deem d'Buch vum Franz Clément erauskomm ass, huet sech op juristesch Froe spezialiséiert. Deementspriechend mécht et och Sënn, datt den Auteur sech virun allem op legal Aspekter konzentréiert. Mee ouni den historesche Kontext an deem d'Gesetzer gestëmmt oder geännert gi sinn, kann ee kee Gesamtbild vun der Problematik kréien. Dësen historesche Kontext fënnt een am Buch néierens.

Eng historesch Kontextualiséierung hätt dem Franz Clément seng Analys net just méi komplett gemaach, mee sécherlech och méi verdaulech. Plazeweis kënnt engem d'Buch vir ewéi eng Oplëschtung vu Gesetzesartikelen a liest sech dofir just mat enormer Ustrengung, och wann dem Auteur stilistesch näischt virzewerfen ass.

E puer wichteg Froe gi weiderhin iwwerhaapt net behandelt. Wat ass z.B. d'Plaz vun der Chamber am Lëtzebuerger Modell a wat waren d'Reaktioune vun den Deputéierten, wéi d'Tripartite an de 70er Joren Negociatiounen entaméiert huet, ouni d'Chamber mat anzebannen? De Lieser gëtt doriwwer näischt gewuer.

Wie sech fir juristesch Spezifizitéite vum Sozialdialog zu Lëtzebuerg interesséiert fënnt hei genau dat, wat e sicht. Fir all déi Aner, wäert d'Buch - mat der Ausnam vu vereenzelte Kapitelen - wuel éischter wéineg zefriddestellend sinn.